Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen
Neiegkeeten

De Konsumenteschutz kritiséiert geplangte Stroum- a Gaspräiserhéijungen

Schonn am Januar hat de Konsumenteschutz (ULC) déi Ufank vum

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!
Neiegkeeten

Sommet vu Wladiwostok: Garantie fir Nordkorea!

Et war dat éischt Treffen tëscht dem russesche President, Vladimir

surprise
Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun
Neiegkeeten

Viru 40 Joer: déi iranesch Revolutioun

An de Kannerae vum Mohammad Hassan Sharifizadeh huet d’Revolutioun, déi

Geféierleche Stroosseverkéier: d‘CSV geet an d‘Offensiv

CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen setzt Transportminister François Bausch ënner Drock

Geféierleche Stroosseverkéier: d‘CSV geet an d‘Offensiv

Datt d‘CSV sech op eng méi konkret Oppositiounsaarbecht – also där enger déi kengem entgoe kann – huet missen astellen, war scho virum Nationalkongress vu Mutfert bekannt. Wéi dat sech duerstelle kann, huet déi energesch a politesch héich motivéiert Fraktiounscheffin demonstréiert.

77 Doudeger sinn am Stroosseverkéier tëscht 2019 an 2017 ze verzeechnen. Mënschen déi bei der Begéinung mat engem Bam de Kierzere gezunn hunn. Dat ass eigentlech och fir Lëtzebuerg eng zimlech iwwerschaubar Zuel, mee eegent sech trotzdeem fir um Krautmaart, de Minister François Bausch an d‘Defensiv ze zwéngen. An d‘Martine Hansen hat e puer bësseg Froen um Ziedel…

Si wëll vum Transport- an Infrastrukturminister wësse n, wat den Audit zur Sécherheet vun deene Streckenofschnëtter mat Beem laanscht d‘Strooss erginn huet. D‘Martine Hansen huet sech och verwonnert doriwwer gewisen, datt nach ëmmer Beem ze no un Stroosse geplanzt ginn (150 cm) a weist drop hin, datt et bei eisen däitschen Noperen an dësem Zesummenhang Moossname gëtt.

Dofir hätt Berlin schonn 2014 eng grondleeënd Entscheedung zur Sécherheet geholl: esou musse Beem laanscht Landstroossen e Sécherheetsofstand vun 7,5 / 4,5 Meter (fir Stroossen op deenen d‘Vitesse op 100 Km/H / 70 Km/H) zur Strooss anhalen. De Minister ass an dësem Zesummenhang dann och iwwert d‘Installatioun vun de Leitplanke befrot ginn, a wou een domatter drun ass.

Aktuell sécher, mee nei ass de Sujet net

Fir de François Bausch ass d‘Interventioun vun der Oppositioun verständlech, awer net wierklech nei. Natierlech wier et him als Transportminister net geheier, wann en Drëttel vun den déidlechen Accidenter zu Lëtzebuerg un engem Bam hänke bleiwen, an do wieren déi schwéier Blesséiert nach net emol opgezielt ginn. Et géif sech awer scho fënnef Joer laang mam Thema beschäftegt.

Konkret heescht dat, datt all eis Stroossen op hir „Geforen“ an „d‘Heefegkeet vun den Accidenter“ gepréift ginn. Wou et néideg wier, sollen d‘Beem laanscht d‘Strooss verschwannen. „Mir hunn an de leschte Jore schonn eng beträchtlech Unzuel u Beem ewechgeholl“, esou de Minister. Hie mécht awer opmierksam op de Fait, datt ee se net all – vun deenen eng Gefor ausgeet – ausrappe kann.

Et géif „klasséiert“ Beem, an et gëtt där Beem déi a geschützten Naturzone stinn. Déi hees de net esou séier ëm, do gëtt et Reegelen un déi sech ze halen ass. Dofir léich jo och de Schwéierpunkt op der Installatioun vu séchere Leitplanken, zumindest op deene Plazen, wou de Sécherheetsofstand tëscht Bam a Strooss als ze geréng betruecht ginn. Hei géif un Efforten net gespuert.

De François Bausch, deen duerchaus dem Martine Hansen seng bedenken deelt, wéist awer och drop hin, datt de wiesentlech gréisse Problem d‘Vitesse op eise Stroossen ass. A Verbindung mat engem Bam, huet dat och entspriechend Konsequenzen. Un der Sécherheet – am Kontext vun de Bamalléeën – gëtt awer weider geschafft. Mat méi Radare sollt jo nees méi lues „gerannt“ ginn…

Ähnlech Sujeten Beem, CSV, François Bausch, Infrastrukturministère, Martine Hansen, Oppositioun, Sécherheet, Verkéier, Vitesse
Nächsten Artikel Virrechten Artikel