Reamenagement vum Boulevard Franklin D. Roosevelt (25.-27.07.2020)
D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéiert, datt am Kader vum Reamenagement
D’Stad Lëtzebuerg an d’Stroossebauverwaltung informéiert, datt am Kader vum Reamenagement
Enges muss een dem Forum bei hirer Diskussiounsronn gëschter loossen:
Am Kader vun enger Etüd déi vum RETEL (Reseau d‘Études
An de Kommissiounen „Justiz“ & „Bannesécherheet“ stoung op der Dagesuerdnung: „Definéieren ënnert wéi enge Konditiounen de Justizministère de Parquet ka bieden e Fichier vun engem Bierger ze iwwerpréiwen, wann dëse beispillsweis e Waffeschäin oder d‘Nationalitéit ugefrot huet“.
D‘Membere vun de Kommissiounen an d‘Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) sinn sech eens, datt am Kader vun der Iwwerpréiwung vun de Gesetzestexter a groussherzogleche Reglementer festgestallt ginn ass, datt d‘Honorabilitéit an d‘Virstrofe vum Generalstaatsanwalt muss gepréift ginn. A bestëmmte Fäll freet also de Justizminister beim Procureur un eng Persoun ze checken.
Dee kuckt sech dann de Casier un, préift ob et lafend Affären um Penal gëtt an op eppes iwwert déi betraffe Persoun an der Protokoller vun der Police steet. An dësem Kontext hunn de Procureur an d‘Ministesch de Kommissiounen erkläert, datt den Zougrëff op d‘Protokoller vun der Police a gewësse Fäll immens wichteg ass, fir eng éierlech Evaluatioun der betraffener Persoun ne maachen.
Wann d‘Deputéiert dann elo och Versteesdemech dofir hunn, datt déi kompetent Autoritéite sollen d‘Méiglechkeet hunn déi lafend Affären um Penal ze kontrolléieren, fir dann hiren Avis ofzeginn, esou sinn der Usiicht, datt de Justizministère säin Avis net soll op klasséiert Affäre stëtzen. Generell gesäit d‘Ministesch dat ähnlech, gëtt awer ze bedenken datt een „Ausnamen“ berécksiichtege soll.
Bei haislecher Gewalt, wou et keng Poursuitte gëtt, ass et gutt „Bescheed“ ze wëssen, besonnesch wann et sech ëm d‘Ufro fir e Waffeschäin handelt. De Procureur huet sengersäits bemierkt, datt et zu enger Iwwerpréiwung vun der Honorabilitéit och nëmmen da kënnt wann et dofir gutt Grënn huet. Esou: wann een eng Handelsermächtegung ufreet, gëtt net gekuckt op een ze séier fiert…
Bei der Sëtzung ass dann och d‘Fro opkomm, firwat et bei enger „Ännerung vum Geschlecht“ oder dem Numm a Virnumm zu enger Iwwerpréiwung vun der Honorabilitéit kënnt. Dat géif domatter zesummenhänken, datt et wichteg ass eng „Spur“ vun der Persoun ze behalen, well jo och därer gëtt, déi aus éischter krimineller Siicht, d‘Personalitéit verännere wéilten.
Sënn an Zweck vun den Entrevue mat den Deputéierten aus de Kommissiounen ass et, dem Sam Tanson déi Informatiounen an Interventiounen unzebidden, déi zur Modifikatioun vun den Texter bäidroe sollen. Dat ganzt natierlech am Respekt vun den aktuellen Dateschutz-Reglementatiounen. Déi grouss Linne vum gesetzleche Kader sollen dann den 20. Dezember presentéiert ginn.
Illustratioun: Pixabay