Brittesche Covid19-Mutant elo och zu Lëtzebuerg op der Strumm
Déi Brittesch Covid19-Variant mat der Bezeechnung: B.1.1.7. (oder VUI2020/12/01) ass
Déi Brittesch Covid19-Variant mat der Bezeechnung: B.1.1.7. (oder VUI2020/12/01) ass
Am Ufank vun engem akademesche Joer, gëtt um Héichschoulministère ëmmer
Et ass net einfach eng Summerlachs-Noriicht: Wann d’Stréibotten bei de
Ee Samschdeg war nees eppes „Protest“ an der Stad ugesot. Nieft dem Grupp deen elo schon zanter ee puer Weekender an de Gaasse vun der Uewerstad an hiren Alentouren, géint d‘Reegele vum Covid19-Gesetz, sengen Aschränkungen, dem Agrëff an d‘Privatsphär, mee och géint d‘Maskeflicht protestéiert, haten sech ee Samschdeg och Acteuren aus dem Horesca-Secteur versammelt.
Et dierf een umierken, datt de Grupp „Horesca“ mat senge ronn 200 Participanten, schonn eppes méi visibel war. Si hunn – wat si dann och vum éischte Grupp mat engen zwou Dose stännege Memberen ënnerscheet – net géint d‘Maske protestéiert an sinn och éischter pro Impfstoff wéi dergéint. Si gesinn an dësem d‘Hoffnung séier nees kënnen hirem Kommerz nokommen ze kënnen.
Wann et wuel richteg ass, datt de Staat hinnen eng onkomplizéiert a séier Hëllef, a form vun enger finanzieller Entschiedegung, versprach huet, esou fillen si sech nawell als dee vun der Politik an der Kris vergiesse Secteur. Déi zoustänneg Ministèren, hunn awer schonn drop higewisen, datt et hei engersäits onvollstänneg Demanden huet, an anersäits eligibel Betriber keng Demande maachen.
Fir den Ament jiddefalls bleift et bei de bestoende Reegelen, an déi sinn, bezunn op den Horesca-Secteur onmëssverständlech: alles bleift bis den 31. Januar zou. D‘Restaurateuren dierfen awer och weiderhin hir Platen zum Ofhuelen ubidden, alternativ kann sech beliwwere loossen. Dat ass awer éischter „Beschäftegung“ wéi geschafft a Geld verdéngt, esou d‘Ausso vun de Betraffenen.
Fir d‘Wiert gesäit et do nach eppes méi dramatesch aus. Hei huet et keng „ausser Haus“ Alternativ, op déi ee kéint zréckgräifen. Mee et sinn d‘Existenzen am ganze Secteur déi duerch d‘Fermeture beanträchtegt sinn. Et ass zudeem keen Trouscht, datt och hir Kolleegen an den Nopeschlänner et net besser hunn. Zudeem hätten och si sech gefreet, fir d‘Wantersolden nees d‘Dieren op ze hunn.