Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Fondatioun Biermans-Lapôtre feiert säin 90.
https://moien.lu/is-dating-a-single-mom-a-good-idea/ Neiegkeeten

reddit dating single parents

Zu éiere vum 90. Gebuertsdag vun der Fondatioun Biermans-Lapôtre zu

dating erstes telefonat
https://moien.lu/is-dating-a-single-mom-a-good-idea/ Neiegkeeten

Kenns du dës Lëtzebuergesch Riedensaarten? – 2

No eiser éischter Ronn lescht Woch hu mer och dës

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz
https://moien.lu/is-dating-a-single-mom-a-good-idea/ Neiegkeeten

D‘Asiicht an d‘Wielerlëschte verstéisst net géint den Dateschutz

Déi CSV-Deputéiert Gilles Roth an Diane Adehm haten eng „urgent“

D’Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?

D’Gemeng Lëtzebuerg gëtt Hetzer eng Plattform. Wien ass dofir verantwortlech?

An der Nuecht op Nationalfeierdag ass den Här Tun Tonnar op der Bühn op der Theaterplaz opgetrueden, an huet a senge Lidder géint Lëtzebuerg, géint déi groussherzoglech Famill, wéi och géint politesch Meenunge gehetzt.

“Féck Lëtzebuerg”
“Féck den Haff”
“Féck ADR” asw.

Een Affront géint eis Natioun, géint eist Land, géint all seng Awunner, déi dat Land gär hunn, géint eis groussherzoglech Famill, an dat kuerz nom Doud vum Groussherzog Jean, ganz besonnesch géint déi Leit, déi sech fir dëst Land agesat hunn a mam Liewe bezuelt hunn, a géint hir Familljen, géint all déi feierlech Rieden, déi op Nationalfeierdag iwwerall am Land gehaal gi sinn, a wou op Matenee gepocht ginn ass, a géint eis politesch Debattekultur.

Leit déi et live héieren hunn, ware schockéiert!

D’Gemeng Lëtzebuerg ass als Organisateur och verantwortlech fir dat wat op hire Concerte gebuede gëtt, an dat heiten ass hei näischt aneschtes wéi Hetz. Um Internet hätt een, wann ee gesicht hätt, am Virfeld vill Informatioune iwwer Lidder fonnt, an deenen den Här Tun Tonnar géint Lëtzebuerg a géint déi groussherzoglech Famill hetzt. Ausserdeem leeft nach e Prozess vum Parquet géint den Här Tun Tonnar wéinst Beleidegung.

Dofir ass et net ze entschëllegen, datt et zu esou eppes konnt kommen, a mir froen eis dowéinst wien de politesch Verantwortleche vun där Organisatioun an der Gemeng Lëtzebuerg ass.

Den Optrëtt gehéiert iwwregens zur ‘stayfou tour 2019’, wou den Här Tun Tonnar matmécht. Weider Optrëtter sinn am Summer an de Gemenge Péiteng, Miersch, Mamer, Klierf a RuedSyr geplangt. Wuel och op Käschte vun de Steierzueler.

Matgedeelt vun der Initiativ Wee2050

Ähnlech Sujeten Concert, Nationalfeierdag, Theaterplaz, Tun Tonnar, Wee 2050
Nächsten Artikel Virrechten Artikel