Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Horesca-Secteur: Et muss een optimistesch bleiwen
Neiegkeeten

Horesca-Secteur: Et muss een optimistesch bleiwen

Beim nationale Verband vun der Hotelieren, Restaurateuren a Cafetieren (HORESCA)

Beachdref 2018: do muss ech onbedéngt hin…
Neiegkeeten

Beachdref 2018: do muss ech onbedéngt hin…

Säit dem 11. Juli (an nach bis de 5. August)

Schoul Doheem: Zefriddenheet bei den Enseignanten an Elteren
Neiegkeeten

Schoul Doheem: Zefriddenheet bei den Enseignanten an Elteren

Wéi de Claude Meisch an der Pressekonferenz vun de Mëtteg

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung

Esch erlieft eng emotiounsgeluede Gemengerotssëtzung

Déi zweet Gemengerotssëtzung vun der Minettemetropole stoung am Zeeche vum Ofschid. En Ofschid engem vun de „groussen“ Escher, deen nach villes wollt fir seng Stad erreechen, an esou plëtzlech aus hirer Mëtt gerappt ginn ass.

Et war dann och e sichtlech betraffene Buergermeeschter, deen sech nach um Wahlowend vum 8. Oktober mat sengem Frënd dem François „Frunnes“ Maroldt iwwert d‘Resultater gefreet huet, an elo schonn e wichtege Beroder Verluer huet. „Wann’s de mech brauchs, weess de wou’s de mech fënns“ hat de Frunnes géintiwwer dem Georges Mischo gemengt.

An et sollt nach zu weidere Gefillsausbréch kommen. Esou huet och d‘Vera Spautz (LSAP) mat vill Emotioun de Verloscht vun engem „Frënd“ kommentéiert. Déi fréier Buergermeeschtesch huet drun erënnert, datt de „Frunnes“ ëmmer nees vun den Escher Bierger gewielt ginn ass, well hie sech ëmmer fir d‘Stad Esch agesat huet, och wann dat heiansdo an der eegener Partei fir Diskussioune gesuergt huet. Aktiv bei ville Veräiner, politesch engagéiert an ëmmer en Ouer fir d‘Bierger, esou war hien, esou sollt een hien och an Erënnerung behalen.

Fir de Marc Baum (déi lénk) geet mam „Frunnes“ och e Stéck Geschicht. E Mann, deen oft d‘Staang riicht gehalen huet, fir Esch a fir d‘CSV. De François Maroldt, e Politiker mat Ecken a Kanten, dee sech „vum kengem den Aarm huet béie gelooss“. Och dem Daliah Scholl (DP) ass alles ze schnell gaangen. Et wier ee vun deene gewiescht mat deem ze schwätzen sech ëmmer gelount hätt.

Den Daniel Codello, deen als „onofhängegen“ am Gemengerot seng Plaz fënnt, wäert dee „Grenzer mat Häerz“ vermëssen. An de Luc Majerus (déi Gréng) huet erkannt, datt de „Frunnes“ net nëmmen een vun hinne war, mee och dee léifste gewiescht wier. Et fält dem Luc Majerus sichtlech schwéier, sech Esch ouni d‘Bild vum „Frunnes“ op der Mobylette virzestellen…

D‘Welt dréit sech weider

Egal wéi ee geet, egal wéini ee geet, et muss weider goen. A wann sech den Tom Bleyer (CSV) och sécherlech gewënscht hätt anescht an de Gemengerot ze kommen, esou ass hien et elo, deen nogeréckelt ass. 42 Joer jonk, nach gepacst mee 2018 scho bestuet, huet de Staatsbeamten aus der Stroossebauverwaltung wëlles, sech am Gemengerot fir d‘Mobilitéit, déi urban Entwécklung an d‘Energie anzesetzen.

Iert et du mat der Dagesuerdnung weider gaangen ass, gouf den Tom Bleyer nach vereedegt. Zwee Punkte ware vun dëser erofgeholl ginn: d‘Gewerbesteier an déi al elektresch Zentral am Ellergronn, sinn also eréischt 2018 Géigestand vun engem Debat. Datt d‘Gewerbesteier soll no ënne korrigéiert ginn ass säit dem Lëtzebuerger Wort Interview mam Pim Knaff (DP) gewosst. Wéi d‘Oppositioun aus dem lénke Spektrum dat gesäit, gi mir wéi gesot eréischt d‘nächst Joer gewuer.

Datt déi elektresch Zentral am Ellergronn och als historesch Bausubstanz sollt betruecht ginn, schéngt evident. Trotz allem konnt d‘Fraktioun vun der LSAP och dëse Punkt op eng spéider Sëtzung verleeën. Engem Wonsch deen de Schäffen André Zwally gären nokomm ass. Hien huet dann och drop higewisen datt déi Escher Industriekultur, besonnesch mat Bléck op „Esch 2022“, e wichtege Sujet ass, deen een am Ganze soll behandelen.

Abrisud: e Provisorium an deen et era reent

Wann e Joer op en Enn geet, dann ass et un der Zäit deen een oder anere Bilan ze zéien. Esou och fir déi sozial Struktur mat der Bezeechnung „Abrisud“. Eng Plaz fir déi wou keen Dag iwwert dem Kapp hunn, an esou zumindest d‘Nuecht waarm an dréche solle kënne verbréngen. De Bilan vun der Schäffin Mandy Ragni héiert sech gutt un: 18 Better (dorënner 4 reservéiert Schlofplaze fir Fraen) zwee Better, déi fir d‘Police reservéiert sinn, an am Kader vun der „Wanteraktioun“ sollen nach emol véier Feldbetter opgestallt ginn.

