Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25
Neiegkeeten

CID | Fraen an Gender: En opkläreresche Kampf feiert seng 25

Et ass gro an et reent, wéi ech an d’Rue

Russesch Amëschung an d‘US-Wahl: dräi Ex-Beroder vum Trump ugeklot
Neiegkeeten

Russesch Amëschung an d‘US-Wahl: dräi Ex-Beroder vum Trump ugeklot

Den US-Sonner-Procureur dee mat der Enquête beoptraagt ass, eng méiglech

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert
Neiegkeeten

Mam Bléck op en „haarden“ Brexit, ginn a Groussbritannien Medikamenter stockéiert

Déi britesch Pharmaindustrie huet e Freideg bekannt gemaach, datt si

Géint de Kriibs rocken!

Géint de Kriibs rocken!
De Kampf géint Kriibs kennt vill Fronten, awer och vill Approchen: Den Owend fënnt an der Rockhal fir déi fënnefte Kéier de Rock against Cancer statt. D‘Geld wat era kënnt kënnt der Fondatioun Kriibskrank Kanner an der Fondation Cancer zegutt. Et kann een also eppes fir de gudde Zweck maache, während een ofrockt.
Eng gelonge Kombinatioun, déi Succès huet. Dat läit och dorunner, datt sech fir all Joer eppes anescht ausgeduecht gëtt. D’Orietta Fagiani vu Swiss Life, déi de Concert zesumme mat engem Comité organiséiert, erkläert eis, wat dëst Joer am Fokus steet: „Mir wollten eise fënneften Anniversaire mat enger Cover Band, Mister Cover, feieren. Des Band couvréiert Musek vun den 50e Joer bis haut, mam DJ Labong an mam lëtzebuergeschen Grupp Zero Point Five den eis schonn fir déi 2ten Kéier ënnerstëtzt.” An de Jore virdrun waren och d’80er Joren a Gruppen aus Lëtzebuerg den Thema.
Dobäi war et, wéi sou oft, Zoufall, datt dat ganzt viru fënnef Joer iwwerhaapt un de Start gaangen ass. Swiss Life hëlt normalerweis all Joer um Relais pour la vie deel, mee dat Joer haten se den Delais verpasst. Mee et seet een jo net Ëmsoss, datt d’Noud erfanneresch mécht. Eng konstant gouf et iwwregens all Joer, esou d’Oriette Fagiani: „Wat ëmmer selwecht bleift ass eis Motivatioun trotz der viller Aarbecht. Mir maachen dat nämlech meeschtens an eiser privater Fräizäit. Mir hëllefen gären well jiddereen vun eis ass kann eng Kéier mat der Krankheet konfrontéiert ginn, et ass schrecklech an nach méi wann et Kanner betrëfft.”
Ween den Nowend nach näischt virhuet: Ab 20h00 sinn d‘Dieren an der Rockhal op, den Ticket kascht 25€. Méi Informatiounen op hirer Säit an op Facebook!
Ähnlech Sujeten Kriibs, Lëtzebuerg, Rock
Nächsten Artikel Virrechten Artikel