Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Boris, d‘Angie an de Brexit
Neiegkeeten

De Boris, d‘Angie an de Brexit

E Mëttwoch war de britesche Premierminister Boris Johnson zu Berlin,

Géint d‘Gewalt u Fraen: Tierkesch Police setzt Tréinegas an
Neiegkeeten

Géint d‘Gewalt u Fraen: Tierkesch Police setzt Tréinegas an

Um internationalen Dag géint d‘Gewalt u Fraen a Meedercher gëtt

dislike
Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen
Neiegkeeten

Kobalt a Mënscherechter: Amnesty bewäert déi grouss Firmen

Amnesty International huet haut e Rapport verëffentlecht, an deem eng

Kontroll vun de geféierleche Gidder am Stroossentransport

Kontroll vun de geféierleche Gidder am Stroossentransport

Am Kontext vun enger europäescher Kollaboratioun ënnert der Leedung vum ECR (Euro Contrôle Route), hu Mobilitéitsministère an Douane den 3. a 4. September de 5. ACE (ADR Crossborder Enforcement), also d‘Kontroll vum grenziwwerschreidende Geforentransport, zu Lëtzebuerg de Stroossentransport iwwerwaacht a kontrolléiert.

D‘Kontrollen hunn op den Autobunne stattfonnt, an all Camion dee geféierlech Gidder gelueden hat ass entspriechend de Regelen enger Kontroll ënnerzu ginn. Déi Lëtzebuerger Beamte sinn bei hirem Asaz vun Inspekter aus de Kontrollorganer vun Däitschland, Belsch, Kroatien, Spuenien, Polen, Holland, Rumänien a Frankräich ënnerstëtzt ginn.

Gidder

Kontroll vun de Camionen déi geféierlech Gidder gelueden hunn. © MMTP

Kontrolléiert goufen 59 Gefierer, vun deenen hunn der 32 géint gülteg Regelen/Veruerdnunge verstouss. 9 Camion hu misse festgesat ginn. D‘Verstéiss géint den europäeschen Accord am Bezuch op den Transport vu geféierleche Gidder:

5x keng Beschrëftung; 9x keng Sécherung vun der Wuer; 7x verstouss géint d‘Konformitéit vum Gefier oder der Verpackung; 7x keng schrëftlech Consignen oder Sécherheetsequipement a 4x Gefierer déi aner Infraktiounen opgewisen hunn. Eigentlech a bezunn op d‘Unzuel vun de Camionen déi duerch Lëtzebuerg fueren, e gutt Resultat.

Foto: Kontroll vun de Camionen déi geféierlech Gidder gelueden hunn. © MMTP

Ähnlech Sujeten Douane, Geféierlech Gidder, Geforentransport, Mobilitéitsministère, Transitverkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel