Search

You may also like

Europäeschen Zesummenhalt an der Kris
International Neiegkeeten

Europäeschen Zesummenhalt an der Kris

Um Donneschdegowend huet et en EU-Sommet vun de Staats- a

Floristen a Gäertner besser ënnerstëtzen
International Neiegkeeten

Floristen a Gäertner besser ënnerstëtzen

Am Virfeld vum Vältesdag besichen d‘Floristen a Gäertner d‘Entscheedungsdréier a

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher
International Neiegkeeten

Bei de Walen a Slowenien hunn déi riets-konservativ d‘Favoritteroll sécher

Haut gëtt a Slowenien e neit Parlament gewielt, an de

D’Doktere warne virun de Gefore vum allsäits beléiften Aluminium

D’Doktere warne virun de Gefore vum allsäits beléiften Aluminium

Mir all benotzen et, mee déi wéinegst Leit wëssen iwwert d’Gefore Bescheed: den Aluminium ass aus der Kichen quasi net méi ewech ze denken, obwuel en immens schiedlech fir d’Gesondheet ass. Zu dësem Entschloss sinn Dokteren a Fuerscher elo komm.

Am Ufank vum 19. Joerhonnert huet den Aluminium säi Wee an den Haushalt vu Millioune vu Mënsche fonnt. Seng Uwendungsgebidder si villfälteg: Verpackungen, Kachrezepter, a souguer medezinesch Kure baséieren op dem Liichtmetall.

Trotzdeem warnen d’Dokteren an deene leschte Jore virun den neurotoxescher Wierkung vun dësem Metall. Ween Aluminium an da Kiche benotzt, bei dem lant de Liichtmetall um Iessteller, well déi kleng Aluminiumstecker sech duerch déi héich Temperaturen opléisen. Verschidde Gewierzer oder Zitrounejus kennen och eng Extraktioun vun den Aluminiumdeelercher bewierkstellegen. Och hei gëllt: Desto méi grouss d’Temperatur ass, desto méi potent ass déi gëfteg Extraktioun.

Aluminium

Den Aluminium huet en negativen Afloss op d’Gehirfunktioun a kann Alzheimer, e Verloscht vum Equiliber, der Kierperkontroll an der Koordinatioun ausléise. Weiderhi kenne beim kache mat Aluminium Stecker an de Schanke peche bleiwen. Dëst feiert zu engem Mangel u Kalzium deen awer onersetzlech ass fir eng gesond Schank. Den Aluminiumspabeier kann och Longenfibros an aner Otemproblemer mat sech bréngen.

D Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) proklaméiert, datt de Mënsch net méi wei 40 mg Aluminium den Dag ophuelen dierf. D’Fuerschung vun der amerikanescher Universitéit zu Sharjah huet awer erausfonnt, datt Liewensmëttel, déi an Aluminiumspabeier agepaakt, sinn am Schnatt 240 mg Aluminium enthalen. De Chemiker Essam Zubaidy, dee fir déi genannten Universitéit un dem selwechte Projet schafft, erkläert, datt eng Moolzecht déi am Aluminiumspabeier zoubereet ginn ass bis zu 400 mg Aluminium enthale kann. Un dësen Zuele gëtt den Ausmooss vun da Problematik siichtbar.

Grondsätzlech gëllt also: Den Aluminium ass schiedlech fir d Gehir, d Schanken an d Longen. D’Dokteren an d’Fuerscher roden dem gesondheetsbewosste Mënsch dringend den Aluminium beim Kachen op da Säit ze loossen!

Quellen:

 

 

Related topics Aluminium, Alzheimer, Gesondheet, Kichen, Weltgesondheetsorganisatioun
Next post Previous post