Aus den Zuelen zu den Iwwernuechtungen ass ze enthuelen, datt Fraen net esou laang bleiwe wéi Männer. Insgesamt huet et 2016 bei de Männer 4.882 Iwwernuechtunge ginn, bei de Frae waren et der nach 1.009. Bei enger Gesamtkapassitéit vun 7.072 Iwwernuechtungen, wier een also och aktuell nach ëmmer gutt opgestallt fir d‘Leit opzehuelen. Zesumme mat der „Maison Michels“ wou d‘Leit e Programm am Kader vum „begleete Wunnen“ duerchlafen, kënnt Esch senger sozialer Verantwortung no.

Fir d‘Line Wies (déi lénk) ass de Nuetsfoyer „Abrisud“ allerdéngs eng Struktur déi hir beschten Zäit hannert sech huet. Dee war emol als Provisorium fir fënnef Joer geplangt ginn, a wéi et mat engem „Provisorium“ zu Lëtzebuerg eben esou ass, muss deen e Liewe laang halen. Dat ass dann awer ze vill dees Guddem: „Den Abrisud ass vermuuscht, et reent eran“, esou d‘Line Wies veriergert „a nom Wanter gëtt d‘Lag net besser. Et freet ee sech op déi Leit net méi wäert sinn“.

Dat ass och d‘Usiicht vum Vera Spautz (LSAP) déi nach zu Zäiten als Buergermeeschtesch dem Familljeministère stänneg am Ouer geleeën huet, fir endlech zu enger „befriddegender“ Léisung ze kommen. Wann hei net konkret Moossnamen ergraff ginn, steiert een op eng Katastroph zou. Et wier am Bezuch op den Abrisud allerdéngs net vu Muttwëll, déi aner Gemengen um Projet ze bedeelegen. Eleng de Fait datt 11 Leit vun Diddeleng an och 11 Leit vun Déifferdeng hei en Ënnerdaach fannen, seet villes zum Solidaritéitsgedanken aus.

Dem Daniel Codello ass d‘Ënnerbréngung am Abrisud scho „Limitte“ mënschenonwierdeg. Och d‘Aarbechtskonditioune vum Personal géife schwéier ënnert der „Situatioun“ leiden. Et bréicht ee vill méi Solidaritéit tëscht de Südgemengen an och sollten d‘Gemenge méi Verantwortung iwwerhuelen. Den onofhängege Conseiller leet dunn eng Motioun vir déi awer vun alle Bedeelegte verworf gëtt.

Säitens der CSV gëtt drop opmierksam gemaach, datt d‘Fuerderung vum onofhängege Conseiller am Koalitiounsprogramm steet. De Buergermeeschter mengt dann nach, datt d‘Solidaritéit net soll am Süden ophalen, well et déi Problemer am ganze Land gëtt. D‘Fraktioun vun der CSV leet dann hirersäits och eng Motioun op den Dësch, aus där ervirgeet, datt ee mat der Ministesch Corinne Cahen (DP) a Kontakt steet a sech de lafende soziale Projete wëll unhuelen. D‘Motioun ass mat de Stëmme vun de Koalitiounsparteien ugeholl ginn. D‘Oppositioun huet sech enthalen.

Wat soss nach interessant war

Mam zouhuele vun der Digitaliséierung an och soss numereschen Erausfuerderungen, wéi beispillsweis d‘Asetze vu „Smartmeter“ mussen nei Poste geschafe ginn. A firwat grad beim Botzpersonal haaptsächlech nëmmen Aarbechtsverträg mat 36/40 bestinn, ass eng Fro där ee sech virgeholl huet op de Grond ze goen.

Bei de Konventioune kritt d‘Firma „luxorr“ iwwert de Ministère eng flott „Subventioun“ an héicht vun 20 Cents pro Awunner. Domatter ass der Gemeng Esch dann erlaabt Biller vun der Firma ze reproduzéieren. Zu der Konventioun betreffend de Projet vun de subventionéierte Wunnengen am Clair-Chêne ass en Avenant ugeholl ginn an de Pavillon IV op der Brillplaz geet nees an d‘Regie vun der Gemeng iwwer. Hei gëtt den aktuelle Locataire mat 38.517,62 Euro entschiedegt.

Wat déi berodend Gemengekommissiounen ugeet, esou kréien d‘CSV an d‘LSAP jee dräi Sëtzer, déi Gréng kréien der Zwee an fir d‘DP, déi lénk an den Onofhängege bleift dann nach een iwwreg. Fir den Henri Hinterscheid (LSAP) eng salomonesch Léisung, woubäi him „esouvill Verantwortung“ bei ganzen 0,63% Stëmmen dann awer eppes héich erschéngt. Den LSAP-Conseiller ass esouguer der Meenung, datt et fir seng Fraktioun vu Virdeel wier, sech alleguerten als „Onofhängeg“ ze erklären, well se esou d‘Majoritéit an de Komissiounen hätt.

Wéi et mat de Vertrieder an de verschiddene Syndikater wäert ausgesinn, do wäert ee sech nach eppes musse gedëllege bis do d‘Leit genannt sinn. Et ass een awer elo esou verbliwwen, datt do wou et Sënn mécht de Vertrieder eréischt da gewiesselt gëtt, wa souwisou e neie Comité opgestallt gëtt.

Foto: Fir de François Maroldt réckelt no: den Tom Bleyer. Staatsbeamten a President vum C.A. Fola huet den Escher sech net erwaart gehat, esou fréi Versantwortung am Gemengerot ze iwwerhuelen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Abrisud, Escher Gemengerot, Frunnes Marold, Georges Mischo, Solidaritéit
Nächsten Artikel Virrechten Artikel