Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung
International Neiegkeeten

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung

Wann Internet-Firmen all är Uploads (Postings, Photoen, Videoen, Zitater asw)

D’informatesch Weiderentwécklung mécht sech fir de SIGI bezuelt
International Neiegkeeten

D’informatesch Weiderentwécklung mécht sech fir de SIGI bezuelt

Héich zefridde Gesiichter hat et leschte Freideg zu Contern ginn,

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada
International Neiegkeeten

Marokko: Minière vum Doud zu Jerada

Zu Jerada, eng vu Gott vergiesse Gemeng am Norde vum

Gëftgasasaz a Syrien: dem UN-Sécherheetsrot bleiwen d‘Hänn gebonnen

Gëftgasasaz a Syrien: dem UN-Sécherheetsrot bleiwen d‘Hänn gebonnen

Um Dënschdeg huet den UN-Sécherheetsrot bewisen, wéi wéineg Entscheedungsspillraum a Muecht d‘Institutioun huet. Esou war et net méiglech e Mechanissem fir d‘Enquête zum Asaz vu chemesche Waffen a Syrien anzeféieren. Et war schlicht net méiglech e Konsens ze fannen.

No de presuméierten Ugrëff mat chemesche Kampfmëttel op Douma, der leschter Stad an der Enklav vun der ëstlecher Ghuta, déi vun de Rebelle gehale gëtt, huet et um UN-Sécherheetsrot en dräifache Vote ginn. Dat kënnt allerdéngs seele vir, huet awer näischt um Resultat verännert. Zwee russesch an een amerikaneschen Text hu virgeleeën, keen dovunner ass ugeholl ginn.

Et war dann och eng opbruechten US-Ambassadrice, déi no der Sëtzung déi direkt Konfrontatioun mam erkläerte „Géigner“ gesicht huet. „Russland huet d‘Kredibilitéit vum UN-Sécherheetsrot zerstéiert“, iergert sech d‘Nikki Haley an füügt bäi: „Et ass eng Farce! Russland ass exzellent opgestallt fir Spillercher ze spillen“. Eng Ausso, déi vum „Géigner“ gekontert ginn ass.

„Dir maacht alt nees e Schratt a Richtung Konfrontatioun, an dir hutt e grousst Talent, wat d‘Menace betrëfft“, esou d‘Äntwert vum russeschen Ambassadeur, Vassily Nebenzia. Hien huet d‘Menace vu Washington gemengt, dat déi lescht Attacken a Syrien mat Gewalt sanktionéiere wëll. D‘USA, Groussbritannien a Frankräich wëllen Damaskus, Moskau an Teheran, zur Verantwortung zéien.

En onméiglecht Gedeessems

Interessant awer och, datt sech Abseits der verbaler Ausenanersetzung a virun der Sëtzung, d‘Nikki Haley an de Vassily Nebenzia, laang an häerzlech d‘Hand ginn hunn. Dat entzitt dem Sujet selwer net seng Sprengkraaft, ënnersträicht allerdéngs, bei all ëffentlech demonstréierter Bereetschaft zum Asaz vu Gewalt, datt keng Zopp esou waarm giess gëtt, wéi se gekacht gouf.

Bei engem éischte Vote huet Russland, als permanente Member vun UN-Sécherheetsrot, emol direkt säi Veto abruecht, an de Resolutiounsprojet vun den USA, fir d‘Aféierung vun engem „onofhängegem Enquête-Mechanissem vun der UNO“ kasséiert. E Projet dee vun 12 Länner gestëtzt ginn ass. Russland a Bolivien hunn dergéint gestëmmt, a China huet sech enthalen.

Am UN-Sécherheetsrot, deen aus 15 Membere besteet, gëllt en Text als ugeholl, wann dee mindestens 9 Stëmmen erhält. Woubäi e permanente Member, mat sengem Veto alles blockéiere kann. An hei ass et dann och schonn déi 12. Kéier, datt Russland bei enger Resolutioun zu Syrien, säit dem Ausbroch vum Biergerkrich 2011, vu sengem Vetorecht gebrauch mécht.

Sechs mol ass et ëm den Asaz vu chemesche Waffe gaangen. Den hollänneschen Ambassadeur, Karel van Oosteroom, bedauert d‘Haltung vun de Russen. Et dierft een esou Doten net onbestrooft loossen. De Vassily Nebenzia kontert: „Mir maache gebrauch vun eisem Vetorecht fir dat internationaalt Recht ze verdeedegen, an de Sécherheetsrot net zu Aventuren ze verleeden“.

„Eis Resolutioun huet d‘Onofhängegkeet vum Enquête-Mechanissem garantéiert, am Géigesaz zum russesche Projet“ betount d‘Nikki Haley, während hire franséischen Homolog, de François Delattre, bedauert huet, datt „de Regimm vun Damaskus ni op den Asaz vu chemesche Waffe géint déi eege Bevëlkerung verzicht huet“.

Beim zweete Vote, ass dunn de Resolutiounsprojet vun de Russen duerchgefall. Moskau hat en aneren Enquête-Mechanissem virgeschloen, deen awer nëmmen d‘Zoustëmmung vu 6 Länner erhalen huet. 7 waren dogéint, 2 hunn sech enthalen. Fir déi westlech orientéiert Vertrieder am UN-Sécherheetsrot, huet de russesche Projet d‘Onofhängegkeet vun der Enquête net favoriséiert.

Net Handlungsfäeg

D‘UNO 2017 konnt d‘Mandat vum JIM (Joint Investigative Mechanism on Chemical Weapons), engem Grupp vun der UNO an der OPWC, wéinst verschidde russesche Vetoen net verlängeren. Also hunn d‘Vereenten Natioune keng Organisatioun méi, déi sech dem Asaz vu chemesche Waffen a Syrien kann unhuelen.

No leschten, vu Schweden reklaméierte Consultatiounen, bei deenen Diplomate wëlle festgestallt datt „alles ronn leeft“, huet et en drëtte Vote zu engem iwwerraschende russesche Resolutiounsprojet ginn. Den Text, mat deem eng Enquête vun der OPWC zu Douma ënnerstëtzt sollt ginn, ass mat 5 Stëmmen derfir, 4 Stëmmen dogéint a 6 Enthalungen ad acta geluecht ginn.

D‘OPWC, mat Sëtz zu Den Haag, huet als Opdrag ze bestätegen, respektiv ze dementéieren, op chemesch Waffen zum Asaz komm sinn, ouni den Utilisateur ze identifizéieren. D‘Organisatioun huet en Dënschdeg dann och matgedeelt, datt si zäitno wäert Enquêteure op Douma schécken. Eng Informatioun, déi de russeschen Ambassadeur geschéckt diplomatesch ausgenotzt huet.

Laut dem Vassily Nebenzia, sollen d‘Enquêteuren „Enn der Woch ukommen“. „Sollt hinnen dat net geléngen, bedeit et, datt verwerflech geopolitesch Manöver bedriwwe ginn, an et aggressiv militäresch Optioune gëtt“, esou den Diplomat. Deem setzt de Fransous, Philippe Delattre entgéint, datt de russeschen Text eenzeg den Zweck soll erfëllen, d‘Spuren ze verwëschen.

Fir déi westlech „Allianz“ bleift eng Missioun vun der OPWC eng Lotterie. Dat well net gewosst ass, wéi en Accès den Enquêteuren erméiglecht gëtt, a net ka séchergestallt ginn, datt net alles gebotzt ass, iert si op der Plaz sinn. Laut syresche Rettungsdéngschter an der Zon vun de Rebellen, wiere beim Ugrëff leschte Samschdeg, 40 Persoune verstuerwen an honnerte verletzt ginn.

mam Philippe Rater/AFP

Foto: De russeschen Ambassadeur Vassily Nebenzia (l) an d‘US-Ambassadrice Nikki Haley (r) hunn sech virun der Sëtzung vum UN-Sécherheetsrot häerzlech begréisst. Beim Vote vun de Resolutiounen hunn sech awer béid Diplomate kee Kaddo gemaach. © Hector Retamal/AFP

Ähnlech Sujeten chemesch Waffen, OPWC, Russland, Syrien, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel