Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?
common early dating mistakes

BnL: Ee Bléck hannert d’Kulisse gefälleg?

D’Lëtzebuerger Nationalbibliothéik (BnL) wäert an Zukunft guidéiert Visitte fir Privatleit

dating website are
common early dating mistakes

dating eesti keeles

Bei schéinstem Wieder, war en Donneschdeg de neie Pavillon am

money
Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur
common early dating mistakes

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen

Geféierlech Stroossen

Nieft enger Rei agezunne Führerschäi gouf et och zwee déidlech Accidenter

Geféierlech Stroossen

Et ass e battere Bilan, deen d‘Police ze verkënnegen hat: een déidlecht Accident um Hareler-Poteau an eent zu Esch-Uelzecht. D‘Affer waren 21, respektiv 24 Joe jonk. Mee och Alkoholkontrollen hat et ginn, an hei gouf et vum Protokoll iwwert d‘beschlagnahm vum Gefier oder dem Verloscht vum Führerschäin déi ganz Palett.

Fir 21 järegen Automobilist um Hareler-Poteau, deen ëm Samschdegmueren no fënnef Auer, aus bis ewell nach ongekläerter Ursaach d‘Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet, koum all Hëllef ze spéit. De jonke Mann wier an e Bam gerannt an déi alarméiert Rettungsdéngschter konnten, emol der Plaz nach just den Dout vum Mann feststellen. Et soll bei dëser Persoun ëm en Awunner vu Bauschelt handelen. D‘Streck tëscht Bauschelt a Béiwen war gespaart gi fir d‘Enquête net ze behënneren.

E Samschdeg an der Nuecht, kuerz no 23.30 Auer sollt e 24 Joer jonke Motocyclist, dee um Blvd. Charles-de-Gaulle zu Esch-Uelzecht ënnerwee war, mat engem Auto kollidéieren. De Mann ass nach op der Plaz u senge schwéiere Verletzunge gestuerwen. Detailer zum Accident gëtt vun offizieller Säit nach keng. D‘Achs Blvd. Charles-de-Gaulle a Richtung Kreesverkéier Raemerech huet awer och misse gespaart ginn. Op der Plaz waren de Miess- an Erkennungsdéngscht…

Ze déif an d‘Glas gekuckt

Schonn e Freidegowend waren der Police méi Gefierer gemellt ginn, déi am „Zickzack“ ënnerwee waren. Esou beispillsweis zu Useldeng, wou am spéiden Nomëtteg (17.40 Auer) an tëscht dem Sennengerbierg a Nidderaanwen am spéiden Owend (22.45 Auer) jeeweils méi genee gepréift huet misse ginn. A béide Fäll war den Test positiv, d‘Autoe goufen immobiliséiert, e Protokoll ass och erstallt ginn, an d‘Führerschäiner hunn d‘Beamten och direkt emol agezunn.

Den „éischte Präis“ geet op Beetebuerg, wou d‘Polizisten um 3.00 Auer bei enger Kontroll hu misse feststellen, datt de Pilot net nëmmen seng Liewer iwwerstrapazéiert hat, mee och net iwwert déi noutwenneg Lizenzen am Handschufach leien hat. Och hei ass d‘Gefier séchergestallt, e Protokoll erstallt an de Führerschäin agezu ginn. Schonn an der Nuecht vun Donneschdeg op Freideg, haten d‘Poliziste mat esou onverstännege wéi geféierleche Personnagen ze dinn.

Esou eng Kéier kuerz virun 20 Auer am Kreesverkéier tëscht Lenzweiler a Wëntger, wei op der Streck Maarnech-Klierf. Och hei gouf et de ganze „Package“. E Panzvollist hätt dogéint um 2.30 Auer an der Stad ëm en Hoer zu weideren Affer am Stroosseverkéier bäigedroen. D‘Beamten hu gutt reagéiert an uschléissend de Mann a säi Gefier aus dem Verkéier gezunn. Eise leschte Fall féiert eis nees op Esch, wou géint 3.00 Auer en Automobilist hannert der Police „hirgeschlach“ ass. Deen hu si kontrolléiert an och hei: Protokoll, Immobilisatioun a Führerschäin agezunn.

Foto: Petra Bosse/Pixabay

Ähnlech Sujeten Accidenter, Alkoholkontroll, Doudesaffer, Police, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel