Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Geet et ëm de Klima oder ëm de Goss? (e Kommentar)
International Neiegkeeten

Geet et ëm de Klima oder ëm de Goss? (e Kommentar)

Nodeems de Claude Turmes e Freideg géintiwwer der Press an

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?
International Neiegkeeten

Ass Albanien um gudde Wee fir an d’EU ze kommen?

Um Dënschdeg war den Ausseminister Jean Asselborn zu Tirana an

KLAXIT: Fir méi Covoiturage zu Lëtzebuerg!
International Neiegkeeten

KLAXIT: Fir méi Covoiturage zu Lëtzebuerg!

Ee Gefier effizient ze notzen, gënschteg a komfortabel vun A

Mexiko: E Renne géint d’Zäit

Mexiko: E Renne géint d’Zäit

Am Renne géint d‘Auer hunn d‘Secouristen hir ganz Kraaft mobiliséiert. Dat an der Hoffnung nach Iwwerliewend aus den Trëmmer ze biergen vun deem wat emol eng Schoul war. Hei hunn 21 Kanner den Doud fonnt. Schold huet e schwéiert Äerdbiewen, dat a Mexiko mindestens 230 Affer gefuerdert huet.

„Ech hu fënnef Kanner gesinn déi nach liewen, mee se si gefaangen. Stëfter aus Eise verhënneren den Zougrëff“, huet um Mëttwochowend e Secourist der AFP d‘aktuell Lag erkläert. 24 Stonnen no der Katastroph leeft den Asaz vun de Rettungsdéngschter wieder op Volltouren.

De Rettungsasaz an deem wat d‘Schoul Enrique Rebsamen war, wäert nach Stonnen an Usproch huelen. An Einfach ass hei näischt: „Déi Stëfter duerchzeschneiden ouni d‘Kanner ze verletzen ass eng delikat Operatioun. Mee d‘Zäit ass begrenzt. D‘Apparater weisen un, datt d‘Häerzschléi schwaach sinn“, betount de Secourist.

Fräiwëlleger waarde fir d‘Relève ze iwwerhuelen an, an den Trëmmer no méiglechen Iwwerliewenden ze sichen. (Mexico-Stad) © Alfredo Estrella/AFP

Trotz der Middegkeet bleiwen d‘Secouristen a sëllech Fräiwëlleg mat vollem Asaz op der Plaz. Alleguerte versichen se an de Ruinen nach Liewen ze fannen. D‘Bild ass surreal, et gläicht engem Ameisekoup wou sech Helmer, där Bloer, Rouder, Gieler, Oranger a Grénger vun de verschiddene Corpse vermëschen. Iwwerall blëtzt eng Luucht op a verschwënnt dann och schonn erëm.

„Mir hu Liewenszeechen héieren, op dräi verschidde Plazen“, verséchert den Enrique Garcia (37) „et huet ee widderholl widder d‘Mauer geklappt (…) Och op Liichtsignaler huet et mat enger Luucht Äntwert ginn“, esou de jonken Entrepreneur a fräiwëllege Secourist.

Op Mannst 21 Schüler am Alter tëscht 7 an 13 Joer, a fënnef Erwuessener, sinn an den Trëmmer vun der Schoul gestuerwen. Eng ronn 30 Kanner ginn am Moment nach vermësst. Déi läscht Nouvelle bestätegen, datt 11 Kanner an eng Schouljoffer konnten aus der Ruin gerett ginn.

International Solidaritéit

Eng ganz Rei Länner, dorënner Israel, Chile an El Salvador, hu bestätegt Verstäerkung no Mexiko geschéckt ze hunn. All Minutt zielt an et wier noutwenneg d‘Rettungsdéngschter ze entlaaschten. Net d‘Middegkeet eleng bréngt d‘Leit un d‘Grenze vum méiglechen, och dat erliefte geet un d‘Substanz.

An de Stroosse vu Mexico-Stad hunn Dosende Mënschen op Noriicht vu Vermësste Familljemembere gewaart. En Zaldot huet e grousst gréngt Plakat héich gehalen op deem d‘Nimm vun Iwwerliewenden ze liese waren.

De Schued konzentréiert sech am Süde vun der Stad an op d‘Quartiere vun der Roma a der Condesa. Eng Géigend déi bekannt ass fir seng Bistroen a Restauranten. Hei wunnen dann och déi meescht Auslänner. An der Condesa sëtzt d‘Karen Guzman um Trottoir, de Réck engem zesummegefallene Gebai zougewennt. Ënnert den Trëmmer kéinten nach eng 30 Leit um Liewe sinn.

En Zaldot hält e gréngt Plakat héich, op deem d‘Nimm vun de Leit stinn déi aus den Trëmmer konnte gerett ginn. (© Ronaldo Schemidt/AFP)

De Numm vum Karen sengem Brudder, Juan-Antonio Guzman, e Comptabel vun 43 Joer, steet net op de Leschte vun de Leit déi konnte gerett ginn. Leschten déi op de elektresche Pottoen hänken. „Meng Mamm sicht e grad an de Spidäler (…) E muss um Liewe sinn. Ech weess dat se en do eraus huelen“, verséchert d‘Karen an engem Mix vu Verzweiwlung a Roserei.

Et wieren zu Mexico-Stad op mannst eng véierzeg Gebaier an e Koup gefall, esou d‘Informatioun vum Buergermeeschter Miguel Angel Mancera.

Et wieren zu Mexico-Stad op mannst eng véierzeg Gebaier an e Koup gefall, esou d‘Informatioun vum Buergermeeschter Miguel Angel Mancera. Dee verséchert, datt weider no Iwwerliewende gesicht gëtt. Hie konnt och matdeelen, datt mindestens 40 Mënschen aus zwee zesummegefalle Gebaier gerett goufen. D‘Struktur vu weidere 600 Gebaier misst elo nach ënnersicht ginn.

An de Staaten Puebla a Morelos, wou den Epizenter vum Äerdbiewe geleeën huet, ass d‘Sich no Iwwerliewenden och weidergaangen. Cuernevaca, d‘Haaptstad vu Morelos, ass och schwéier matgeholl ginn. Vill Gebaier konnten dem Biewen net standhalen. „Mir mussen e groussen Deel vun der Stad nei opbauen“, bestätegt och de Gouverneur, Graco Ramirez.

Tektonesch onglécklech geleeën

D‘Biewe vum Dënschdeg ass op den Dag genee, 32 Joer nom schwéieren Äerdbiewe vun 1985 passéiert. Deemools waren iwwer 10.000 Mënsche gestuerwen. De Virfall ass bis haut fir vill Awunner en onvergiessent an traumatescht Erliefnes.

Domatter awer net genuch. D‘Biewen ass komm, knapps eng Woch nodeem d‘Äerd mat enger Stäerkt vun 8,2 op der Richter Skala geziddert hat. Dat stäerkste Biewen dat Mexiko bannent engem Joerhonnert ze verzeechnen hat. Hei waren eng honnert Mënsche gestuerwen a wäit iwwer 200 blesséiert ginn.

E Fräiwëllege fuerdert „Silenz“ fir eventuellt Klappe vun Iwwerliewenden kënnen ze héieren. (© Alfredo Estrella/AFP)

Geleeën op der Verbindung vu fënnef tektonesche Placken, ass Mexiko eent vun de Länner dat am stäerkste vun Äerdbiewe betraff ass. Zanter 1993 gëtt wuel e neien Alarm- a Warnsystem agesat, deen awer net oder ze spéit funktionéiert huet. Eng zéng Nobiewe goufe bis ewell registréiert an d‘Autoritéite ruffen d‘Bierger zur Virsiicht op. „Wann der iech net sécher fillt, rode mer iech net am Haus ze bleiwen“ esou de Carlos Valdés, Direkter vum nationale Katastrophenzenter.

mam Jennifer Gonzalez Covarrubias an Yussel Gonzalez/AFP

Déi läscht Zuelen (Donneschdeg 21. September 07.17 Auer Zäit vu Lëtzebuerg) gi vun elo op mannst 248 Affer aus.

Foto: Ouni eng Minutt Paus a bis déif an d‘Nuecht hunn d‘Rettungsdéngschter an de Ruine vun der Schoul Enrique Rebsamen zu Mexico-Stad no Iwwerliewende gesicht. (© Saraisis Aguilar/AFP)

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Mexiko, Schoul, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel