Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Griicheland: Nom déidleche Groussbrand, muss de Minister säin Hutt huelen
Fail International Neiegkeeten WTF

Griicheland: Nom déidleche Groussbrand, muss de Minister säin Hutt huelen

Beoptraagt mat der ëffentlecher Uerdnung an dem Zivilschutz, huet den

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei
Fail International Neiegkeeten WTF

Den naturdréiwen aus der Echternacher Brauerei

Et ass en „Hellen“ deen de Braumeeschter Mathias Mertes, mat

Deen eppes anere Festival: „Nuecht vun de Lampione“ zu Wolz
Fail International Neiegkeeten WTF

Deen eppes anere Festival: „Nuecht vun de Lampione“ zu Wolz

De „Nuit des Lampions“ ass e magesche Festival, an dee

dislikesurprise

Däitschland: D‘SPD-Basis ass géint eng GroKo, an CDU/CSU mécht Drock

Däitschland: D‘SPD-Basis ass géint eng GroKo, an CDU/CSU mécht Drock

Bei eisen däitschen Nopere sinn d‘Sondéierungsgespréicher tëscht de Sozialisten an de chrëschtlech-konservative Schwësterparteie CDU/CSU op en Enn gaangen. Béid Fraktiounen hu sech wéi erwaart géigesäiteg op d‘Schëller geklappt a gesinn enger grousser Koalitioun mat Zouversiicht entgéint.

Eng Zouversiicht déi awer net vun den SPD-Militanten, an schonn emol guer net vun den jonke Sozialisten (JuSos) esou gedeelt gëtt. Déi Sinn, wann och nëmme mat enger knapper Majoritéit, nach ëmmer géint eng Koalitioun mat politesche Géigner, deen – -esou déi allgemeng Meenung – nëmmen am Sënn huet, de Koalitiounspartner politesch kal ze stellen.

An esou gëtt et dann och heftegst Kritik aus der éischter Rei. Vu „ganz schwiereg“ iwwer „immens kritesch“ bis „nach Erfolleger ze erreechen“, ass villes derbäi dat net wierklech op einfach Koalitiounsverhandlungen hiweist. Verhandlungen déi egal wéi, vun der SPD-Basis bei enger Ofstëmmung muss gutt geheescht ginn.

Intern Kritik steet op festem Grond

Nodeems sech um Samschdeg zu Sachsen-Anhalt um SPD-Landesparteidag eng knapp Majoritéit géint Koalitiounsverhandlungen ausgeschwat huet, fuerderen och SPD-Politiker däitlech Nobesserungen. Esou huet d‘Vizepresidentin vun der SPD, d‘Malu Dreyer (Ministerpresidentin vu Rheinland-Pfalz) géintiwwer der Funke-Mediegrupp gemengt, datt Sondéierungsgespréicher net datselwecht si, wéi Koalitiounsgespréicher.

Do misst et zu konkrete Verbesserunge kommen. Dat beispillsweis beim Thema „Biergerversécherung“ wou ee sech nach muss „méi no kommen“. Dat gëllt och beim Thema „Spëtzesteiersaz“, wou sech allerdéngs d‘CDU/CSU net wäert erweeche loossen. An zu gudder Lescht dierft ee sech och bei de Froen zur Migratioun net eens ginn.

An dat ass dann och nach net alles, well den zweete SPD-Vizepresident Ralf Stegner (Schlesesch-Holstein) besteet op intensiv Gespréicher zum Thema „Leiharbeit“ an enger onbegrënnter Befristung vum Beschäftegungsverhältnes. Dee leschte Punkt dierft um SPD-Parteidag den 21. Januar fir Kaméidi suergen, well de Ralf Stegner nëmmen da fir eng Koalitioun ass, wann dee Pukt gekläert ass.

Och de Buergermeeschter vu Berlin, Michael Müller, steet enger grousser Koalitioun (GroKo) kritesch géinteniwwer. De Wieler hätt sech bei der Bundestagswahl kloer ausgedréckt: „Déiselwecht Koalitioun mat derselwechter Politik wier keng Äntwert op de Wielerwëllen. Weidermaachen ouni entscheedend Verännerungen iwwerzeege mech net“, esou den amtéierende Bundesratspresident.

Déi Konservativ an hir Fuerderungen

Well déi konservativ Schwësterparteie CDU an CSU nom scheitere vun der „Jamaika-Koalitioun“ op déi grouss Koalitioun ugewise sinn, maachen se entspriechend Drock op d‘Sozialisten. Aus Bayern mellt sech dann och den CSU-Landesgruppechef Alexander Dobrindt zu Wuert, a fuerdert vum SPD-Parteipresident Martin Schulz, seng Leit „op Linn“ ze bréngen.

Et léich um an der Verantwortung vum Martin Schulz ze beweisen, datt d‘SPD en zouverlässege Koalitiounspartner ass. „Hie sollt gefällegst kucken, datt hien den Zwergenopstand an de Grëff kritt, esou den Alexander Dobrindt géintiwwer der Bild am Sonntag.

Och de bayresche Finanzminister an designéierte Ministerpresident Markus Söder, stäipt sech géint Nobesserungen. „Natierlech gëllt alles. Dat vun den Delegatiounen eestëmmeg beschlosse Sondéierungsofkommes ass mat 28 Säite scho bal e Koalitiounsaccord“, esou de Markus Söder an der Bild am Sonntag.

Aussoen déi elo am Raum stinn an hiert Gewiicht op den SPD-Parteidag dierften hunn. D‘SPD-Exekutive muss den Delegéierten um Parteidag eppes „verkafen“, wat si selwer um Owend no der Bundestagswahl net méi wollt hunn: d‘GroKo. Aktuell gëtt et dann och bei der SPD-Basis keng Majoritéit fir eng grouss Koalitioun, an et dierf ee gespaant sinn, op de Martin Schulz hei nach emol d‘Kéier kritt.

Foto: (v.l.n.r.) De bayresche Ministerpresident Horst Seehofer (CSU), d‘Kanzlerin Angela Merkel (CDU) an den SPD-Parteipresident Martin Schulz, stellen sech um Freideg no de Sondéierungsgespréicher de Froe vun der Press. Eigentlech sinn domatter d‘Weiche vir eng GroKo gesat, mee d‘Entscheedung fält eréischt um SPD-Parteidag den 21. Januar. © Kay Niefeld/dpa/AFP

Ähnlech Sujeten CDU, CSU, Däitschland, GroKo, SPD
Nächsten Artikel Virrechten Artikel