Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Metallesch Fragmenter an der Pizza!
muslim guys dating Neiegkeeten fear dating reddit

good questions to ask before dating someone

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt de Lidl an den

https://moien.lu/top-100-free-dating-sites-in-usa/
muslim guys dating Neiegkeeten fear dating reddit

Parlamentaresche Bilan LSAP: „Gutt geschafft!“

Bei der Virstellung vum parlamentaresche Bilan, konnt sech den LSAP-Fraktiounspresident

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu
muslim guys dating Neiegkeeten fear dating reddit

Editorial: Déi Saach mam Vältesdag als totale Schmu

Säit geraumer Zäit huele verschidden Aktiounsdeeg ëmmer méi u Bedeitung

Geféierlech oder just duerchgeknallt?

US-President erkennt d‘Golanhéichten als israeleschen Territoire un

Geféierlech oder just duerchgeknallt?

Wéi den Donald Trump Jerusalem als Haaptstad vun Israel unerkannt, an och nach d‘Ambassade dohinner geplënnert huet, war d‘Majoritéit vun der Weltgemeinschaft wéineg erfreet, och oder grad well et séier Trëttbrietfuerer ginn huet, déi et den USA gläich gemaach hunn. Elo huet de 45. US-President och déi ëmstridde Golanhéichten eesäiteg an ouni Récksprooch als israelesch unerkannt.

Ongeféier zur selwechter Zäit huet den UN-Mënscherechtsrot eng Resolutioun ugeholl, mat där Israel opgefuerdert gëtt, mam Bau vu Siidlungen an annektéierte Gebidder opzehalen. Dësen Text, dee vill Zousproch fonnt huet, ass erwaardungsgeméiss vun den Interesséierten zréckgewise ginn. Den israeleschen Ambassadeur huet de Gremium vum als „parteiesch“ bezeechent.

US-President

Mee wéi kënnt et zu esou enger Entscheedung? Dat huet de President sengem Haussender „Fox News“ esou erkläert: „Ech hu laang doriwwer nogeduecht. (…) All President viru mir huet mam Gedanke gespillt, ech zéien et elo duerch, dat ass den Ënnerscheet“. Den eigentleche Grond ass wéi esou oft en aneren. Mat dësem „Geste“ hunn d‘USA sech politesch hannert den Netanyahu gestallt.

De Kaddo zum Wahlkampf

Fir den israelesche Premierminister Benjamin „Bibi“ Netanyahu, ass den Tweet vum Donald Trump, mat deem hien Israel d‘Souveränitéit iwwer d‘Golanhéichten zougestanen huet, wäitaus méi wéi en Zeeche vun der Frëndschaft, et ass carrement e Kaddo deen am lafende Wahlkampf net vu Muttwëll ass. Kuerz virum Tweet hat hie mam US-Ausseminister d‘Klomauer besicht.

En Evenement mat vill Symbolkraaft, well virum Mike Pompeo hat sech nach ni esou e „wichtege“ Staatsgaascht bis bei d‘Mauer begleede gelooss. Dat aus engem gudde Grond: Vëlkerrechtlech ass den Usproch vun Israel op d‘Alstad vu Jerusalem, déi während dem 6-Deeg-Krich 1967 besat ginn ass, ni unerkannt. Mee béid Politiker hunn nees fir Biller gesuergt déi ëm d‘Welt gaange sinn.

US-President

De Benjamin „Bibi“ Netanyahu ass wuel en ëmstriddene Staatschef, mee och e Mann mat Manéiere firwat hien dem Donald Trump séier Merci gesot huet. „Hien huet et nees gemaach. Fir d‘éischt huet hie Jerusalem als Haaptstad unerkannt an uschléissend seng Ambassade dohinner verluecht. Dunn huet hie sech aus dem Iran-Deal zréckgezunn, an elo mécht hien eppes historesch genee esou Wichteges: hien erkennt déi israelesch Herrschaft iwwert d‘Golanhéichten un“.

An och den US-Ausseminister huet zu Jerusalem de Medien, an esou der ganzer Welt, säi Chef an héchsten Téin gelueft: „De President Trump huet eng esou couragéiert wéi wichteg Entscheedung fir dat israelescht Vollek getraff. Déi Schluechten déi do geschloen an déi Liewen déi do geaffert goufen, ware vu grousser Bedeitung a wäerten et och ëmmer sinn“, esou de Mike Pompeo.

Den noen Oste reagéiert verschnappt

Während d‘USA seng Frëndschaft mat Israel „zelebréiert“, sinn se am noen Osten iwwert dem US-President säin neierlechen Exkurs „not amused“. Esou eng Entscheedung wéi se den Donald Trump do getraff huet, féiert zu massive Verännerungen an der Regioun. A wien de Milliardär eppes kennt, dee weess dat esou Decisiounen irreversibel sinn. Trotzdeem hunn se reagéiert…

Esou huet de Generalsekretär vun der arabescher Liga (LAS), Ahmed Aboul Gheit, dem Donald Trump geroden: „Iwwerdenkt dës feelerhaft Situatioun, an denkt eeschthaft iwwer déi direkt a spéider Konsequenzen no“. E Message deen, grad wéi de Fototermin bei der Klomauer, éischter Symbolcharakter huet, an vu Washington beschtefalls, wann iwwerhaapt, zur Notiz geholl gëtt.

US-President

Och den tierkesche President, huet sech zum Virfall geäussert. Beimm OIC-Treffen (Organisatioun fir Islamesch Zesummenaarbecht) zu Istanbul, sot hien: „Mir kënnen an dierfen net zouloossen, datt d‘Besetzung vun de Golanhéichte legitiméiert gëtt. (…) Dem Trump seng onglécklech Erklärung huet d‘Regioun un de Rand vun enger neier Kris an neie Spannunge gefouert“, esou den Erdogan.

Syrien ass verständlecherweis och net erfreet, huet awer anersäits weder d‘Moyenen nach d‘Méiglechkeet sech deem ze erwieren, an kann nëmmen trotzeg behaapten: „Dem Trump seng Entscheedung ännert näischt un der Tatsaach, datt de Golan ëmmer syresch an arabesch war, an dat och bleiwe wäert“. Eng reng rhetoresch Ausso wuel, déi an der Regioun awer gedeelt gëtt.

Och soss ass ee „verstëmmt“

Elo drop hinzeweisen, datt een och zu Moskau d‘Entscheedung vum Wäissen Haus net begréisst huet, kéint ee sech spuere gehéiert awer zur Informatioun. Esou huet de Spriecher aus dem Kreml, Dmitri Peskow ze verstoe ginn, datt aus russescher Siicht d‘Golanhéichten ëmmer zum syresche Staatsgebitt gehéieren. Russland ass, wéi den Iran, e wichtege Partner vum Assad-Regime.

Mee et sinn net déi „natierlech Feinden“ eleng, déi dem US-President seng Entscheedung a Fro stellen. Och bei den traditionelle Partner gëtt et wéineg Versteesdemech fir esou onnéideg wéi zäitlech absolut iwwerflësseg Entscheedung. Bréissel huet duerch eng Spriecherin wësse gelooss, datt d‘EU d‘Souveränitéit vun Israel iwwer d‘Golanhéichten net kann unerkennen.

An wann den Donald Trump seng Entscheedung elo och nach formaliséiert – dorunner bestinn net wierklech Zweiwel – verstéisst hien einfach emol géint eng Resolutioun, déi d‘USA 1981 selwer am UN-Sécherheetsrot duerchgesat haten. Mee de Milliardär ass engersäits net gutt op d‘UNO ze schwätzen, anersäits hält hien dëse Veräi fir net méi Zäitgeméiss. Wat „déi soen“ ass also egal…

Wat een zu de Golanhéichte wësse sollt

Geographesch gesinn, ass de Golan e risege Fielsplateau deen uewerhalb vum Séi Genezareth am Norde vun Israel geleeën ass. Am 6-Deeg-Krich (1967) wou sech Syrien un der Zerstéierung vun Israel bedeelege wollt, hat et der zolidd laanscht d‘Bake ginn. Schwéier ëmkämpft déi strategesch wichteg Golanhéichten. De Géigner war net op der Héicht an esou ass den 1.150 Quadratkilometer grousse Biergplateau 1981 formell annektéiert ginn.

Vun de Vereenten Natiounen ass d‘Annexioun ni unerkannt ginn, an esou kann e behaapten, datt no internationalem Recht, d‘Golanhéichten als besate Gebitt ze betruechte sinn. Et wier een allerdéngs schlecht berode gleewen ze wëllen, datt no 50 Joer Israel gewëllt wier, dem „Feind“ déi begierte Golanhéichten zréckzeginn. D‘Gebitt ka schonn aus militärescher Siicht net méi opgi ginn.

US-President

Woubäi Israel och wirtschaftlech net méi op d‘Golanhéichte verzichte kann. Hei gëtt et wichteg Waasserquellen, déi vun der israelescher Regierung gehitt a bis op d‘Äusserst verdeedegt ginn, wann et misst sinn. 1973, am „Jom Kippur“ Krich war et de Syrer kuerzzäiteg gelongen Deeler vun de Golanhéichten zréckzëerueweren. Si goufe kuerzerhand nees vun Tsahal verjot, an eppes méi spéit hunn d‘Vereenten Natiounen d‘Blohelmer an d‘Regioun geschéckt,

Säit 1974 iwwerwaachen eng Dausend Blohelmer aus néng Natiounen (esou zumindest déi lescht Zuele vun der UNDOF-Missioun) an enger 243 Quadratkilometer grousser „Pufferzon“ de Respekt vum Waffestëllstand tëscht béide „Noperen“. De syresche Biergerkrich, an déi onmëttelbar an der Noperschaft „installéiert“ iranesch Militäreenheeten, droen net zur Berouegung bäi. Elo liewen op dësem Territoire awer haut nach eng 25.000 Drusen, déi sech selwer nach ëmmer als Syrer gesinn.

mat indymedia/was/tlv/hfa

Foto: © J.D.Farag (Archiv)

Ähnlech Sujeten Benjamin Nehanyahu, Donald Trump, Golan, Golanhéichten, Mike Pompeo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel