Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Chamberwahlen erkläert…
Neiegkeeten

D‘Chamberwahlen erkläert…

Et ass Wahlkampf, an déi politesch Parteien a Beweegunge beméien

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch
Neiegkeeten

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch

Eng Gesellschaft, egal wéi multikulturell se opgestallt ass, definéiert sech

money
HITEC Lëtzebuerg S.A. iwwerhëlt Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG
Neiegkeeten

HITEC Lëtzebuerg S.A. iwwerhëlt Laboratoiretechnik-Produktlinn vu Krahnen KG

HITEC Lëtzebuerg S.A. gëtt bekannt, datt de Produktportfolio fir Préifapparater

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens

Gemengerot Esch-Uelzecht: Bei der Schoul an am Verkéier gëtt et nach en Dissens

Bei der Gemengerotssëtzung zu Esch-Uelzecht war den Haaptthema d‘Schoulorganisatioun, d‘Modifikatioun vum PAG „Wobrécken“ an déi Regelung fir d‘Parking-Vignetten. Et war dann awer deels eppes Schwéier de „Fuedem“ beim Debat festzehalen.

Ugefaangen huet d‘Sëtzung dann awer mat engem anere Sujet. D‘Conseillère Taina Bofferding (LSAP) huet de Schäfferot drop ugeschwat, datt de Projet „Hariko“ seng Raimlechkeeten zu Bouneweg verléisst a soll op Esch kommen. Si bezitt sech domatter op eng Meldung aus dem Tageblatt, an huet zouginn eppes erstaunt gewiescht ze sinn.

D‘Uspillung déi hei vun der Oppositioun an de Raum gestallt ginn ass huet de Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) verstanen, an dann och emol direkt kloe gestallt, datt „ni rieds dovunner war datt zu Esch d‘Sozialpolitik sollt ophalen“, a verweist op verschidde Projeten – wéi den FC United, e Fussballveräi vun a vir Flüchtlingen – déi ënnerstëtzt ginn.

De Kulturschäffen, Pim Knaff (DP) stellt kloer, datt et dem Schäfferot eng Freed ass, de Projet „Hariko“ zu Esch opzehuelen. Et wier e kulturelle Projet, a seng sozial Komponent wier e Plus. Et géif allerdéngs drop wäert geluecht, datt wann d‘Raimlechkeeten déi hinnen zur Verfügung gestallt ginn „gratis“ sinn, och d‘Leit aus dem Quartier mussen un den Atelieren dierfen deel huelen.

Si solle mëttelfristeg am „ale“ Geriicht ënner Dach kommen. Eng Plaz déi sech ubitt, well se engersäits no um Jugendhaus, an a Proximitéit vum Studentecafé geleeën ass. De Pim Knaff huet dann och betount, datt et e Kulturhaus soll sinn, dat de ganzen Dag op ass, an net nëmme Stonneweis genotzt gëtt. Et hätt ee gären e liewegt Haus.

Schoulorganisatioun

Duerch déi vill eenzel Punkten zum Thema Schoulorganisatioun huet d‘Schäffin Mandy Ragni gefouert. Als éischt waren do d‘Reglementer fir d‘Besetzung vun de Poste fir d‘Enseignanten, d‘Educateuren an d‘Chargéeën. De Conseiller Jean Tonnar (LSAP) huet hei op déi verschidden Texter higewisen, déi deels onverständlech oder voller Feeler sinn.

Hei misst nach emol driwwer gekuckt ginn. Texter sollte liicht ze verstoe sinn, wat hei net de Fall ass. Wat dann d‘Chargéeë betrëfft, esou fuerdert d‘LSAP-Fraktioun, datt e sollt beméit sinn déi ze behalen déi och gewëllt sinn ze bleiwen. Well datt mat den Texter vun de Reglementer net „glécklech“ formuléiert ass, ass hei dann och e separate Vott ugefrot ginn.

D‘Conseillère Denise Biltgen-Jacque (CSV) stellt an dësem Zesummenhang fest, datt 2018 als „Iwwergangsjoer“ muss betruecht ginn. D‘Gesetz wier eréischt rezent um Krautmaart gestëmmt ginn an den neie Schäfferot, misst sech domatter nach befaassen. Si ënnerstëtzt awer d‘Fuerderung, déi Chargéeën an de Gemeng ze behalen, déi een huet, wann se dann och bleiwe wëllen.

Bei déi lénk suergt de Conseiller Marc Baum fir eng Iwwerraschung. Entgéint der „Traditioun“ stëmmt hien dëst Joer fir d‘Schoulorganisatioun. Et gëtt dann allerdéngs nach betount, datt déi lénk et net begréissen, datt hei ausschliisslech no Anciennetéit ausgewielt gëtt. De Marc Baum geséich et léiwer, wann och pedagogesch Kritären hei géife berécksiichtegt ginn.

