Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Onwiederen an Tornado a Lëtzebuerg – D’SLPL hëlleft mat
kiis fm dating Neiegkeeten

dating apper i norge

Katastrophal Zoustänn no den Onwiederen an Tornado am Südweste vu

radiocarbon dating mean
kiis fm dating Neiegkeeten

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft

De Fliger vun der Firma „Stratolaunch“ mat der droleger Bezeechnung

Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa
kiis fm dating Neiegkeeten

Fir d‘éischt Lëtzebuerg, dann Europa

D‘Zäit vergeet, an et ass och schonn den 3. Parteidag

D‘Briten demonstréiere géint de Boris

D‘Briten demonstréiere géint de Boris
Déi demoKratesch Allianz déi sech ënnert der Bezeechnung „March for Change“ gruppéiert huet ass pro-europäesch a setzt fir de Verbleif vu Groussbritannien an der EU an. © LibDems
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© March for Change
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© Voices4Europe
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© Emmy van Deurzen
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© Molly Scott
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© March for Change
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© Winnie CullMac
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© Lucy Hough
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© Lucy Hough
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© Lucy Hough
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
© Lucy Hough
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
E Bild dat sech all Erklärung erspuert. © Ruby Cannon
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
Si waren net ze iwwersinn an net ze iwwerhéieren. Zu Honnerten hu si géint d‘Politik vun den Tories an der Ernennung vum Boris Johnson als Premierminister protestéiert. © Seb Dance
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
Net nëmmen Londoner hu sech fir de Verbleif an der EU ausgeschwat. © SWY4Europe
D‘Briten demonstréiere géint de Boris
D‘Liberal Demokrate stellen am „March for Change“ eng vun de gréisse Gruppen an der demokratescher Allianz duer. Si wäerten awer och kaum Afloss op d‘Entscheedung vun den Tories hunn. An datt si de Brexit opgehale kréien, oder zumindest en zweete Referendum stattfënnt, dat ass zimlech onwahrscheinlech. © LibDems

Honnerte Londoner hu gëschter an de Stroossen géint de Boris Johnson a fir de Verbleif an der EU demonstréiert. En Dënschdeg mussen d‘Tories iwwert d‘Nofolleg vum Theresa May befannen an de Protegé vum US-President dierft sech géint säi Kontrahent, Jeremy Hunt, duerchsetzen.

Ënnert dem Motto: „Nee zu Boris, Jo zu Europa“ sinn d‘Demonstranten duerch d‘Stroosse gezunn. Fir Opmierksamkeet huet eng grouss Johnson-Popp um Himmel gesuergt. Organiséiert gouf des Demo vun „March for Change“ (Marsch fir de Wiessel), en Zesummeschloss vun diverse Gruppen, déi sech fir de Verbleif an der EU asetzen. Si fuerderen dann och en zweete Referendum…

Den Tom Brufatto, ee vun de Organisateuren, gouf op déi opblosbar Popp ugeschwat déi de Boris Johnson verkierpere soll. Hien huet agestanen, datt dat Ganzt no onbeschwéiertem Spaass géif ausgesinn, derhannert awer en eeschte Message stécht. D‘Popp déi zäertlech „Baby Blimb“ gedeeft ginn ass, ass eng Uspillung un „Baby Trump“, eng opblosbar Popp déi den US-President duerstellt.

Boris

Beim „Staatsbesuch“ vum Donald Trump (Ufank Juni) war déi och bei enger Demonstratioun zum Asaz komm. Um „Baby Blimb“ war de Schrëftzuch „350 Millioune Pond“ ze liesen. Domatter gëtt op eng Campagne ugespillt, mat där den Johnson d‘Wieler beim Referendum zum Brexit feel geleet huet. De Boris hat sengerzäit behaapt, dat wier de Montant deen all Woch un d‘EU iwwerwise gëtt.

De Kandidat fir d‘Amt vum Premierminister hat deemools de Bierger erkläert, datt dat Geld besser bei der Krankekeess (NHS) opgehuewe wier. Dat huet gewierkt, well d‘NHS päift zanter Jore fir net ze soe Joerzéngten um leschte Lach. Wat de Boris Johnson senger Matbierger allerdéngs net erzielt huet, ass datt d‘Briten dat meescht vun dësem Geld, beispillsweis fir d‘Landwirtschaft erëm kruten.

Boris

Um Dënschdeg also fält d‘Entscheedung, wien vum Hunt oder dem Johnson seng Zelter an der 10 Downing Street dierf opschloen. An och wann d‘Demonstratioun vu gëschter „impressionnant“ war, en Afloss op d‘Entscheedung wäert se net hunn. De Boris Johnson ass deen eenzegen den enttäuscht Brexit-Wieler nees federéiere kann, an déi Konservativ kënnen näischt méi riskéieren.

mat indymedia/lon

Foto: Déi demoKratesch Allianz déi sech ënnert der Bezeechnung „March for Change“ gruppéiert huet ass pro-europäesch a setzt fir de Verbleif vu Groussbritannien an der EU an. © LibDems

Ähnlech Sujeten Boris Johnson, Brexit, Groussbritannien, March For Change
Nächsten Artikel Virrechten Artikel