Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Ee fir all, all fir een mat der NATO?
Neiegkeeten

What the Fakt – Ee fir all, all fir een mat der NATO?

Säit der Grënnung vum militäresche Bündnis vun der NATO sinn

Kockeldiko – Wann de 25. Gebuertsdag grouss gefeiert gëtt!
Neiegkeeten

Kockeldiko – Wann de 25. Gebuertsdag grouss gefeiert gëtt!

Um vergaangene Weekend gouf et bei der Kockelscheier eppes Gréisseres

What the Fakt – D’Milla Jovovich huet Gebuertsdag!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Milla Jovovich huet Gebuertsdag!

Déi meescht vun eis kennen déi russesch Schauspillerin aus Filmer

Géint Waasserverschwendung: Handelt spuersam!

Mam Summer kommen och Drécheperioden!

Géint Waasserverschwendung: Handelt spuersam!

T’gëtt nees méi mockeleg dobaussen wat bedeit, datt ee sech besonnesch géint Waasserverschwendung asetze sollt. Och wann een eigentlech wësse misst, datt een de Krunn sollt zoudréien, wann een d’Waasser net notzt, respektiv just déi Quantitéiten soll ofzapen, déi een och braucht, esou hält ee sech selwer net ëmmer drun. Grad elo kënnt dann och nach dobäi, datt ee gäre säi Basseng fëllen, den Auto méi oft wäschen oder de Buedem mam Hochdruckreiniger beaarbechte well.

Et huet ee bemierkt, datt eist Verhalen an der éischter Halschent vun dësem Joer, sou wéi an de wanterleche Perioden d’Waasserleef an d’Grondwaasser beaflosst. Et riskéiert een Niddregwaasserperioden a Flëss a Baachen, sou wéi eng generell Waasserknappheet. Dofir biet den Ëmweltministère, sou wéi d‘Waasserverwaltung d’Bevëlkerung beim Waasser op dat eegent Verhalen opzepassen.

Fir eng Iwwerlaaschtung vum ëffentlechen Distributiounsnetz vum Drénkwaasser ze vermeiden soll ee rational mat der liewensnoutwenneger Source ëmgoen. Heivir ass eng Lëscht mat Rotschléi entwéckelt ginn, fir der Waasserverschwendung entgéint ze wierken. Virbeugend fir dréche Perioden an héich Temperaturen, soll een op Folgendes verzichten:

  • Fëlle vu private oder opblosbaren Bassengen, Weieren, Behälter,… ;
  • Waassererneierung a private Schwämmen;
  • Auto-wäschen (professionell Wäschanlage sinn erlaabt);
  • Propper-Maache vum Trottoir, Garagen, Fassaden oder anere baussechten Anlagen;
  • Schaffe mam Hochdruckreiniger;
  • Bedreiwe vu Sprangburen (ausser se hunn eng zouen Zirkulatioun);
  • Nätze vun der Wiss, a Parken, op Kierfechter oder bei sportlechen Infrastrukturen;
  • Kille vun Iessen a Gedrénks ënnert fléissendem Waasser.

Net nëmme beim Drénkwaasser kënne Problemer optrieden, mee och beim Waasserpeegel vu Flëss a Baachen. Duerch déi aktuell meteorologesch Konditiounen, respektiv d’Prognose fir déi nächst Wochen a Méint kéint de kritesche Minimalwäert vum Waasserniveau, deen d’Organismen, d’Flora an d’Fauna fir ze iwwerliewe braucht, ënnerschratt ginn.

Ass de Peegel déif, steigt d’Quantitéit u Schuedstoffer, wourënner d’Waasserqualitéit leit. Dofir erënnert de Ministère an d’Waasserverwaltung dorunner, datt ee kee Waasser aus Flëss a Baachen huelen dierf. Heivir braucht een nämlech eng Geneemegung. An allen anere Fäll ass de Prelevement wärend Drécheperiode verbueden, mat Ausnam vu spezifesche Fäll, déi duerch eng ministeriell Veruerdnung festgeluecht sinn.

Ähnlech Sujeten Baach, Drécheperioden, Drénkwaasser, Ëmweltministère, Floss, Grondwaasserspäicher, Niddregwaasserperioden, Recommandatioune, Spueren, Waasser, Waasserverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel