Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vëlosummer 2020 – Lëtzebuerg einfach op zwee Rieder entdecken
International Neiegkeeten

Vëlosummer 2020 – Lëtzebuerg einfach op zwee Rieder entdecken

Sech op zwee Rieder virun ze beweegen huet virun allem

Wann e gutt ass, sollen d‘Leit dat och wëssen
International Neiegkeeten

Wann e gutt ass, sollen d‘Leit dat och wëssen

E Freideg huet op der Handelskummer zu Lëtzebuerg déi traditionell

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm
International Neiegkeeten

Den Escher Theater an de Conservatoire hunn e volle Programm

De Kulturschäffe vun Esch/Uelzecht, de Jean Tonnar, ass e Mann

Kënnt et zum Mësstrauensvott géint den éisträichesche Kanzler?

Déi vum Strache ausgeléiste Regierungskris stellt d‘Zukunft vum Sebastian Kurz a Fro

Kënnt et zum Mësstrauensvott géint den éisträichesche Kanzler?

No der Verëffentlechung vun enger zwee Joer alen, dofir awer net manner kompromettéierender Videoopnam, an där den FPÖ-Chef Heinz-Christian Strache enger pseudo-Oligarchin Staatsopträg géint Wahlhëllef ugebueden huet, stécht Éisträich an enger zolitter Regierungskris.

De Vizekanzler ass wuel zréckgetrueden, mee de Sebastian Kurz (ÖVP) huet och d‘Demissioun vum Inneminister Herbert Kickl (FPÖ) gefuerdert, firwat d‘Koalitioun net méi ze halen ass, an d‘FPÖ-Minister vun der Partei opgefuerdert goufen hir Mandater néierzeleeën. Eng Reaktioun déi vum Kanzler antizipéiert gi war. Hien hat ugekënnegt „déi fräi Plazen“ mat Beamten ze besetzen.

Eng Entscheedung déi Sënn mécht, zumindest wann eng gewësse politesch Stabilitéit bis zu den Neiwahle soll gewäert bleiwen. Et géif dem Land och net hëllefen sech elo mat Regierung ploen ze mussen, déi net handlungsfäeg ass. D‘Modalitéite wiere scho mam Bundespresident beschwat ginn.

D‘Kausa „Kickl“

Datt de Sebastian Kurz d‘Demissioun vum ëmstriddenen Inneminister Herbert Kickl verlaangt huet, huet den éisträichesche Kanzler domatter begrënnt, datt deen zum Zäitpunkt vun der Videoopnam, FPÖ-Generalsekretär war an kee Bewosstsinn fir d‘Dimensioun vum Skandal entwéckelt huet.

Et misst elo alles an dësem Dossier oppe virgeluecht ginn. Ouni eng vollstänneg Opklärung kann et kee Schlussstréch ginn, heescht et aus dem Kanzleramt. An de Sebastian Kurz hätt et begréisst wann den Inneminister aus fräie Stécker säi Mandat zur Dispositioun gestallt hätt. Et wier dobäi och egal op de Fall rechtlech relevant wier oder net. Dat ganzt wier mindestens moralesch verwerflech.

Bei der SPÖ geet rieds vun enger Staatskris, an d‘Parteicheffin Pamela Rendi-Wagner fuerdert all d‘Ministerposte mat Experten ze besetzen. Et sinn awer net d‘Sozialisten, mee déi butzeg „Jetzt“-Partei déi sech fir e Mësstrauensvott staark maachen. D‘SPÖ schéngt eng Koalitioun ze sichen…

De Mësstrauensvott

Fir d‘Maria Stern, Presidentin vu „Jetzt“, ass de Mësstrauensvott ugesiichts de Fakten deen eenzeg richtege Wee. Sollt deen déi Woch am Parlament ugeholl ginn, misst de Bundespresident Alexander van der Bellen e Kandidat auswielen an dee mat der Bildung vun enger neier Regierung beoptragen.

Dat géif de Peter Pilz, Grënner vun der Partei „Jetzt“ riseg freeën, deen ass iwwerzeegt, datt de Sebastian Kurz den Haaptverantwortleche vun dësem politesche Chaos ass, an hofft staark drop, datt och d‘FPÖ den Antrag fir de Mësstrauensvott ënnerstëtzt. „Dann ass de Kanzler Geschicht an dat ass och gutt esou“, heescht an engem kuerze Statement. D‘FPÖ huet sech dozou net geäussert.

Fir den neie FPÖ-President Norbert Hofer, steet fest, datt d‘ÖVP duerch oniwwerluecht handelen en erfollegräiche Projet muttwëlleg zerstéiert hätt. Den Unhänger vun der rietspopulistescher Partei huet de President verséchert, datt ee geschlossen zesummesteet an ee fir de Wahlkampf bereet ass.

De Kurz, en Deelzäit-Europäer?

Wat den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz betrëfft, esou huet eise Jean-Claude Juncker sech an der Vergaangenheet ëfters en Avis geäussert. Esou huet hien onverhuelen dem „politesche Krappert“ säi bewosst schizophreent a populistesch orientéiert Gedeessems, ganz ëffentlech kritiséiert.

Kanzler

Den 9. Mee, beim EU-Gipfel zu Sibiu, war de Sebastian Kurz (l) awer nach häerzlech vum EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker empfaange ginn. © Dragan Tatic/Kanzleramt

A wéi Éisträich d‘lescht Joer d‘EU-Presidence hat, huet sech den EU-Kommissiounspresident méi wéi eng Kéier d‘Fro gestallt, wien vum éisträicheschen Duo Kurz/Strache wien an der Hand huet. Um Beispill UN-Migratiounspakt, wou de Sebastian Kurz sech konstruktiv abruecht hat, fir en dann als „geféierlech“ ze bezeechnen an de Populisten ze iwwerloossen, kann een dat festmaachen.

Géintiwwer der Dageszeitung „Der Standard“ hat de Juncker sengerzäit ausgesot: „Schizophrenie kann ee behandelen, bewosst Schizophrenie net“. Fir den EU-Kommissiounspresident war an ass de Kurz beschtefalls en Deelzäit Europäer, dee fir Wielerstëmmen och emol géint d‘EU virgoe kann.

mat indymedia/vie/lnz/bru

Foto: Den éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz kann nom Strache-Skandal d‘Koalitioun net méi veräntwerten. © Dragan Tatic/Kanzleramt

Ähnlech Sujeten Heinz-Christian Strache, Ibiza-Video, Kanzler, Neiwahlen, Regierungskris, Sebastian Kurz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel