Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Theresa May ënner Drock
https://moien.lu/emily-perkins-dating/

Theresa May ënner Drock

Kënnegt haut déi konservativ Premierministesch Theresa May  hir Demissioun un?

fusion dating christian
https://moien.lu/emily-perkins-dating/

dating revealed

Et war den Dag virun Helleg Owend, wou déi bekannte

What the Fakt – Dat vegetarescht Duerf EDEN zu Berlin!
https://moien.lu/emily-perkins-dating/

What the Fakt – Dat vegetarescht Duerf EDEN zu Berlin!

Um 28. Mee 1893 hunn 18 Persounen déi sougenannt „Vegetaresch

Gemengefusioune sollen net vun uewen erof opgezwonge ginn

D’DP schwätzt sech géint d’Propose vum Claude Wiseler aus

Gemengefusioune sollen net vun uewen erof opgezwonge ginn

D’Gemengefusioune sinn iwwert déi lescht Joren ëmmer méi viru gedriwwe ginn. Zwar ass een e gutt Stéck fort vum fréieren Zill, op 70 Gemengen erof ze kommen. Ma ëmmerhin ass ee mëttlerweil bei 102 Gemengen ukomm. Vue datt elo erëm Wahle virun der Dier stinn, gëtt och dat Thema ugepaakt. An dowéinst huet d’DP zu enger Pressekonferenz agelueden, wou se ee klore Message hunn: Gemengefusiounen, jo, mee ouni Zwang!

Deen Zwang gesinn se bei de Propose vum Claude Wiseler um CSV Kongress méi oder manner direkt ginn. Esou hat den CSV-Spëtzekandidat d’Iddi opbruecht, fir bei enger Territorialreform d’Zuel vun de Gemengen op 60 ze reduzéieren an dëst dann per nationalem Referendum ze legitiméieren. Dat gesäit d’Demokratesch Partei méi wéi kritesch an d’Lydie Polfer verweist op e schlecht Demokratieverständnes. Et kéint net sinn, datt aner Gemengen mat iwwert d’Fusioune vun anere Gemengen géifen ofstëmmen.

Et gëtt op den Dialog mat de Bierger gesat

Eng Gemengefusioun, sou d’Buergermeeschtech vun der Stad Lëtzebuerg, misst vun de Bierger matgedroe ginn. D’Gemenge misste selwer den Dialog ophuelen an eng Legitimatioun duerch e Referendum vun hire Bierger kréien. D’Martine Dieschbourg-Nickels betount och, datt do eng Iddi, esouguer eng Visioun misst dohannert stoen, wéi déi nei Gemeng auszegesinn huet a wéi se funktionéiere soll. An dowéinst wier dann och den Dialog mat de Bierger vun esou enger grousser Bedeitung.

Et si virun allem kleng Gemengen, déi et ëmmer mi schwéier hunn, mat den neien Erausfuerderungen matzehalen, esou d’Lydie Polfer. Do wier et dann och de bessere Choix, eng Fusioun ze maachen, souwuel aus finanzielle wéi och aus Grënn vum Personal. Mee si kéint och d’Ängschte vun de Leit aus klenge Gemenge verstoen, déi esou eng Verwandlung vun hirer lokaler politescher Landschaft fäerten. Do misst een dann och iwwerleeën, op d’Schwell vu Majorz- op Proporzgemeng bei 3.000 Awunner bleiwe sollt.

Ähnlech Sujeten Claude Wiseler, CSV, DP, Gemengefusiounen, Gemengen, Lydie Polfer, Martine Dieschbourg-Nickels
Nächsten Artikel Virrechten Artikel