Search

You may also like

Wéi gutt kenns du Dikrech?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Dikrech?

[onionbuzz quiz-id=56][/onionbuzz] Dikrech ass eng vun de Pärele vum Lëtzebuerger

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?
International Neiegkeeten

De Freemium-Modell: Verspillt Geld oder gratis Freed?

Ween sech ameséiere wëll gräift zum Handy. Mol kuckt en

Covid19-Gesetz verluecht d‘Schoulgesetz gestëmmt (kommentéiert)
International Neiegkeeten

Covid19-Gesetz verluecht d‘Schoulgesetz gestëmmt (kommentéiert)

Datt et mam Hiecht an dem bevirstoende Wanter am Kontext

Mat Geld ka villes geléist ginn… esouguer Terror

Washington wëll de Sudan vu senger Terrorlëscht sträichen, wann US-Terroraffer entschiedegt ginn

Mat Geld ka villes geléist ginn… esouguer Terror

Op den Amerikaner hirer Terrorlëscht – gemengt sinn Natiounen déi Terroristen op all erdenklech Aart a Weis ënnerstëtzen – stinn aktuell véier Länner, an dat ostafrikanescht Land kéint vun dëser erofgeholl ginn. Dofir misst déi sudanesesch Regierung awer honnerte Milliounen US-Dollar un Entschiedegung iwwerweisen.

De gréissten US-President aller Zäiten huet via Twitter wësse gelooss, datt wann d‘Sudanesen déi vereenbaart 335 Milliounen US-Dollar un d‘Affer / d‘Famillje vun den Terror-Affer iwwerweisen, hien héchstperséinlech de Sudan vun der US-Terrorlëscht géif sträichen. Vill Geld fir ee Land wou d‘Mënschen och haut nach erhéngeren, an de radikalen Islamismus allgéigewäerteg ass.

Geld

Anersäits hat déi vun den USA getätegt Oplëschtung d‘Land international (wirtschaftlech) isoléiert. Geléngt et Karthoum vun der Lëscht geholl ze ginn, kéint et fir Konzerner a Banken nees eppes méi einfach ginn, an a mam Sudan Geschäfter ze maachen. Et géif dem Sudan och nach erméiglechen nees Zougang zu Geld vu multilateralen „Donateuren“ ze kommen, wei beispillsweis den IWF.

Matten an der Wirtschaftskris

De Sudan steet zanter 1993 op der amerikanescher Terrorlëscht. Mam Iran, Nordkorea a Syrien, war dëst Biergerkrichsland a beschter Gesellschaft. Mëttlerweil, e puer honnert dausend Doudeger méi spéit, kann sech de sudanesesche Premierminister Abdallah Hamdok iwwert eng Normaliséierung vun den internationale Bezéiunge freeën. Wou de gudde Mann allerdéngs de Goss opdreiwe wëll?

Geld

Et ass jo elo kee Geheimnis, datt de Sudan – ee Land mat geschätzten 42 Milliounen Awunner – weder iwwer Geld nach einfach zougänglech Ressource verfüügt. Wéi si dem Milliardär säi Geld an haarder Wärung sollen iwwerweisen, ass net gewosst. Ëmmerhin ass et nach guer net esou laang hir, do gouf d‘Land nach vum Autokrat Omar al-Bashir geleet. Dee gouf am Abrëll 2019 gestierzt.

Mee dem Donald Trump geet et den Ament manner ëm de Goss, wéi en zweet Mandat als gréissten diplomatesch Feelbesetzung aller Zäiten. Esou huet den US-President notéiert, datt de Sudan an der lescht Fortschrëtter gemaach hätt. Richteg ass: d‘USA hu Karthoum eng Normaliséierung vun de Bezéiunge mat Israel opgezwongen. Sollt dat offiziell ginn, wier dat dem Wahlkampf zoudréiglech.

mat indymedia/was

Illustratioun: Geld datt se net hunn, fir ee Fridden deen onméiglech ass. D‘Sudanesen hunn nach ee laange Wee virun sech. An den Ament ass ausser de Chinese kee Land wierklech bereet Geld an dësem ostafrikanesche Land ze investéieren. Woubäi sech och Peking mam islameschen Afloss am Sudan schwéier deet. © Mohamed Tohami / unsplash

Related topics Abdallah Hamdok, Donald Trump, Sudan, Terrorfinanzéierung, USA
Next post Previous post