(D‘Reglementer fir d‘Postebesetzung vun den Enseignanten an den Educateure sinn eestëmmeg ugeholl ginn. D‘Reglement fir d‘Postebesetzung vun de Chargéeën a Suppleante, ass bei Enthalung vun der LSAP-Fraktioun an dem onofhängege Conseiller Dan Codello ugeholl ginn.)

Schoulentwécklungsplang (PDS)

Aus de virgeluechten Zuele geet ervir, datt et e liichte Réckgang bei den Aschreiwunge gëtt, woubäi iwwert de Summer ëmmer eng gewësse Fluktuatioun besteet. Mat der Opdeelung vun de Kanner schéngt een esouwäit zefridden, an nei Strukturen, wéi déi „A Kleppen“, erweideren d‘Offer. Et soll dann och ab der Rentrée 2018/19 e Kultur-Coordinateur fir d‘Schoule ginn.

D‘Denise Biltgen-Jacque stellt nach fest, datt et am Fundamentalunterrecht méi portugisesch (41%) Kanner wei lëtzebuergescher (31%) gëtt, an déi Zuelen an de Maison Relais genee ëmgedréit sinn. Et erkläert sech dann awer vläicht doduerch, datt a vill portugisesche Familljen eng Boma am Stot ass, déi an der Mëttegstonn kacht.

De Marc Baum, deen de Acteuren aus dem Secteur fir hir Aarbecht Merci seet, weist awer drop hin, datt et net duer geet dofir ze suergen, datt et kuerzfristeg klappt, mee ee laangfristeg denke soll. Esch ass wuel net déi einfachst Plaz fir alles esou hinzekréie wéi ee sech dat wënscht, mee et wier awer dem Schäfferot seng Flicht déi beschte Konditiounen unzebidden.

Déi lénk bedauert dann och, datt et emol ze vill Annexe gëtt, d‘Kanner ze laang Weeër hunn, an d‘Zesummenaarbecht tëscht de Schoulen an de Maison Relais muss verbessert ginn. Déi nei Medie sollten am Unterrecht genotzt ginn, mee et géif net genuch Material, an de Reseau wier „schlecht“. Onzefridden ass de Marc Baum am Bezuch op d‘Mixitéit, hei misst dréngend nogebessert ginn.

(D‘Schoulorganisatioun vun den aacht Strukturen ass mat der Abstentioun vum Marc Baum ugeholl ginn. D‘Schoulentwécklungspläng (PDS) hunn d‘Eestëmmegkeet erhalen.)

PAG Wobrécken

Bei der Presentatioun vun der punktueller Modifikatioun zum PAG Wobrécken, huet de Schäffe Martin Kox (déi gréng) erkläert, datt een den Terrain vun der Schoul als „equipement Public“ sollt auszeechnen, wat eng gréisser Flexibilitéit bei der Gestaltung erméiglecht.

Domatter wier een awer net averstanen. Hie setzt sech dofir an, datt et genuch Gréngfläche gëtt an all Bam deen aus bautechnesche Grënn muss verschwannen, och nees ersat gëtt. De Projet soll dann och nach en dësem Joer ugefaange ginn.

De Conseiller Henri Hinterscheid (LSAP) begréisst, datt et zu gudder Lescht dach méi einfach geet wéi et ausginn huet. Och hien hätt mam Avis aus dem Ministère esou seng Schwieregkeete gehat, freet sech awer datt e Maximum u Ressourcen erhale ginn, a global betruecht d‘Gréngflächen net reduzéiert ginn. Mat der Rigel-Bebauung wieren d‘Leit déi hannert de Schoul wunnen, dann och manner vun de Nuisancen, déi duerch den Trafic bestinn, betraff.

„Net jidderee war vum Projet begeeschtert“, mengt de Conseiller Christian Weis (CSV), deen awer dem Henri Hinterscheid zoustëmmt. Et wier dann awer vun de Servicer eng gutt Aarbecht geleescht ginn, an d‘Awunner hätten alles verständlech erkläert kritt. Hie gesäit am Projet „Wobrécken“ eng Plus-value fir de Quartier an Esch am Allgemengen.

(D‘Modifikatioun vum PAG Wobrécken ass eestëmmeg ugeholl ginn)

Verkéiersreglement

Nom koordinéierte Verkéiersreglement, ass um Freideg iwwert eng Neigestaltung bei de Parking-Vignetten ofgestëmmt ginn. „Gratis Parken“ ass net méi virgesinn, a och bei de Vignetten déi fir Betriber erhältlech sinn (mat deenen zwou, respektiv véier Stonne ka geparkt ginn) gëtt et nei Tariffer. Dat well et genuch Parkinge gëtt, an och de P&R gutt un den Zentrum ugeschloss ass.

