Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schoulrentrée an der Stad
International Kultur its dating week single or not

definition of radiometric dating

Ulässlesch der Schoulrentrée 2018/2019 hunn eis Buergermeeschtesch, Lydie Polfer, déi

kenya top dating sites
International Kultur its dating week single or not

Griicheland: Nom déidleche Groussbrand, muss de Minister säin Hutt huelen

Beoptraagt mat der ëffentlecher Uerdnung an dem Zivilschutz, huet den

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff
International Kultur its dating week single or not

Washington vergräift sech am Toun an um internationale Geriichtshaff

D‘USA hunn sech um Méindeg an enger nach ni dogewieschter

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?

Géint den Artikel 13 – Filtrage fir den Aarsch?
© Shari Pleimelding/moien.lu

Um haitege Mëtteg hunn a ganz Europa Protester géint den Artikel 13 a säin Uploadfilter stattfonnt. Och zu Lëtzebuerg hu sech eng Rëtsch Leit entscheet, ze demonstréieren, an zwar am Quartier vum Kierchbierg.

Fir unzefänken sollt een emol erklären, wat dësen berüchtegten Artikel 13 iwwerhaapt ass, a wouran d’Problematik läit. D’EU stëmmt momentan iwwert eng nei Auteursrechtsreform fir den Internet of. Dobäi soll virun allem een allgemeng bessert a méi gerecht Klima tëscht Plattform an Notzer geschaaft ginn. Momentan stelle sech awer ëmmer méi Leit géint dës Ännerung, wëll se net zou hire Versprieche stoe soll. D’Géigner vun de Géigner argumentéieren domat, datt den Internet wuel ee Raum ouni Gesetz sollt sinn, wat esou net akzeptéiert ka ginn. Kënschtler, Museker an aner Auteure sollen fir hir Aarbecht richteg bezuelt ginn.

D’Problemer vun der Reform leien allerdéngs net bei der Bezuelung vun den Artisten! D’Argument läit dodran, datt an Zukunft Internetplattformen am viraus Accorden mat de Auteuren treffe mussen, iert iergendeppes eropgeluede ka ginn, vir datt esou keng aner Persoun déi geschützt Contenuen uploade kann. Trotzdeem gëtt net preziséiert, mat wiem genau alles den Accord getraff muss ginn. Jiddwereen, deen eng Foto mëscht oder ee Video ophellt huet nämlech d’Rechter u sengem Inhalt.

Elo kënnt d’Haaptproblematik: Kritt een keng Lizenz fir beispillsweis een eegent Bild op den Internet ze setzen an et mëscht een et awer, esou gräift de sougenannten Uploadfilter an, bei dem eng Software – also kee Mënsch – de Contenu iwwerpréift. Kuckt een elo d’Beispill vun engem parodéierte Video, esou kann déi kënschtlech Intelligenz net ënnerscheeden, ob dat elo erlaabt ass oder och net. Wa schonn ee Mënsch sech net sécher ass, wat eng Kopie, wat eng Referenz oder een Zitat a wat een Original ass, wéi soll een Algorithmus esou eppes dann hikréien?

Et geet awer virun mat den negativen Aspekter. Vir zouverlässeg Filter ze entwéckelen ginn Horent Zommen u Suen gebraucht, déi a Saachen Internet leider just Plattforme, wéi Google, Facebook a Co. hunn. Uschléissend profitéiere si nees drun fir hir Softwaren mat héijem Gewënn u kleng Firmen virun ze verkafen.

Weder technesch, nach organisatoresch ëmsetzbar

Am digitalen Zäitalter setzt d’Politik mat hirem Artikel Barrièren op, déi jiddweree betreffen, deen am Internet ënnerwee ass. Aus dësem Grond hunn haut Bierger a ganz Europa géint dës Reform, déi kommenden Dënschdeg am EU-Parlament soll ofgestëmmt ginn, manifestéiert. Och zu Lëtzebuerg waren ëm déi 100 Leit fir eng Manifestatioun agetrueden. Ganz vir bäi waren national Parteien, wéi d’Piraten, déi Lénk oder déi jonk Demokraten. D’Grupp huet zum Groussdeel aus jonke Leit bestanen, déi duerch hiren digitale Konsum am meeschten betraff wieren vun der Decisioun.

Allerdéngs muss een heibäi leider zouginn, datt den Enthusiasmus zu Lëtzebuerg anscheinend net esou grouss war. D’Persounen, déi d’Manif ugefouert hunn, hu sech net als déi bescht a seriéiste Riedner erausgestallt, wouduerch ee sech deelweis d’Hänn virun d’Aen gehale huet, vir et net mat ukucken ze mussen. Donieft war d’Grupp zwar mat enge sëlleche Schëlter a Päifen equipéiert, an awer ass net esou wierklech Stëmmung opkomm.

Och éischter kontraproduktiv ass et an eisen Aen, duerch d’Quartieren vum Kierchbierg ze goen, wou um Weekend souwisou keng Mënschen ënnerwee sinn oder wou allerhéchstens gebaut gëtt. An mir denken net, datt sech d’Aarbechter um Chantier fir de Protest immens interesséiert hunn. Do kann een nëmmen hoffen, datt generell gekuckt d’Manifestatiounen a ganz Europa eppes bréngen, an datt d’Gruppen zu méi motivéierten Leit bestinn.

Ähnlech Sujeten Artikel 13, déi gréng, déi lénk, EU-Parlament, Manifestatioun, Piraten, Uploadfilter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel