Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereinfachte Rekrutement duerch moderniséierten CFL Internetsite
Quiz

Vereinfachte Rekrutement duerch moderniséierten CFL Internetsite

Säit der digitaler Ära gëllt den Internet als Duerstellungsplattform fir

En Éisträicher gesäit sech als Nofolger vum Jean-Claude Juncker
Quiz

En Éisträicher gesäit sech als Nofolger vum Jean-Claude Juncker

De fréieren éisträichesche Kanzler Christian Kern, huet e Mëttwoch bestätegt,

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!
Quiz

Véier Filmer beim 72. Festival vu Cannes!

Als Minister fir Kommunikatioun a Medie war de Xavier Bettel

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?

Hues du en Iwwerbléck driwwer, wie mat wiem fusionéiert huet?

Gemengefusiounsquiz


Gemengefusiounsquiz

Question 1 of 12.

Wéi vill Gemengen ginn et zu Lëtzebuerg am Joer 2018?

1. 102
2. 111
3. 105

Haut ginn et zu Lëtzebuerg 102 Gemengen.

Question 2 of 12.

Wéi huet d’Gemeng Préizerdaul bis 2011 geheescht?

1. Proz
2. Bieberech
3. Rëmmereg

Virdrun war et d’Gemeng Bieberech.

Question 3 of 12.

Uerschdref, Bungeref, Foulscht a Pärel sinn 1979 matenee fusionéiert. Wéi eng Gemeng ass do entstanen?

1. Pärel
2. Rammerech
3. Wëntger

D’Gemeng Rammerech ass dorausser ervir gaangen.

Question 4 of 12.

Op den 1. Januar 2018 hu gläich e puer Fusioune stattfonnt. Wéi eng vun dëse fréiere Gemengen ass deen Ament mat enger anerer fusionéiert?

1. Biermereng
2. Tënten
3. Eschweiler

Tënten huet op den 1. Januar 2018 mat Béiwen fusionéiert. Haut heescht déi nei Gemeng Helperknapp.

Question 5 of 12.

Mat wéi enger Nopeschgemeng ass Wolz 2015 fusionéiert?

1. Wanseler
2. Wëntger
3. Eeschweller

Wolz an Eeschweller hunn 2015 fusionéiert.

Question 6 of 12.

Am Joer 1920 si gläich 4 Gemenge mat der Stad Lëtzebuerg fusionéiert. 3 dovunner sinn den 1. Juni fusionéiert, eng ass den 1. Juli nogeréckelt. Wéi eng?

1. Hamm
2. Hollerech
3. Rollengergronn
4. Eech

Eech ass ee Mount mi spéit mat Lëtzebuerg fusionéiert.

Question 7 of 12.

Aus wéi enge fréiere Gemengen setzt sech déi haideg Gemeng Tandel zesummen?

1. Baastenduerf a Furen
2. Branebuerg a Bëttel
3. Laaschent a Waalsdref

Déi fréier Gemenge Baastenduerf a Furen sinn 2006 fusionéiert, woubäi d’Gemeng Tandel entstanen ass.

Question 8 of 12.

D’Zuel vun de Lëtzebuergesche Gemengen ass am Laf vun der Geschicht ëmmer neess op an of gaangen. Wat war dann den Héchststand?

1. 150
2. 120
3. 130

1891 war en Héchststand vun 130 Gemengen erreecht ginn.

Question 9 of 12.

Mat wiem hunn d’Gemengen Munzen an Hengescht 2011 fusionéiert?

1. Ëlwen
2. Wolz
3. Klierf

Si hu mat Klierf fusionéiert.

Question 10 of 12.

Wéi eng vun dëse Fusiounsgemengen ass eréischt 2018 entstanen?

1. Rouspert-Mompech
2. Parc Housen
3. Ärenzdall

D’Gemeng Rouspert-Mompech ass 2018 entstanen.

Question 11 of 12.

Mat wiem hunn d’Gemengen Biermereng a Wellesteen 2012 fusionéiert?

1. Duelem
2. Lenneng
3. Schengen

Si hu mat Schengen fusionéiert.

Question 12 of 12.

Am Joer 1978 hu gläich véier Gemenge matenee fusionéiert: Aasselbur, Béigen, Helzen an Uewerwampech. Wéi eng Gemeng ass dorausser ervir gaangen?

1. Wäisswampech
2. Schëmpech
3. Wëntger

Dobäi ass d’Gemeng Wëntger entstanen.

Next question 1 of 12

All 12 questions completed!


Share results:

Gemengefusiounsquiz

Gefält dir moien.lu?

Abonnéier dech op eisen Newsletter
Keng Angscht, mir spammen net. Dir kritt 1 Newsletter pro Dag.

No an no fält d’Zuel vun de Gemengen am Land. Och 2018 sinn erëm e puer Gemengen zesumme gaangen. Mee wéi gutt kenns du dech mat de Fusiounen aus?

Ähnlech Sujeten Gemengefusiounen, Gemengen, Lëtzebuerg, Quiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel