D’Escher Gemeng an d’Seniorefeier 2018
Vum 19. bis den 30 November organiséiert d’Stad Esch-Uelzecht nees d’Seniorefeier, déi sech un d’Awunner iwwer 60 Joer riicht. Mat 1200 Umeldunge fir dëst Joer rechent ee mat enger erfollegräicher Manifestatioun.
Wärend den 10 Deeg gëtt hei een „déjeuner dansant“ proposéiert, wou d’Senioren ab 11 Auer een Apero zerwéiert kréien, gefollegt vun engem Mëttegiesse mat musikaleschem Encadrement, fir esou een aluedenden a festleche Mëtteg ze verbréngen. All Dag gëtt heibäi, jee no Aschreiwungen, een aneren Escher Quartier geruff.
Och eis Seniore sollen u soziokulturellen a sportlechen Aktivitéiten nach deelhuele kennen. Aus dësem Grond proposéiert d’Gemeng, den Theater, de Conservatoire an d’Schwemm eng gratis Entrée. Donieft bitt den neie „Mosaïque Club“ Cadeausbongen am Wäert vu maximal 25 € un, fir eng, vun de Senioren ausgewielten Aktivitéit.
Um Nomëtteg kréie si hei och d’Méiglechkeet sech iwwert déi verschidde proposéiert Programm ze informéieren, an dat direkt bei de Servicer an Associatioune selwer. Dobäi sinn:
- „Fit60+“, Sport an der Stad Esch-Uelzecht
- „Repas sur roues“, „Telealarm“, „Seniors et besoins spécifiques“ an „Escher BiBSS“
- Lokal Déngschter vum CIGL
- „Mosaïque Club“ an de Service „HELP vum Roude Kräiz
- „Stëftung Hëllef Doheem“
- „Amicale vun de Sécherheetsberoder“
Esou soll de Senioren ee gemittlechen a flotten Dag erméiglecht ginn. Wien elo nach interesséiert ass sech un ze mellen, kann dat beim Service „Seniors – Besoins spécifiques“ (21, rue Louis Pasteur, L-4276 Esch-Uelzecht) maachen oder iwwert Telefon: 2754 2210.