Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck
Neiegkeeten

Berlin zitt seng Truppe aus der Tierkei zréck

Gëschter huet déi däitsch Regierung beschloss, seng Truppe vun der

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm
Neiegkeeten

Déi Hollännesch Gemengewahlen fanne sech am Schied vum Geheimdéngschtreferendum erëm

12 Millioune Wieler wielen hir Vertrieder an 380 Gemengen. Dem

cool
D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen
Neiegkeeten

D‘Landwirtschaft net de falschen Hänn iwwerloossen

D‘Plattform „meng Landwirtschaft“ huet um Dënschdeg seng Fuerderunge fir d‘Chamberwahle

Gefälscht Rechnunge léise kee Problem, mee schaaft neier

Jonk Fra hat de Warnschoss bei der éischter Veruerteelung net héieren

Gefälscht Rechnunge léise kee Problem, mee schaaft neier

Et ass net fir d‘Éischt, datt dës 33 järeg medezinesch Sekretärin op der Uklobänk muss Plaz huelen. Si war 2016 eng éischte Kéier veruerteelt ginn, well si 316 Dokteschrechnunge gefälscht hat. Datt zur Widderhuelung komm ass, dat sollt si e Freideg dem Geriicht erklären…

Villes hat déi jonk Fra, déi Berodungsresistent ze si schéngt, dem Riichter net als Äntwert ze bidden, wéi dësen no enger Erklärung gefrot huet. Ausser engem gehauchten „Et deet mir leed“, hat déi Beschëllegt näischt zur Fälschung vun dräi „neien“ Dokteschrechnungen ze soen.

Zum Zäitpunkt vun de Faiten, huet déi medezinesch Sekretärin am Déngscht vun zwee Doktere gestanen. Si muss et fir eng gënschteg Geleeënheet gehalen hunn, an huet d‘Ënnerschrëft vun den Dokteren „nogemaach“, de Stempel dropgemaach an d‘Rechnung als „bezuelt“ markéiert.

Uschléissend huet si d‘Rechnungen op der Gesondheetskeess (CNS) agereecht, déi dës dann och rembourséiert huet. De Schued: 1.253 Euro. De Grond fir d‘Dot: Scholden. D‘Konsequenz: bis zu 15 Méint feste Prisong. Ëmmerhin ass et net der Fra hiert éischt Verbriechen…

Vertrauensmëssbrauch an Déifstall

D‘Fra déi no der Scheedung „elengerzéiend“ ass, huet ugi mat enger Schold an héicht vun 150.000 Euro net méi eens ze ginn. E Prêt deen si nach zesumme mat hirem Mann gemaach hat, en neien Auto a weider „Klengegkeeten“, hätten si zu dëser „dommer“ Dot, déi si bedauert, gedriwwen.

Iert si hirer Affekotin d‘Wuert iwwerlooss huet, konnt d‘Fra déi ouni Aarbecht ass, dem Geriicht nach matdeelen, datt si aktuell a psychologescher Behandlung ass. D‘Defense huet d‘Scholden nach emol opgelëscht: 70.000 € wëll d‘CNS, 40.000 € den Dokter, an dann d‘Amende aus 2016…

Zum Fälschungsvirworf kënnt nach d‘Beschëllegung, datt si 442 Euro aus der Keess gezoppt hätt. Boergeld, vun deem e Patient behaapt et der Sekretärin ausgehänndegt ze hunn. Géintiwwer dem Geriicht huet hien ausgesot, dräi Consultatioune gehat, awer ni eng Rechnung kritt ze hunn.

De Parquet fuerdert an dësem däregen Dossier 15 Méint feste Prisong an eng Geldstrof. Hei gëtt argumentéiert, datt d‘Fra trotz enger Veruerteelung, de Schoss net schéngt gehéiert ze hunn, a genee déi selwecht Prozedur ugewannt huet, fir déi se bestrooft ginn ass. Dozou kënnt den Déifstall…

Ähnlech Sujeten Déifstall, Gefälscht Rechnungen, Geriichtsverhandlung, Gesondheetskeess, Medezinesch Sekretärin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel