Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt
Neiegkeeten

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt

Säit gëschter Moie gëtt zu am Fleegeheim „An de Wisen“

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro
Neiegkeeten

D‘Piratepartei stellt de REVIS a Fro

De Gesetzprojet 7113 mat dem vun der Grondsécherung (RMG) zum

Stauséi: Protokoller um lafende Band
Neiegkeeten

Stauséi: Protokoller um lafende Band

Um Stau op der Uewersauer ass zolidd eng Lass, an

Gemengewahlen: ADR huet eng kloer Linn

Och d'Reformpartei positionéiert sech

Gemengewahlen: ADR huet eng kloer Linn

Mam Slogan „D‘Alternativ fir Är Gemeng“ huet déi Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) hire Grondsazprogramm fir d‘Gemengewahle virgestallt. E Programm dee leschte Samschdeg fäerdeg gestallt a vun de Sektiounen ugeholl ginn ass.

De Generalsekretär Alex Penning stellt ugangs kloer, datt de Programm de Kader an deene Gemenge bitt, wou d‘ADR eng Lëscht opgestallt huet. Doniewent huet awer all Lëscht nach spezifesch Punkten, déi sech op déi betreffend d‘Gemeng da bezitt. Wichteg awer schéngt et der ADR ze sinn, e kohärent politescht Bild virzeweisen. Eng strukturéiert Gemengepolitik ass am Hibléck op d‘Chamberwahlen 2018 sécherlech gebueden.

Sechs Prioritéiten

Fir d‘ADR sinn et déi aktuell an dréngendst Suergen déi de Programm vun de Gemengewahle beaflossen. Do wier fir unzefänken de Logement: hei bekräftegt d‘ADR hire Wëlle, bezuelbart Wunnen och als Verantwortung vun der Gemeng festzeleeën. Esou wier et d‘Flicht vun der Gemeng sozial Wunnenge bereet ze stellen a noutfalls ze bauen. Och soll eng Gemeng bessere Gebrauch vu sengem Virkafsrecht maachen.

Direkt duerno ass et d‘Sécherheet. Déi muss fir Jiddereen och ersiichtlech sinn. Wann, esou den Alex Penning, d‘Gemengen elo och net d‘Police dirigéieren, esou sollten se awer fir Präsenz suergen. Dat léisst sech engersäits duerch d‘Bereetstelle vu Raimlechkeete maachen, anersäits duerch d‘Fuerderung, de 24-Stonnedéngscht oprecht ze erhalen. D‘ADR ass och fir ee Plazverweis a géint Heecherei.

Keen Zwang bei der Mobilitéit

Agetruede gëtt fir eng Mobilitéit ouni Dirigismus. Et soll kengem virgeschriwwe gi wéi a mat wat sech deplacéiert gëtt. Nieft der Fuerderung den ëffentlechen Transport gratis ze maachen, soll dee besonnesch am ländleche Beräich verbessert ginn. Bei aller Flexibilitéit dierf dann och déi sougenannten douce Mobilitéit net ze kuerz kommen. Hei steet d‘Zesummeféierung vun de Vëlosweeër, an domadder d‘Erreeche vun engem kohärente Streckennetz am Virdergrond.

Et misst och méi fir d‘Famillje gemaach ginn – egal op Elengerzéier oder als Koppel. Et soll der Koppel och net drageschwat ginn, wéi si sech do organiséieren. Op se alle béid schaffen oder net, soll net de Kritär sinn fir eng Plaz an der Crèche oder der Maison-Relais ze kréien. Wichteg wier et och laangfristeg Léisunge fir d‘Kanner mat spezifesche Besoinen ze fannen. Fir der Aarmut entgéint ze wierke, misst den Office Social finanziell besser opgestallt ginn.

Well fir d‘ADR d‘Integratioun iwwer d‘Sprooch geet, gëtt et hei och ee puer Fuerderungen. Esou misst an éischter Linn op der Gemeng d‘Dokumentatioun op Lëtzebuergesch ze kréie sinn, donieft wieren aner Sproochen da méiglech. An deem Sënn sollt et all Gemeng méiglech sinn d‘Landessprooch ze léieren. Hei gëllt et grouss Efforten ze maache fir d‘gesellschaftlecht Gläichgewiicht nees hierzestellen.

De Flüchtlingsproblem dierft dann och net um Réck vun de Gemengen ausgedroe ginn. „Flüchtlingen ophuele mat Häerz an och mat Verstand“ ass dem Programm ze enthuelen, woubäi de Gemenge keng Quoten dierften operluecht ginn. D‘Gemenge wéissten wat se ze leeschten am Stand wieren.

De Bierger am Mëttelpunkt

E grousse Problem gesäit d‘ADR dann och am Ofbau vun u sech essentiellen Déngschtleeschtungen. Op ville Plaze géifen d‘Postbureauen zougemaach, d‘Apdikten am ländleche Raum verschwannen an eng Duerfepicerie gesäit ee kaum nach. Hei wieren d‘Gemengen dann och gefuerdert.

Wou et méiglech ass, sollten d‘Gemenge Raimlechkeeten noutfalls zur Verfügung stellen. Net nëmme fir eng Epicerie, déi duerchaus och eng sozial Komponent vum Liewen ass. Mee och eng Gemeinschaftspraxis wier virstellbar, wat am ländleche Raum besonnesch den eelere Matbierger zerguttst kéim. An deem Sënn sollt och méi genee op d‘Barrièrefräiheet gekuckt ginn. Dat et hautdesdaags och bei ëffentleche Gebaier an där Hisiicht Problemer gëtt, wier net akzeptabel.

Bei der ADR, kann ee sech dann och nach virstellen, datt et Referenden och op Gemengenniveau kéint ginn. Bei villen Theme sollt een de Bierger roueg méi Verantwortung zoutrauen. Dëst wier besonnesch bei gréissere Projete sënnvoll a géif weisen, datt een dat mat der „participativer Politik“ eescht mengt.

Ähnlech Sujeten adr, Gemengewahlen 2017, Lëtzebuerg, Politik, Wahlen, Wahlkampf
Nächsten Artikel Virrechten Artikel