Eng „Beruffsvignette“ fir Journaliste gëtt et zukünfteg net méi, wat zu ënnerschiddleche Meenunge gefouert huet. Dat et hei sécherlech zu Abuse komm ass, dat dierft kee Grond sinn, d‘Journalisten all an een Dëppen ze geheien. Den Henri Hinterscheid hätt sech gewënscht, datt een hei no enger anerer Léisung gesicht hätt.

De Conseiller Mike Hansen (LSAP) huet am grousse ganze kee Problem mam Reglement, dat de Parking Residentiel um Niveau vun de Vignettë festleet. Hien erënnert drun, datt dat koordinéiert Verkéiersreglement nach net aus dem Ministère zréck ass, an et hei ze vill Diskussioune ginn huet, vir dem proposéierte Verkéiersreglement zouzestëmmen.

De Christian Weis sengersäits erfreet et, datt nees méi Parkraum fir den „Escher“ geschafe gëtt. Et wier am Bezuch op d‘Vignette no gudde Léisunge gesicht ginn. Mat deem am Wahlprogramm vun alle Parteien ugeschwate Gesamtkonzept „Mobilitéit“, sollt eigentlech hei kee Problem bestoen. An datt d‘Gemeng op d‘Abuse bei de Vignette reagéiert, wier esou richteg wéi noutwenneg.

(Bei der Ofstëmmung zu de Vignetten hunn sech d‘Fraktioun vun der LSAP, de Marc Baum an den Dan Codello enthalen.)

Verschiddenes

D‘Organisatioun vu „Manifestatioune“ huet och e puer Verännerungen erhalen. De Pim Knaff huet erkläert, datt et bei den Taxe kleng Ännerunge gëtt, an déi juristesch Kommissioun derzou geroden huet, de lokaler Commerçante e gewësse Virzuch zouzegestoen. Den Henri Hinterscheid géif et begréissen, wann d‘Delaie manner restriktiv wieren.

Fir de Marc Baum gëtt et am neie Reglement e klenge Widdersproch, woufir hien no der Definitioun vu „Manifestatioun“ gefrot huet. Esou wéi den Text hei virgeluecht ginn ass, géif e Widdersproch zu den Artikel 24 a 25 vun der Verfassung bestoen. Dat erkennt de Pim Knaff dann och, an de Punkt „Politik“ gëtt dann och gestrach.

(D‘Organisatioun vun de Manifestatiounen ass eestëmmeg ugeholl ginn.)

Beim Reglement zu „Merite culturel“ huet et och Ännerunge ginn, well dat aalt net méi den Erausfuerderunge vun haut entsprécht. D‘Taina Bofferding begréisst datt ee vun enger Zweedrëttel Majoritéit ofkënnt an eng einfach Majoritéit aféiert. Si hätt et allerdéngs léiwer gehat, wann een et bei der geheimer Ofstëmmung belooss hätt.

E Punkt deen och den Dan Codello esou deelt, well dat dem „Choix“ méi Valeur gëtt. Dat gesäit de Marc Baum anescht, well de geheime Vote am Gemengereglement net virgesinn ass. Am allgemengen ass nach zréckbehale ginn, dat wann e Member vun der Kommissioun, d‘Persoun oder de Veräin deen zur Ofstëmmung steet „eppes besser kennt“, sech deen Ament net bedeelegt.

(D‘Reglement ass mat de Géigestëmme vun der LSAP-Fraktioun an dem Dan Codello dann awer ugeholl ginn.)

De Martin Kox huet sech dann der Gestioun vun de Becher ugeholl, déi ëmmer erëm genotzt kënne ginn. Hei hätt d‘Gemeng den Effort gemaach s‘Becher unzeschafen, déi vun den Organisateure vu Manifestatioune kënne genotzt ginn. Nach wier den Asaz heivunner net verflichtend, et wier awer d‘Zil dovunner. Heit gëtt dem „Dreck“ a besonnesch dem Plastik de Krich ugekënnegt.

Fir de Mike Hansen eng gutt Iddi, grad am Kontext vun de villen Diskussiounen déi uechter Europa wéinst dem Plastik an dem Mikroplastik gefouert ginn. Hie fuerdert dann och, d‘Benotzung vun de Becher bannent engem bis zwee Joer verflichtend ze maachen. Iwwerhaapt, esou de Mike Hansen, sollt et zu engem Plastik-Verbuet an der Gemeng kommen.

(D‘Reglement zur Notzung vu Becheren déi méifach benotzt kënne ginn, ass eestëmmeg ugeholl ginn.)

Ähnlech Sujeten Ëmwelt, Escher Gemengerot, Schoul, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel