Search

You may also like

Däitschland beschléisst Flicht sech géint Riedelen impfen ze loossen
Neiegkeeten

Däitschland beschléisst Flicht sech géint Riedelen impfen ze loossen

Et gouf laang a breet diskutéiert elo gouf endlech eng

CFL: Op de Schinne gëtt iwwer Päischte geschafft
Neiegkeeten

CFL: Op de Schinne gëtt iwwer Päischte geschafft

Wa keen Zweiwel dorunner besteet, datt d‘CFL beméit ass senge

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess
Neiegkeeten

Neie Festival zu Lëtzebuerg: LOA Festival by Lalux & Spuerkeess

Véier jonk Entrepreneren hu gemeinsam mat enger Rëtsch Sponsoren en

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

E Bléck uechtert d'Gemengen

Gemengewahlen 2017: Vum wielen a gewielt ginn

Um Sonndeg also ware Gemengewahlen. Wien um Sonndeg esou um Apero nach zouversiichtlech an den Dag gekuckt huet, war owes eventuell enttäuscht. Mee Walen, och Gemengewahlen si kee Wonschconcert.

Op ville Plaze sinn d‘Majoritéiten uerg gerëselt ginn, nei Kommunikatiounsméiglechkeete bidden sech un. Fir vill Opreegung huet Esch gesuergt. Hei hunn d‘Sozialiste vum Wieler gehéiereg d‘Lewitte gelies kritt. Et ass dann och d‘CSV déi sech mat 30,87% virun der LSAP (27,86%) duerchsetze kann. Och déi gréng an d‘DP gewannen nach e Sëtz. Déi Lénk hunn trotz Stëmmeverloschter hir zwee Mandater behalen.

An der Stad bleift d‘DP mat 30,04% stäerkste Kraaft verléiert awer e Sëtz. D‘CSV dogéint huet den Usproch als Koalitiounspartner, mat zwee zousätzleche Mandater, bestätegt. Hei huet de Spëtzekandidat Serge Wilmes säi Versprieche géintiwwer der Partei ageléist, a niewebäi och déi meeschten Eenzelstëmme erhalen. Déi gréng behalen hir fënnef Sëtzer mee d‘Spëtzekandidatin Sam Tanson muss bei de Koalitiounsgespréicher mat Konkurrenz rechnen.

D‘Iwwerraschung gëtt et zu Déifferdeng

Zu Déifferdeng huet et eng zolidd Iwwerraschung ginn. Hei ginn déi gréng däitlech als Gewënner aus der Wal ervir. Däitlech Ofgewielt ginn ass d‘DP, déi huet hei bal 20% Wieler verluer an ass mat zwee Mandater nach just gutt fir op d‘Oppositiounsbänk. Och d‘LSAP huet Prozenter verluer, kann seng véier Mandater erhalen. D‘CSV huet gewonnen an elo och véier Mandater. Och zu Déifferdeng dierft et interessant Koalitiounsgespréicher ginn.

Matt Diddeleng bleift der LSAP déi absolut Majoritéit mat knappe 50,31% Prozent sécher. Mee och hei konnt d‘CSV Buedem gutt maachen. Bei dëse Wahle waren zwee Mandater méi ze verginn, well Diddeleng iwwer 20.000 Awunner huet. Béid Mandater ginn un d‘CSV. Den ADR an déi Lénk behalen och hiert Mandat, déi gréng trotz 1,4% Manner behalen hir zwee Sëtz.

Dissidente beim Wieler an der Gonscht

Fir Suessem, déi mëttlerweil sechst gréisst Gemeng am Land waren dës Gemengewahle spannend. Nodeems sech e Mandataire vun der LSAP an och béi déi gréng fir e Lagerwiessel entscheet haten, hat et verschiddentlech laang Gesiichter ginn. Déi Lénk hunn awer hir „Dissidenten“ Myriam Cecchetti a Jos Piscitelli an de Gemengerot erakritt. Rechneresch géif awer fir e fortféiere vun der rout-gréng Koalitioun opgoen.

Zu Péiteng huet d‘CSV sech kënne behaapten, d‘LSAP verléiert hei e Sëtz. D‘DP kritt e Mandat an d‘Piratepartei, déi fir d‘éischte Kéier mat enger ganzer Lëscht ugetrueden ass, huet zwee Vertrieder am Gemengerot. Zimlech sécher dierft de Buergermeeschter zu Péiteng Pierre Melina heeschen. Op deen elo mat de Sozialisten oder deene gréngen an d‘Koalitioun geet, gëllt ofzewaarden.

Hanner Leideleng ass de Wieler schwaarz

Och am Norde konnt sech zu Ettelbréck d‘CSV behaapten an et dierf een dovunner ausgoen, datt et hei nees op eng schwaarz-rout Koalitioun erausleeft. Zu Dikrech konnten d‘Sozialisten hir absolut Majoritéit verdeedegen. Hei huet d‘CSV der DP e Mandat stibitzt an kënnt op véier Sëtzer. Blo a gréng hunn esou alle béid nach just e Mandat.

Während zu Réimech d‘Politik vum Henri Kox fir déi gréng keen Zousproch beim Wiele fonnt huet, heescht de Gewënner hei DP. Déi konnten hir Mandater verduebelen a striewe mat der CSV eng Koalitioun un. D‘Piratepartei (14%) stoung besser do wéi d‘LSAP (10,18%), mee allebéid mussen sech mat engem Mandat zefridde ginn. Op déi gréng mat nach just zwee Vertrieder am Gemengerot zefridde sinn, dierf e bezweiwelen.

Zu Iechternach huet et keng Iwwerraschung ginn, hei ass alles beim ale bliwwen. Mat 29,76% setzt sech d‘CSV géintiwwer der LSAP (26,37%) an déi gréng (23,24%) duerch. Domatter ass déi schwaarz-rout Koalitioun och an der Abteistad bestätegt. Dat gläicht Bild ergëtt sech zu Mamer. Zu Fréiseng huet déi nei Sektioun vun der DP säi Spëtzekandidat an de Gemengerot erakritt. Dat ass manner wéi erhofft, et léisst sech awer drop opbauen.

Als Fazit dann e Bléck op déi national Situatioun: CSV huet uechtert Land 209 Mandater erziilt, da kënnt d‘LSAP mat 155 Mandater. Op der drëtter Plaz d‘DP (108) an déi gréng (77). Fir all déi aner zesummegeholl bleiwen nach 51 Mandater. D‘Kommuniste verléieren hire Sëtz zu Esch an sinn nach just zu Déifferdeng a Rëmeleng mat jee engem Conseiller vertrueden. D‘Pirate setzen zu Réimech a Péiteng mat am Boot.

Foto: Ludovic Marin/AFP

Related topics Déifferdeng, Esch/Uelzecht, Gemengewahlen 2017, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post