Coronavirus: Och d‘WHO ka Feeler maachen
Wou Mënschen zu Wierk gi passéiere Feeler an d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO)
Wou Mënschen zu Wierk gi passéiere Feeler an d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO)
Hannergrond fir dësen Aktiounsdag war de Fall Mirabal: Déi dräi Schwësteren Patria, Maria Teresa an Minerva Mirabal, Memberen vum „Movimiento Revolucionario 14 de Junio“ goufen 1960, nodeems si e puermol verhaft ginn sinn, an der Dominikanescher Republik duerch dem Diktator Rafael Trujillo säi Militär verschleppt a schliisslech, no méintelaanger Folter ermuert. De 25. November kennzeechent hiren Doudesdag.
Hiert Leed ass e gutt Beispill fir sexuell, politesch a kulturell Gewalt u Fraen. Am Joer 1981 gouf bei engem Treffen vun latäinamerikaneschen a karibeschen Feministinnen den haitegen November-Dag zum Gedenkdag fir d’Affer vu Gewalt géint Fraen ausgeruff. Ganzer 18 Joer huet et gedauert, ier den Dag offiziell duerch d’Vereenten Natiounen opgegraff ginn ass.
Gewalt géint Fraen ass eng vun den am wäitsten verbreeten Mënschenrechtsverletzungen. Et ass e globale Phänomen a kann iwwerall optrieden: an all Land, op der Strooss oder Doheem. Dozou gehéieren Stalking a Belästegung, genee esou wéi haislech Gewalt a Vergewaltegung.
Déi Vereenten Natiounen ginn dovunner aus, datt méi wéi 35 Prozent vun alle Fraen weltwäit op mannst eemol am Liewen Affer vun sexueller oder physescher Gewalt goufen. Zousätzlech dozou huet d’Weltorganisatioun (WHO) Gewalt zu engem vun de gréissten Gesondheetsrisiken fir d’Fraen ernannt.
Vill Fraen, déi dëst materliewen, hunn dono Schwieregkeeten um ëffentlechen Liewen deelzehuelen. Si leiden ënner Depressiounen, sinn eleng a veraarmen – emotional a materiell. Dacks huet d’Gewalt och Auswierkungen op déi ganz Famill, et ass en Däiwelskrees.
Fir op d’Problematik opmierksam ze maachen an d’Ëffentlechkeet ze sensibiliséieren gëtt all Joer d’Campagne “Orange The World” ëmgesat. Tëscht dem 25. November an dem 10. Dezember (Internationalen Dag vun de Mënschenrechter) erstralen weltwäit Gebaier an oranger Faarf – e staarkt Zeechen géint Gewalt u Fraen. Och zu Lëtzebuerg geet ee mat der sougenannter Orange Week géint d’Gewalt vis-à-vis vu Frae vir.
Dir sitt selwer betraff vu Gewalt an Diskriminéierung? Informatiounen an Hëllef fannt Dir op www.fed.lu an op www.planningfamilial.lu.