Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung
https://moien.lu/pictures-used-in-dating-scams/

Eng Plainte géint zwee Agente vun der CNS wéinst Verontreiung

Déi national Gesondheetskeess (CNS) huet lescht Woch misse feststellen, datt

https://moien.lu/speed-dating-in-salt-lake-city/
https://moien.lu/pictures-used-in-dating-scams/

Bëschbrand zu Lëtzebuerg: Mat engem bloen A dervu komm

Déi grouss Dréchent huet och viru Lëtzebuerg net Halt gemaach,

De G7-Sommet: Mat engem Tweet torpedéiert den Trump den Ofschloss-Communiqué
https://moien.lu/pictures-used-in-dating-scams/

De G7-Sommet: Mat engem Tweet torpedéiert den Trump den Ofschloss-Communiqué

Et ass e Fiasko: mat engem „rosenen“ Tweet huet den

Gemengerot Esch-Uelzecht: Kritesch konstruktiv, den zweeten Akt

Gemengerot Esch-Uelzecht: Kritesch konstruktiv, den zweeten Akt

An eisem éischten Deel zum Escher Gemengerot vum 6. Juli, ware mir op déi „schwiereg Verhältnisser“ agaangen. Zum Sträit war et komm, well eng ganz Rei Dokumenter zu Punkten op der Dagesuerdnung, de Conseilleren net am gesetzlech virgeschriwwenen Delai virgeleeën hunn.

Déi lénk hat dann och nach en Zousazpunkt op d‘Dagesuerdnung setze gelooss, deen sech aus der Aktualitéit opgedrängt hat. De Conseiller Marc Baum (déi lénk) huet „Esch 2022“ mat abruecht, well „et ass villes an der Press beriicht ginn, wat hei ze diskutéieren ass“.

An de Conseiller mécht drop opmierksam, datt d‘Konventioun, déi d‘Gemeng mat der Asbl Esch 2022 huet, virgesäit, datt de ganze Gemengerot informéiert muss ginn. Esou stellt de Marc Baum mat bedauere fest, datt de Projet „Kulturhaaptstad“ zu Politikum gi wier, well Kultur am grousse Ganzen zum Politikum verkomm ass.

Eng Feststellung déi esou nei net ass, well datt hat och schonn d‘Kulturkommissioun an hirem Avis esou gesinn. Dobäi wier de Gedanken dee gewiescht, datt Kultur zum Ausgangspunkt vun der Entwécklung vun de Südgemenge sollt sinn. Dat ganzt sollt net zur parteipolitescher Tribün ginn.

Mat der Entwécklung, déi sech duerch de Sträit mat de fréiere Coordinateuren erginn huet, wier den Inhalt vum „Bid-Book“ a Fro gestallt. An iwwerhaapt wier bei dësem Projet villes onbehäerzt an Ugrëff geholl ginn, datt dann och schonn direkt wéi et lassgaangen ass.

Erënnere mir eis…

De Marc Baum huet kuerz den „Agenda“ nach emol ausgepaakt an erënnert drun: am Juli 2015 hätt d‘Regierung d‘Gemengen opgeruff hir Kandidatur fir d‘Kulturhaaptstad 2022 anzereechen. 2016 huet Esch en éischte Projet virgeluecht, dee bei der Jury op Kritik gestouss wier.

Eng Jury déi de Virschlag soll gemaach hunn, datt fir esou ee Projet, et gutt wier Coordinateuren ze beoptragen, de Projet opzestellen. Si goufe fonnt an 2017 hunn déi hir Propose der Jury ënnerbreet. Dat ass evaluéiert ginn, an den 10. November 2017 huet Esch-Uelzecht den Zouschlag erhalen.

An de Conseiller huet och missen drun erënneren, datt ee sech eng éischte Kéier „froe gestallt huet“ wéi de Premier- a Kulturminister Xavier Bettel (DP), géintiwwer de Medie behaapt huet, hien hätt de Projet „gerett“. Dat, esou de Marc Baum, wier wuel net de Fall gewiescht.

Da wier An engem Interview um Radio „Honnertkommasiwen“ dovunner rieds gewiescht, datt 21 Punkte vum Projet bemängelt gi wieren. Dat, esou de Marc Baum, ass eng falsch Informatioun, déi zu allem Iwwerfloss och nach falsch interpretéiert gi wier. Et hätt sech hei ëm Recommandatioune gehandelt, a Lëtzebuerg als Kulturhaaptstad 2007, hat därer der 60 erhalen.

No de Gemengewahlen huet sech zu Esch eng nei Majoritéit erginn, an et wier och Prompt zu engem Paradigmewiessel komm: d‘Coordinateure vum Projet „Esch 2022“ sinn a Fro gestallt. Dat huet fir vill Rumeure gesuergt an Onrou an de ganze Projet erabruecht.

Wann eppes aus dem Rudder leeft

Den Ëmgang vum Buergermeeschter mat de Coordinateuren hätt dann och net derzou bäigedroen, dem Projet neien Opwand ze ginn. An op eemol hunn sech dann d‘Evenementer iwwerschloen. Den Optrag vun de Coordinateure gouf nei definéiert, hir Posten ëmdisponéiert a manner an der Pai hätt et och ginn. Déi logesch Konsequenz, si hunn opginn a sech juristesche Bäistand geholl.

Fir de Marc Baum stellen sech hei eng Partie Froen: Wou ass een aktuell drun? Et gëtt den Ament keen deen sech haaptberufflech ëm 2022 këmmert, sinn déi oppe Plazen ausgeschriwwen? Wéi steet et mam Budget? Wéi stellt e sech vir, datt d‘Jury mat de „Verännerungen“ wäert ëmgoen?

An hei muss de Conseiller vun déi lénk denoncéieren, datt een dann och alles nëmmen aus de Medie gewuer gëtt. Esou sollt sech elo fir de Projet Esch 2022 um Konzept vu Lëtzebuerg 2007 orientéiert ginn, an esouguer de Robert „RoGa“ Garcia wéilt een nees aktivéieren.

Um Enn, esou de Marc Baum, huet een dann eppes virleien, datt esou am Bid-Book net enthalen ass. An der neier Struktur, esou wéi se anscheinend virgesinn ass, si vill Beamten enthalen, an och vu politesche Mandataire ass rieds gaangen. Hei stellt sech dann d‘Fro vun der Onofhängegkeet.

Fir verréckt hält de Conseiller dann d‘Annonce op RTL, datt am Projet Esch 2022, d‘Francofolies sollen agebonne ginn. Och an der Groussregioun steet d‘Welt op der Kopp. Esou wéisst den Alain Casoni, Buergermeeschter vu Villerupt, grad net méi wou hien dru wier…

Wann d‘Wonn bis op ass, kann een de Fanger draleeën

Fir de Marc Baum schéngt ersiichtlech, datt et hei méi Froe wéi Äntwerte gëtt, woubäi am Hiecht d‘EU-Kommissioun jo nach emol op d‘Plaz kënnt fir dat ganz ze evaluéieren. An de Conseiller ka sech beim beschte Wëllen net virstellen, datt déi vun der aktueller Situatioun sollte begeeschtert sinn. Esou wéi Stand vun haut ass, gëtt et nu emol näischt Positives ze bewäerten.

A wann ee sech schonn emol erënnert, dann ass e gutt beroden Insiderwëssen ze hunn. Dat ass beim Vera Spautz (LSAP) als fréier Buergermeeschtesch de Fall, a si stellt dann emol direkt kloer, datt wéi de Projet virun dräi Joer am Gemengerot behandelt ginn ass, all Mënsch begeeschtert war.

Kloergestallt gëtt awer och, datt weder de Kulturministère nach de Minister eng Ënnerstëtzung waren. D‘Conseillère weist drop hin, datt wéi d‘Asbl am Abrëll 2016 gegrënnt ginn ass, sech Vertrieder vum Ministère breet gemaach hunn, déi eigentlech géint de Projet geschafft hätten.

Gutt do sinn elo „neier“ do, an och d‘Buergermeeschtere vun Diddeleng, Dan Biancalana (LSAP) an Déifferdeng, Roberto Traversini (déi gréng) stinn nach ëmmer hannert dem Projet. Woubäi sech d‘Versa Spautz nëmme wonnere kann, wann alles an de leschte Méint vergiess ginn ass.

Esou hätten no de Wahlen eigentlech de neie Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) an déi fréier Buergermeeschtesch Vera Spautz bei der Jury virstelleg misse ginn, fir d‘Kontinuitéit vum Projet ze bestätegen. Dozou schéngt et dann awer net komm ze sinn.

E Vertrag ass e Vertrag

An d‘Conseillere betount „E Bid-Book ass e Vertrag. An do steet dra wat muss gemaach ginn. Elo ka sech kee méi erënnere wat dra steet“, a wéi et mam Budget ausgesäit wier och net gewosst. Dobäi ass am Bid-Book alles dran, och e previsionnele Budget war am Gemengerot gestëmmt ginn.

D‘Vera Spautz huet dann och wéineg Versteesdemech fir dem Ëmgang mat de Coordinateure. Et wier bei de Finanze gefuddelt ginn, et wéisst een net op de Ministère seng Participatioun schonn iwwerwisen hätt. Widderspréchlech oder feelend Informatioune wieren net hëllefräich.

Et dierft och net vergiess ginn, datt d‘Stad Esch d‘Käschte vun der Jury-Visite ze droen hat. Et gëtt och dann nach drop higewisen, datt d‘Drockkäschte vum Bid-Book méi héich ausgefall sinn, wéi dat ursprénglech budgetiséiert ginn ass.

Wat de Loyer vum „Büro“ (4.500 Euro/Mount) an der Uelzechtstrooss betrëfft, esou wier sengerzäit e Vertrag mat der Konditioun ënnerschriwwe ginn, datt een den Zousproch erhält. Firwat dëse Büro net benotzt gouf, an aacht Loyere bezuelt gi sinn, léisst sech net novollzéien.

An och soss huet déi fréier Escher Buergermeeschtesch, mat der Aart a Weis wéi een hei mat engem historesch wichtege Projet, dee jo och der Stadentwécklung soll zegutt kommen, hir Suergen. „D‘Leit verléieren d‘Loscht matzemaachen oder hu schonn opginn“, esou d‘Vera Spautz, déi nach erwähnt, datt an der Uelzechtstrooss scho Projeten hätte missen ulafen.

Et ass een an et bleift ee vum Projet begeeschtert

D‘Conseillère Line Wies (déi lénk) intervenéiert kuerz, a wëll wëssen op sech beim Choix vun de neie „Käpp“ och d‘Gender-Fro gestallt gëtt. Eng Fro am Zesummenhang mat der Feststellung, datt d‘Coordinatrice Janina Strötgen de Poste vu der Kommunikatioun proposéiert kritt huet.

E Posten, esou d‘Line Wies, bei deem d‘Coordinatrice net nëmmen 30% manner Gehalt kritt hätt, mee déi och verdäitlecht, wéi e Rôle der Fra an dësem Projet ënnerstallt gëtt. Datt kann een dann als Opfuerderung gesinn, bei de Kandidaten op d‘Gläichheet tëscht de Geschlechter uecht ze dinn.

Fir d‘Daliah Scholl (DP) besteet kee Grond zur Opreegung: „Mir waren, sinn a bleiwe begeeschtert vum Projet“. An d‘Conseillère vun der Majoritéit betount, datt een Esch 2022 als Zukunftsprojet betruecht, mat dem néidegen Eescht d‘Saach ugeet, an een zouversiichtlech ass, datt et och en Erfolleg gëtt. Net ze vergiessen, datt Esch 2022 e Bäitrag fir Europa ass.

Si stellt zudeem fest, datt d‘Kultur de Motor vun de „forces vives“ ass, an eng Kulturhaaptstad nëmmen dann „Cool“ ass, wann se vu nohaltege Projete gedroe gëtt. Et wier och schonn e bëssi eppes geschitt, esou huet et 6 kulturell Kaffiskränzercher a vill aner Aktivitéite ginn.

De Buergermeeschter Georges Mischo, dee gäre vu sech behaapt kee kulturellen Expert ze sinn, kann zu de Coordinateure keng Ausso maachen, wat verständlech ass, well een sech mat de Betraffenen am Rechtssträit befënnt. Nei Kandidature géife virleien, déi misst een sech elo a Rou ukucken, an déi dräi am beschte qualifizéiert Käpp, egal op Mann oder Fra, ausgewielt ginn.

Transparenz an dësem Dossier ass wichteg

Fir de Georges Mischo ass et zudeem wichteg, datt et an dësem Dossier transparent hiergeet. Et ass richteg, datt am Verwaltungsrot vun Esch 2022, deen aus 20 Leit besteet, 5 Memberen aus der Politik kommen, an der 6 vu Ministèren agesat goufen. De Grupp „ad-hoc“ besteet aus 6 Leit, wouzou de Robert Garcia (déi gréng) gehéiert, deen als eenzegen e politescht Mandat huet.

Et misst dann awer betount ginn, datt et beim Projet Esch 2022 net ëm Parteipolitik geet. Wat eng Bedeelegung vu Gemengen aus der Groussregioun ugeet, esou stellt de Buergermeeschter fest, datt d‘Fransousen sech gären u Projete bedeelegen, mee sech finanziell gäre bedeckt halen.

Datt bei der neier Opstellung wäert op e Finanzdirekter geluecht gëtt, hätt domatter ze dinn, datt ee sech en zolidd Fundament wëll dohinner stellen. Verständlech, wann ee virdrun op e schlechten Ëmgang mat de Finanzen higewisen huet. Zur Kontroll vun dësen, wieren awer keng zwou Fiduciairen agesat ginn. Nëmmen eng hätt d‘Keess gepréift, déi aner soll de Projet begleeden.

Richteg ass och, datt sech déi nei Finanzéierung um Modell vu Lëtzebuerg 2007 orientéiert. Dat vir fir Esch vu Virdeel. Wat déi kulturell Projete betrëfft, esou géif gekuckt wat een an de Programm kann ophuelen, woubäi, wann e Virschlag net direkt „passend“ et ass, en dësen nobessere kann.

Genee esou richteg ass et, datt d‘Bid-Book natierlech e Vertrag tëscht der Asbl Esch 2022 an der EU-Kommissioun ass. Dat mam Lokal an der Uelzechtstrooss stéiert de Georges Mischo schonn zolidd, well de Coordinateuren hir Aarbechtsplaz an der „Maison Mousset“ sollt sinn.

Fest steet dann och, datt d‘Stad Esch d‘Leedung vum Projet behält. Den 20. November fënnt de Monitoring wéi geplangt statt, an de Buergermeeschter gesäit kee Grond, firwat et dobäi zu Problemer sollt kommen. Och hie betount datt de Schäfferot zu 100% hannert Esch 2022 steet.

An domatter zréck zur eigentlecher Dagesuerdnung

De Schäffen André Zwally huet am Uschloss zur „Kulturdebatt“ d‘Schafe vun e sëlleche Posten ugekënnegt. Esou kritt den Theater e neie Caissier, an der Schoulmedezin gëtt en Infirmier gebraucht, an en techneschen Ingenieur soll fir d‘Verkéiersamt fonnt ginn. Dat alles ass eestëmmeg esou ugeholl ginn.

Bei der Gestioun vun den Offäll kënnt zu Verännerungen am Reglement. Heivunner betraff déi blo Säck vun der Valorlux. Hei kritt e Menage zukünfteg: Haushalt bis zwou Persounen, 1 Rouleau;

Haushalt bis dräi Persounen, 2 Rouleauen; Haushalt mat méi wéi dräi Persounen, 3 Rouleauen. Op Nofro, kann en Haushalt méi Rouleauen erhalen, maximal awer dovunner zwee.

Déi nei Valorlux-Säck sinn dann och elo nummeréiert, wat et dem Gestionnaire soll erlaben, de Besëtzer vum Rouleau ze identifizéieren. Eng Moossnam déi Sënn mécht, wann ee bedenkt, wat alles esou an der Natur lant an net dohinner gehéiert. Betriber kënnen och Säck erhalen, wa si vun der Valorlux e Bon de Commande kréien. Déi lénk sech enthalen sech, d‘LSAP stemmt dergéint.

Vu lauter Haiser gesäit een d‘Beem net méi

Och e Punkt deen sech hält: d‘Bamhaiser um Gaalgebierg. Do huet d‘Gemengereglement alt nach emol misse verännert ginn, well et beim Tarif tëscht dem Ministère an der Gemeng ënnerschiddlech Opfaassunge ginn huet. D‘Ännerunge goufen eestëmmeg ugeholl.

De Schäffe Pim Knaff (DP) huet sech dann nach enger helle Wull u Konventiounen ugeholl. E Partenariat fir d‘Entwécklung vun der grenziwwerschreidender Agglomeratioun (Alzette-Belval) mat de Gemengen: Monnerech, Suessem a Schëffleng, ass eestëmmeg ugeholl ginn. Esou och d‘Konventioun mat „Urban Art“.

Bei der Konventioun mat der Fondatioun vum Resistenzmusée hunn sech déi lénk, d‘LSAP an den onofhängege Conseiller Dan Codello enthalen. Dat selwecht Bild ergëtt sech fir d‘Konventioun an de Contrat de Bail mat der Associatioun Hariko an dem Roude Kräiz, der Asbl Graffiti an der Asbl EPI. D‘Enthalungen hei sinn op déi spéit Virlag vun den Dokumenter zeréckzeféieren.

Beim Punkt 15, Budget a Finanzen, huet déi lénk dergéint gestëmmt. Dofir huet et bei de Subsiden dann nees Eestëmmegkeet ginn. Domatter ass elo emol bis no der Summervakanz eppes méi roueg, an d‘Hoffnung bleift bestoen, datt sech mam schéine Wieder oder nees d‘Gemidder berouegen, an déi nei Sessioun e bessere Verlaf hëlt.

Ähnlech Sujeten Esch 2022, Escher Gemengerot, Kulturhaaptstad, Marc Baum, Vera Spautz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel