Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet
Neiegkeeten

De betreiten Drogekonsum gëtt politesch begleet

Den 31. Januar hat de Gesondheetsminister, Etienne Schneider (LSAP) eng

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019
Neiegkeeten

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019

Den 12. Dezember huet de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS)

Chaos Computer Club: Ee schwaarzen Dag fir Europa
Neiegkeeten

Chaos Computer Club: Ee schwaarzen Dag fir Europa

De 26ten Mäerz huet d’EU Parlament fir déi geplangte Copyrightreform

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter (CNC) alles soll verbrach ginn, well et jo „Geheim“ ass. Dat huet awer de Premierminister Xavier Bettel (DP) an den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) net dovunner ofgehalen, dëse 16,5 Milliounen Euro schwéiere Projet virzestellen.

De CNC soll bis Mëtt 2021 fäerdeg gestallt ginn, an d‘Aarbechte kommen och gutt virun. Erwaart gëtt de Krisenzenter zanter 2007. Wéi wichteg esou eng Institutioun ass, léisst sech dann och un engem rezente Beispill dokumentéieren. Wéi et am Summer zu de groussen Onwieder komm ass, haten sech direkt e puer „Krisesëtzungen“ tëscht verschidde Ministèren erginn. Dobäi ass op e neits ersiichtlech ginn, datt den ale Sëtzungssall, den Ufuerderungen net gerecht gëtt.

Am neie Krisenzenter, deen sech iwwert 2.000 Quadratmeter Notzfläch erfreeë kann, gëtt zudeem séchergestallt, datt dee permanent operationell ass. Hei kënnt nëmme Spëtzentechnologie zum Asaz. D‘Kommunikatioun gëtt esou geséchert, datt et och méiglech ass, klassifizéiert – also Geheim – Dokumenter duerch d‘NATO-Netzwierk, déi europäesch an national Reseauen ze verschécken.

Den héije Kommissariat fir de Nationalschutz, deen ëmmer dann agräift wann eng Krise muss geréiert ginn, erhält hei och seng nei Adress. Fir dës besonnesch Missioun sinn eng Rei Säll reservéiert. Hei kënnen an Zukunft dann och d‘Direktioun vun der Police an dem CGDIS direkt Verbindunge mat hire Kommandozentralen oprecht erhalen. D‘Roll selwer vum CNC ass eng reng kommunikativ, hei gëtt nëmme koordinéiert. Eng Operationell Funktioun huet den CNC net.

Esouvill zu der Virstellung vun engem Projet deen eigentlech „Geheim“ ass. An de Minister François Bausch bréngt et op de Punkt: „Mir kënnen och net méi derzou soen. Alles muss Geheim bleiwen“. A well et esou geheim eis, musse mir iech elo Bieden, dës Informatioun vertraulech ze behandelen, an net weider ze erzielen…

Ähnlech Sujeten CNC, François "Menn" Dahm, Geheim, Nationale Krisenzenter, Sennengerbierg, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel