Search

You may also like

Dem Trump seng Aussepolitik (eng Erklärung)
International Neiegkeeten

Dem Trump seng Aussepolitik (eng Erklärung)

Fir de Locataire am Wäissen Haus, leeft et aussepolitesch den

NATO: Visitt vum Generol André Lanata zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

NATO: Visitt vum Generol André Lanata zu Lëtzebuerg

Gëschter huet de Generol vun der franséischer Loftwaffe an alliéierten

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Chamberwahlen: d‘Empfeelung vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg

Am Virfeld vun de Parlamentswahlen, déi iwwert déi politesch Majoritéitsverhältnisser,

Rapp a Klapp am Kaukasus

No schwéiere Gefechter zu Berg-Karabach huet Armenien d‘Krichsrecht verhaangen

Rapp a Klapp am Kaukasus

Tëscht dem Aserbaidschan an Armenien huet et scho länger gekriselt an elo hunn d‘Waffen an der Regioun Berg-Karabach d‘Wuert ergraff. D‘Aserbaidschaner hunn uginn eng Offensiv gestart ze hunn a melle schonn e puer Erfolleger. Si hunn eng Rei Dierfer laanscht Grenz eruewert. Säitens den Armenier heescht, datt een zwee Helikopter an Dronen ofgeschoss hätt…

Karabach

Armenien huet no zolidd militäreschen Ausenanersetzunge mam Noper Aserbaidschan an der Konfliktregioun Berg-Karabach de Krichszoustand ausgeruff an d‘Mobiliséierung verkënnt. De Regierungschef Nikol Paschinjan huet an der Haaptstad Eriwan erkläert, datt ab Mëtternuecht de Krichszoustand gëllt an Ausgangsspären an verschiddene Regioune vum Land agefouert ginn.

Nach iert de Nikol Paschinjan seng Leit informéiert hat, hat Aserbaidschan eng Militäroperatioun géing Berg-Karabach annoncéiert. Aus dem aserbaidschanesche Verdeedegungsministère heescht et, datt d‘Arméi an der Regioun sechs Dierfer befreit huet. Fënnef am Bezierk Fizuli an eent am Bezierk Jebrail. Beim Ugrëff solle 16 armenesch Zaldote gestuerwen an honnerte blesséiert gi sinn.

Karabach

Aus dem Aserbaidschan heescht et, datt si fënnef Affer an eng Grappvoll Blesséierter ënnert hiren Truppen ze bekloen hunn. D‘Rout Kräiz bestätegt datt et och affer ënnert der Zivilbevëlkerung ginn huet, genee Zuele konnten zur Stonn nach keng virgeluecht ginn. D‘Haaptstad Stepanakert wier och beschoss ginn, an d‘Leit sollten sech a Sécherheet bréngen, esou d‘Autoritéite vu Berg-Karabach

Scholdzouweisungen

Entspriechend den Duerstellunge vu Baku an Eriwan gëtt zur Stonn nach gekämpft. Op Facebook huet de Nikol Paschinjan geschriwwen, datt de Beschoss vun aserbaidschanescher Säit um Sonndeg Mueren ugefaangen huet. Aus dem armenesche Verdeedegungsministère gëtt d‘Verantwortung fir d‘Kämpf kloer un déi politesch Leedung vum Aserbaidschan verwisen. Si hätten ugefaangen…

Karabach

Och u Propaganda feelt et net. Déi Armenesch Arméi huet uginn zwee Helikopter an Drone vum Himmel geholl ze hunn, och dräi géigneresch Panzer sollen neutraliséiert gi sinn. Aussoen, déi vu Baku dementéiert goufen. Baku weist och nach drop hin, dat et sech bei den Ausenanersetzungen ëm eng Géigenoffensiv un der Frontlinn handelt, déi vun Armenien provozéiert ginn ass.

Schonn am Juli war et un der Grenz vun de sech feindlech gesënnte „Republiken“ zu heftegen Ausenanersetzunge komm. Sengerzäit awer nach honnerte Kilometer nërdlech vu Berg-Karabach ewech. D‘Armenier vertrauen op d‘Ënnerstëtzung vu Moskau. Russland huet an der Regioun dausenden Zaldoten a masseg Krichsgeschir stationéiert. Mee d‘Russe sinn a gudder Gesellschaft.

Karabach

Esou huet och Aserbaidschan ee gutt opgestallte „Partner“. Baku gëtt vun Ankara gestäipt, wou de Recep Tayyip Erdogan nach ëmmer den Dram vun neien osmanesche Räich dreemt. D‘Tierkei werft den Armenier vir internationaalt Recht verletzt ze hunn a verurteelt den „armeneschen Ugrëff“ op dat schäerfst. Ankara huet sech dann och ganz oppen als Alliéierte vum Aserbaidschan erkläert.

Eppes Geopolitik

Wann een et streng Vëlkerrechtlech betruecht, gehéiert déi vun den Armenier kontrolléiert Regioun Berg-Karabach zum islamesch gepräägten Aserbaidschan. Allerdéngs haten d‘Aserbaidschaner an engem Krich nom Zesummebroch vun der Sowjetunioun d‘Kontroll iwwert deen Deel verluer, an deem armenesch Chrëschte gewunnt hunn. Zanterhier gëtt sech op der Plaz regelméisseg erschoss.

Karabach

Eigentlech gëllt zu Berg-Karabach zanter 1994 eng gewësse Wafferou, woubäi sech eigentlech keng vun de Konfliktparteie jeemools seriéis dru gehalen hätt. Meeschtens hu sech dës Operatiounen op kuerz Phase begrenzt. 2016 allerdéngs hat et nees esou richteg gerabbelt, honnerten Ziviliste ware bei dëse Kämpf ëm d‘Liewe komm. Grouss Schlagzeilen hat de Konflikt awer keng gemaach.

Zu Bréissel appelléiert den EU-Rotspresident Charles Michel béid Säiten d‘Gefechter direkt ze beendegen. Op Twitter huet hie sech besuergt gewisen a verlaangt d‘Opnam vu Verhandlungen ouni Virbedéngungen. D‘Europarot-Generalsekretärin Marija Pejcinovic Buric erënnert drun, datt béid Länner, wéi si sech dem Europarot ugeschloss hunn, sech verflicht hu Konflikter friddlech ze léisen.

Karabach

En Appell deen esou indirekt vu Moskau gestäipt gëtt. Esou hätt Russland béid Länner un d‘Häerz geluecht d‘Kampfhandlungen an der Regioun Berg-Karabach zäitno anzestellen. De russeschen Ausseminister Sergej Lavrov soll um Sonndeg intensiv Gespréicher mat béide Säite gefouert hunn, esou déi offiziell Ausso. Op dat wierkt a wéi séier et nees eng Wafferou gëtt, ass net gewosst.

mat indymedia/mow/bru

Illustratioun: © Ivars Untinans / unsplash

Related topics Armenien, Aserbaidschan, Berg-Karabach, Europarot, Krichszoustand, Russland, Tierkei
Next post Previous post