Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialversécherung: De Bilan vum Joer 2017
Quiz

Sozialversécherung: De Bilan vum Joer 2017

D’Generelinspektioun vun der Sozialversécherung (IGSS) verëffentlecht säin 43. Rapport zur

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen
Quiz

D‘Tierkei kann de Verfall vu senger Währung net ophalen

Der tierkescher Lira geet weiderhi schlecht, ganz schlecht. Et ass

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad
Quiz

Blues‘n Jazz Rallye an der Alstad

Zanter elo 25 Joer organiséiert de Luxembourg City Tourist Office

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?

Wéi gutt kenns du d’Gemeng Mamer?

Gemeng Mamer Quiz


Gemeng Mamer Quiz

Question 1 of 10.

Wat gouf bei Ausgruewungen an de 70er Joren beim Tossebierg fonnt?

1. E réimescht Mosaik
2. E réimeschen Uewen
3. Reschter vu réimeschen Thermen

Do goufen d'Reschter vu réimeschen Therme fonnt.

Question 2 of 10.

No wéi enger Perséinlechkeet vu Mamer ass de Lycée zu Mamer benannt ginn?

1. Carlo Losch
2. Josy Braun
3. Josy Barthel

Nom Josy Barthel.

Question 3 of 10.

Wéi ee Musée ass zu Kapellen ze fannen?

1. E Réimermusée
2. E Policemusée
3. En Naturmusée

De Policemusée.

Question 4 of 10.

Wéi huet den NATO-Stützpunkt NSPA fréier geheescht?

1. NAMSI
2. NAMSA
3. NAMSO

En huet NAMSA (NATO Maintenance and Supply Agency) geheescht. Iwwerwaacht goufen se vun der NATO Maintenance and Supply Organization (NAMSO).

Question 5 of 10.

Zu Mamer ass eng Statue vum Nicolaus Mameranus ze fannen. Wat huet dës Persoun zu Liefzäiten am 16. Joerhonnert gemaach?

1. En hat eng Dréckerei.
2. E war Haffdichter vum Karel V.
3. E war Moler.

Den Nicolaus Mameranus war Haffdichter vum Karel V.

Question 6 of 10.

Duerch Mamer fléisst - logescherweis - d'Mamer (Baach). A wéi ee Floss fléisst dës Baach?

1. Uelzecht
2. Musel
3. Attert

D'Baach leeft zu Miersch an d'Uelzecht.

Question 7 of 10.

Wéi vill Awunner huet d'Gemeng Mamer ongeféier?

1. 9.000
2. 12.000
3. 15.000

D'Gemeng Mamer huet zum 1.1.2017 9.185 Awunner

Question 8 of 10.

Mat wéi enger Franséicher Gemeng ass Mamer jumeléiert?

1. Dangé-Saint-Romain
2. Cenon-sur-Vienne
3. Bonneuil-Matours

Mamer ass mat Dangé-Saint-Romain jumeléiert.

Question 9 of 10.

Wéi een Zäitzeien vun de Réimer ass zu Kapellen un der Areler Strooss ze gesinn?

1. Thermen
2. E Mosaik
3. En Zillenuewen

En Zillenuewen.

Question 10 of 10.

Wien ass Buergermeeschter vu Mamer? (Stand: 2018)

1. Henri Hosch
2. Gilles Roth
3. Josy Konz

De Gilles Roth ass Buergermeeschter vu Mamer.

Next question 1 of 10

All 10 questions completed!


Share results:

Gemeng Mamer Quiz

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

Mamer huet eng immens laang a räich Geschicht. Vill grouss Perséinlechkeete kommen aus dëser Gemeng. Et kann een also dat eent oder anert an eisem Quiz dobäi léieren.

Foto: Vum Cornischong at lb.wikipedia, CC BY-SA 3.0

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Mamer, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel