Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach
Neiegkeeten

Tournage vun „Mission Impossible 6“ ënnerbrach

Well sech d’Star Tom Cruise beim Tournage vum sechsten Opus

Déi Demokratesch Partei am Wahlkampfmodus
Neiegkeeten

Déi Demokratesch Partei am Wahlkampfmodus

Et gëtt vill flott Säll am Land, wou een als

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…
Neiegkeeten

D’Vakanzenzäit kënnt! Mee nach laang net jiddereen kann eng Rees maachen…

D’Vakanzenzäit kënnt mi no, an di meescht wësse scho ganz

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi

Wäisswampech: déi gréng stäipen sech géint d‘Privatiséierung vum Séi

Viru kuerzem ass den touristesche Groussprojet „Suneo Park“ zu Wäisswampech presentéiert ginn, an huet natierlech d‘Opmierksamkeet vun déi gréng op sech gezunn. Den nohaltegen Tourismus ze fërderen ass an hirem Sënn, firwat déi gréng Norden, de nohaltege Charakter vum Projet begréissen.

Fir d‘Spëtzekandidatin Stéphanie Empain an den Deputéierte Gérard Anzia, d‘Geleeënheet op Verschiddenes hinzeweisen. Esou ass gewosst, datt den Tourismus eng grouss Roll an der Regioun spillt a vill wirtschaftlecht Potential huet. Ee vun de Grënn firwat déi gréng et begréissen, datt sech Investisseure fir d‘Regioun interesséieren, wat jo och d‘Attraktivitéit bestätegt.

Et wier awer bei aller Freed och ubruecht, esou e grousse Projet mat engem kritesche Bléck ze verfollegen. Ëmmerhi soll de Projet jo och substantiell vum Staat ënnerstëtzt ginn. Esou ass wichteg och den Impakt op d‘Ëmwelt an d‘Liewensqualitéit vun de Bierger ze berécksiichtegen, deen esou en Infrastrukturprojet a sech dréit.

Wat an dësem Kontext gefuerdert gëtt:

„Wichteg ass, datt den nohaltegen Aspekt net nëmmen en eidelt Verspriechen um Pabeier, mee och tatsächlech als deen ze erkennen ass, an d‘Ubannung un d‘Regioun séchergestallt gëtt. Dozou zielen eng Weiderveraarbechtung vun de regionale Produiten am gastronomesche Beräich vum Wellness-Zenter. De Projet muss an dësem Zesummenhang eng Plus-value fir déi ganz Regioun duerstellen, an eng Vernetzung mat den Acteure vun der Regioun ORT an Naturpark garantéieren.

De fräien Zougang zum Séi muss fir d‘Awunner vu Wäisswampech bestoe bleiwen. De Séi gehéiert der Allgemengheet, firwat déi gréng Norden fuerderen, datt deen all Gäscht an Awunner vun der Gemeng als Erhuelungsgebitt erhale bleift. Och muss den Zougang ëffentlech a gratis bleiwen. Des weidere gëtt wäert drop geluecht, datt konkret Moossnamen zur Sécherung vun der Waasserqualitéit an eng entspriechend Beschëlderung fir den ëffentlechen Zougang, am Projet enthale sinn.

Et muss kloer sinn, datt aus dem Hotelprojet kee verstoppte Wunnengsbauprogramm gemaach gëtt. All noutwenneg Autorisatiounen an d‘Matbestëmmung vun de Bierger bei der Prozedur musse garantéiert ginn an a vollem Ëmfang transparent sinn. An engem éischte Schratt sollt d‘Gemeng d‘Konditioune vun der Kooperatioun mam Bedreiwer oppen duerleeën. Zousätzlech muss ee bei dësem Projet, deen am Naturpark Our läit, a wiesentlech an deen erwierkt, d‘Fro vun enger Affiliatioun vun der Gemeng Wäisswampech am Naturpark nei bewäerten“.

Foto: © Groupe Lamy

Ähnlech Sujeten Ëmwelt, Gérard Anzia, Séi, Stéphanie Empain, Wäisswampech
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    11

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0