Search

You may also like

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert
Meenung

USA: Am RoundUp-Prozess gëtt d‘Zomm vum Schuedenersatz revidéiert

E Méindeg huet eng Riichterin vu San Francisco den Uerder

money
Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington
Meenung

Franséisch Digitalsteier mëssfällt Washington

Zu Paräis soll de Senat haut en Digitalsteier-Gesetz beschléissen an

35 Joer Sproochegesetz
Meenung

35 Joer Sproochegesetz

De 24. Februar 2019 ass et 35 Joer hir, datt

Géigewand um Fluchhafen

Géigewand um Fluchhafen

Mat engem eechthaft ze erwaardende Streik vun de Kontroller vun de Fluch-Bewegunge, geschitt am Ländchen eppes Bosseges a kee kritt et wierklech mat. Dobäi geet et beim Kaméidi ëm d‘Privatiséierung vun der Administratioun fir Loft-Navigatioun (ANA) ëm wäit méi ewéi nëmmen ee puer Leit déi hir Aarbecht beim Staat wëlle behalen.

D‘Aglidderung an d‘Luxairport S.A., eng vum François Bausch erzwonge Mesure, gëtt dann och wuel vu Bréissel gewënscht, hätt awer net misse sinn. Déi Männer a Fraen, déi sech mat der Iwwerwaachung vun eisem an engem Deel vum Loftraum an der Groussregioun beschäftegen, droen eng grouss Verantwortung.

Eng Verantwortung, déi een, also ech gesinn dat esou, net einfach emol enger privater Gesellschaft sollt iwwerdroen dierfen. E Punkt iwwregens, wou d‘Kollege vun der Gild an och d‘Pilotevereenegunge mat mir dierften iwwereneestëmmen. Dem Fluchpassagéier sollt d‘Entscheedung vu der Privatiséierung deemno och net egal sinn.

Datt d‘Direktioun vun der ziviller Loftfaart (DAC) entscheet huet, sech sämtlechem Ballast bei Luxairport S.A. ofzeleeën, wier eventuell wirtschaftlech novollzéibar. Datt ënner der Leedung vu Luxairport d‘Paie vun de Kontrolleuren net an d‘Luucht ginn, d‘Aarbechtsstonnen an -konditioune net besser ginn, geet awer zu laaschte vun enger allsäits erwënschten a gefuerderter Sécherheet.

Firwat elo keen, wéi bei de Salariéen aus dem Gesondheetssecteur virun der Chamber steet a jäizt, ass mir perséinlech dann och ee Rätsel. Ass et well et sech hei just ëm ee „puer“ Leit handelt, eng sougenannten onsiichtbar Masse? Ass et well, bis op ganz wéineg Ausnamen, et zu Lëtzebuerg an ronderëm keng Fliger-Accidenter gëtt?

Wéi och ëmmer, a mengen Aen ass et eng Frechheet. Dobäi ass et ganz kuerzsiichteg betruecht. Mee bon, wann da gemengt ass, datt eng Entreprise déi géigesätzlech Interesse vis-à-vis vun deenen huet déi se eigentlech sollte kontrolléieren, elo iwwert eben déi d‘Kontroll kritt, ma da gutt Nuecht.

Ech sti jiddwerfalls hannert de Kontrolleure vun der Loft-Navigatioun. Ënnerstëtzen och hire Streik wann deem net anescht ass. An et wier ee schéine Beweis vu Solidaritéit, wann all déi, wou fir d‘Spidolspersonal, d‘Sozialaarbechter, an iwwerhaapt fir jiddereen op d‘Strooss gaange sinn, sech och hei kéinten uschléissen.

Related topics Lëtzebuerg, Lux-Airport, Sécherheet
Next post Previous post