Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!
Meenung

Sang a Klang Pafendall: et gëtt nees e Kanner-Chouer!

1966 gouf ënnert der Chorale Royale Grand-ducale Sang a Klang

Lëtzebuerger Publicitéitsbericht 2018
Meenung

Lëtzebuerger Publicitéitsbericht 2018

Dat ganzt Joer iwwer hunn d‘Membere vun „Espace Pub“ an

Trump an Dieselskandal werfen hire Schied op de Genfer Autosalon
Meenung

Trump an Dieselskandal werfen hire Schied op de Genfer Autosalon

D‘Automobilindustrie kann sech am schéinste Kleed weisen, um haidegen Dënschdeg,

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Lëtzebuerg huet ze vill Gemengen – muss méi Drock gemaach gi, fir Fusiounen ze maachen?

Eng TNS-Iléres Ëmfro vum RTL huet elo erginn, datt ganzer 74% vun de Befrotenen der Meenung sinn, datt méi Gemenge fusionéiere sollen. Dat ass dach mol e ganz positiivt Zeechen, wat do vun der Populatioun aus geet. An dach geet et bei de Fusiounen hei am Land zimlech lues virun.

Tatsächlech fannen den 1. Januar 2018 Fusioune statt, sou datt d’Unzuel vu Gemengen am Land vun 105 op 102 erof geet. Dat ass dann dach zimlech wäit vun de Pläng fort, déi eng Kéier postuléiert gi sinn a virgesinn hunn. Mee déi Ziler misste jo relativ liicht ze erreeche sinn. Ëmmerhin huet et e grousse Réckhalt an der Populatioun.

Mee um Beispill vun der Nordstad mierkt ee schonn, datt dat net sou einfach ass. Do strieft sech Bettendorf op eemol géint eng Fusioun mat Dikrech an zu Ettelbréck sinn se sech och net ganz eens, wéi se dat wéilte ugoen. Dobäi géif et dach virun allem an der Nordstad Sënn maachen, zesummen ze fusionéieren. Do géing dann dat zesumme kommen, wat zesumme gehéiert. Datt d’Saachen awer fir d’éischt zesumme wuesse mussen, dat gesäit een um Beispill vu Klierf. Mi kleng Gemengen hu mat der Stad Klierf fusionéiert, mee dat heescht nach laang net, datt se do och wierklech zesumme komm sinn.

Villäicht läit et och dorunner, datt munch Lokalpolitiker fäert, bei engem Referendum e Réckschlag ze erliewen. Virkomm ass dat jo schonn: zu Fëschbech, Fiels a Noumer kënne se dovunner e Liddche sangen. A wann ee kuckt, wourunner et scheitert, da muss ee sech scho wonneren. Do hätt dann d‘Angscht virun enger Zentralschoul eng wichteg Roll gespillt, fir sech géint des Fusioun op ze stellen. En plus misst een houfreg kënnen op de Charakter vun enger klenger Gemeng sinn.

Dobäi ass landesplaneresch vu vir era kloer: Desto manner Käpp do sinn, déi engem Problemer beim Plange kënne maachen, desto besser. Datt e Gemengenapparat och eréischt ab enger gewësser gréisst ugemoossen an effikass schafft, soll sou wäit och logesch sinn. Muss een do villäicht mol eng Image-Kampagn fir d‘Fusioune maachen?

Ähnlech Sujeten Dikrech, Ettelbréck, Fusiounen, Gemengen, Gemengewahlen 2017, Politik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel