Search

You may also like

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen
Kultur Neiegkeeten

Et gi weider vill doudeg Motocyclisten op eise Stroossen

D’Doudesaffer hunn zu Lëtzebuerg en historesche Minimum erreecht: Et gouf

money
Versprieche gehalen: US-President setzt Baisse vun de Steieren duerch
Kultur Neiegkeeten

Versprieche gehalen: US-President setzt Baisse vun de Steieren duerch

Den amerikanesche President Donald Trump huet um Mëttwoch a Wäissen

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock
Kultur Neiegkeeten

Brexit: d‘EU erhéicht den Drock

En Donneschdeg hunn déi europäesch Staatscheffen den Drock op d‘Premierministesch

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!

Gemeng Steesel – Ee kulturelle Programm am Hierscht!

Esou lues gëtt et nees méi kal an däischter dobaussen. Kee Grond de Kapp hänken ze loossen: Mat Musek, Theater, Kabaret an engem klenge Séile-Striptease gëtt engem direkt waarm ëm d’Häerz. D’Gemeng Steesel invitéiert an dësem Kader op folgend Evenementer:

  • PappendagsconcertSonndes, de 6. Oktober 2019 um 17:00 Auer
    Eng Rees duerch d’Wierker vu Lëtzebuerger Komponiste, firgedroe vum Jeremy Ney (Piano), Luca Wolff (Trompett) a Laura Frisch (Querflütt)

    Wou: Kultursall Steesel

    Entrée: Gratis
    Weider Informatiounen HEI
    Gemeng Steesel
  • De ScholdschainMëttwochs, den 23. Oktober 2019 um 20:00 Auer
    Dat alleréischt Theaterstéck a Lëtzebuerger Sprooch an eng vun den éischten Operette weltwäit, huet ons den DICKS ‐ deen se selwer Kaméidisstöcker genannt huet ‐ 1855 geschenkt. Mee et ass net nëmmen dat éischt, mee och dat witzegst vum Dicks senge Stécker. Wee kennt net „Gëf mer eng Bees, O du mäin am Kamäin, Dee freie geet sief gutt gekleet…“
    A well de SCHOLDSCHAIN nëmmen eng gutt Stonn dauert (den Dicks wousst wat sech gehéiert) hunn de Carlo (de Paapschossel) an d’Yannchen (spillt d’Mamm) deem Owend e Virspill geschriwwen, wouran se hir grouss „69ger Wittmann‐Konzert‐ Drehorgel“ ‐ déi se speziell fir esou Produktiounen zu Wien baue gelooss hunn ‐ op ganz amusant Manéier virstellen. Sidd op all Iwwerraschunge gefaasst.
    Déi zwee Kënschtler ginn ënnerstëtzt vum Stéphanie Schlink (als Marréi) an dem Al Ginter (de Schuechtegfeeër Néckel). A wéi gewinnt bei Hartmann & Hoffmann, schéi Costumer an een opulent Bühnebild.

    Wou: Kultursall Steesel

    Entrée: 20 € / Studenten 10 € (Oweskeess ab 19:00 Auer, Reservatioun ënnert 33 21 39 1 oder reservation@steinsel.lu)
    Weider Informatiounen HEI
    Gemeng Steesel
  • Et geet ëm de FricFreides, den 8. November 2019 um 20:00 Auer
    Wann een d‘Hannergrënn vun deene groussen an och deene méi klengen Decisioune wëllt verstoen an novollzéien, da kennt een noutgedrongen ëmmer nees zum selwechte Schluss. Et geet bal ëmmer just nëmmen ëm dat eent, an dat ass de Fric. Vill Decisiounen si Gëft fir de Fridden, fir d’Ëmwelt, fir dat normaalt Zesummeliewen. Egal?! Wann herno d‘Kees stëmmt, ass  dann alles an der Rei? Oder vläicht awer net?
    Et gëtt zwar behaapt, datt de Fric net géif glécklech maachen, mee et beroueg awer immens, wann een es huet. Am ëffentlechen an am  private  Liewen ass dat méi wéi wouer. An hirem neie Programm 2018/19 mécht sech de Cabaret Batter Séiss, wann der wëllt och zesumme mat iech, Gedanken zu dem Thema Fric, an dofir heescht hiren neie Programm: Et geet ëm de Fric! Mat Texter a Lidder beschäftegt sech de Cabaret Batter Séiss op seng gewinnte witzeg Aart a Weis mat dëser Thematik. Et ass dem Ensembel säin 10. Programm, deen ënnert der Regie vum Rob Wagner steet  a vun den Actrice Vicky Wagner  a Liette Wilgé, zesumme  mat den Acteure Gérard Heinen a Rob Wagner gespillt gëtt. D’Texter vun de Sketcher an de Lidder sinn zum groussen Deel vum Cabaret Batter Séiss a goufe geschriwwe vum Vicky a vum Rob Wagner. De Programm ass wéi gewinnt an zwee Deeler an all Deel dauert ronn eng Stonn.

    Wou: Kultursall Steesel

    Entrée: 15 € / Studenten 8 € (Oweskeess ab 19:00 Auer, Reservatioun ënnert 33 21 39 1 oder reservation@steinsel.lu)
    Weider Informatiounen HEI
    Gemeng Steesel
  • AutoPsySonndes, den 24. November 2019 um 17:00 Auer
    Eng Fra eleng. Agespaart. Sedéiert a kontrolléiert. Se verzielt aus hirem Liewen, vun hirer Kandheet, vu Mëssbrauch an Ofhängegkeet, vun hire Männer, déi all verschwonne sinn. Wien ass hei schëlleg? Wien ass d’Affer? D’Autopsy vun enger verluerener Existenz – ee Séile-Striptease.Wou: Kultursall Steesel
    Entrée: 15 € / Studenten 8 € (Oweskeess ab 16:00 Auer, Reservatioun ënnert 33 21 39 1 oder reservation@steinsel.lu)
    Weider Informatiounen HEI

    Gemeng Steesel

     

Related topics AutoPsy, De Scholdschain, Et geet ëm de Fric, Gemeng Steesel, Kabaret, Kultursall Steesel, Musék, Pappendagsconcert, Programm, Theater
Next post Previous post