Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun
Stories

Gen-Mais: Greenpeace kritiséiert EU-Kommissioun

Wéi Greenpeace-Letzebuerg um Donneschdeg matdeelt, huet d’Lëtzebuerger Parlament um 1.

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op
Stories

What the Fact – De British Museum zu London mëscht seng Dieren op

Haut op den Dag genau ass et 260 Joer hir,

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“
Stories

20 Joer Technoparad zu Paräis: „Näischt stoppt e Vollek dat danzt!“

Dat schlecht Wieder huet den dausende Party-Gäscht vun der Technoparad

Wéi wëllen d’Parteien de Wunnengsmaart an de Grëff kréien? En Iwwerbléck

Et gi vill Propose bei dësem komplexe Sujet

Wéi wëllen d’Parteien de Wunnengsmaart an de Grëff kréien? En Iwwerbléck

Kaum e Sujet kritt esou vill Opmierksamkeet geschenkt, wéi d‘Situatioun ronderëm de Wunnraum. Dat ass nëmme logesch, klammen d‘Präisser fir Wunnéngen ëmmer méi an d‘Héicht, während d‘Leit ëmmer méi Krämpes hunn, sech eppes leeschten ze kënnen. Och op Gemengeniveau kann een do villes ënnerhuelen, an esou ass et nëmme logesch, datt all Partei am Wahlkampf Proposen huet, wéi dëse Problem ugaange ka ginn. Mir hunn eis dohinner gesat, an dës Proposen zesumme gedroen, fir iech en Iwwerbléck ze ginn.

Iert mer zu de Propose kommen, nach e puer Remarken: Hei handelt et sech ëm Auszisch. Schonn eleng fir d‘Längt vum Artikel am Grëff ze halen, hu mer eng Auswahl bei all Partei treffen. Wann dir bei eenzelne Parteie méi Detailer wëllt gewuer ginn, kënnt der einfach d‘Linken op d‘Source uklicken fir den Originaltext ze gesinn. Ausserdeem beschränke mer eis hei op d‘Rahmenprogrammer, sou wäit se present sinn. Dat heescht, datt an den eenzelne Gemengen am konkrete Fall nach weider Proposen oder Variatiounen vun den hei virgestallte Propose bestinn. Do wou kee Rahmenprogramm do ass, oder dësen näischt zu dem Thema seet, huele mer lokal Programmer mat deene spezifesche Proposen als Beispill.

ADR

Bei der ADR hunn sech d‘Gemengepolitiker och Gedanke zu dësem Sujet gemaach. Do steet am Wahlprogramm: „D’Léisung kann nëmmen an engem anere Wuesstemsmodell fir Lëtzebuerg leien. Dobäi däerf en awer d’Eegentumsrechter net ausser Kraaft gesat ginn, sief et duerch Enteegnungen, duerch Requisitiounen oder duerch eng konfiskatoresch Besteierung, fir Bauland oder Wunnenge vu Privatpersounen, déi eidel stinn.“ Si setzen sech och dofir an, datt en Deel vun de Wunnengen an der Gemeng als Sozialwunnengen zur Verfügung gestallt solle ginn.

Mee dobäi wier net ze vergiessen, datt déi iwwert d‘Gemeng verdeelt sollte ginn, fir d‘Forméierung vu „Sozialghettoen“ ze verhënneren. Nei Quartieren dierften sech des Weideren net negativ op d‘Liewensqualitéit vun deene bestoenden auswierken. A weider heescht et: „Erweiderung vum Bauperimeter gëtt vun ëffentlecher Hand gesteiert. D’Gemeng, déi laut Gesetz e Virverkafsrecht huet, wäert e faire Präis fir Terraine bidden, déi nach net am Bauperimeter leien, an dës wäit

ënner dem Maartpräis fir „Bauterrain” verkafen. Dobäi kënnen déi Terrainen u bestëmmte Bedéngunge gebonne ginn, wéi datt si beispillsweis banne kuerzer Zäit musse bebaut ginn an/oder un d’Situatioun vum Keefer sengem Akommes ugepasst ginn.“

CSV

D‘CSV wëll, datt d‘Gemenge selwer am Wunnéngsbau aktiv ginn. Zitat aus dem Programm an der Stad: „D’Stad gëtt „maître d’ouvrage“ (Bauhär) vun dëse Wunnengsprojeten an iwwerhëllt esou hir Verantwortung a sozial Funktioun als „promoteur public“. Fir dës Wunnengen ze plangen, ze bauen an ze finanzéieren, kann d’Stad sech op hir kompetent Servicer an hir finanziell Reserve stäipen.“

Zousätzlech géifen d‘Gemengen och selwer zousätzlech Terrainen kafen.

DP

DP schreift, datt Wunnraum a Bebauungsflächen, déi sech an ëffentlecher Hand befannen prioritär u jonk Famillen goe sollen, dat iwwert d‘Erbpacht. Ausserdeem heescht et am Wahlprogramm:

Zitat aus dem Programm: „D’DP wäert ausserdeem de soziale Wunnengsbau weider ukuerbelen.“

Do dernierft soll „alternatiivt, flexibelt, behënnerten- an altersgerecht Wunnen an der Heemechtsgemeng“ ënnerstëtzt ginn an och iwwert Generatiounenheiser nogeduercht ginn.

Déi Greng

Déi gréng hu vill Iddien, wéi de Problem ugaange ka ginn. Do steet zum Beispill am Wahlprogramm: “Indem die Gemeinde im sozialen Mietwohnungsbau aktiv wird, sorgt sie für ein ausreichendes Angebot an erschwinglichem und adäquatem Wohnraum, der den unterschiedlichen persönlichen und wirtschaftlichen Situationen der Bevölkerung angepasst ist.“ Ausserdem sollt d’Zësummenarbescht mat der AIS (Agence immobilière sociale) ausgebaut ginn, fir de soziale Wunnraum besser accessibel ze maachen. D’Gemenge missten zousätzlech en Inventar vun eidelstoende Gebaier opbauen.

Mee och alternativ Wunnformen ginn net ausser Uecht gelooss: „In den Stadt – oder Dorfzentren werden neue Wohnformen, wie Mehrgenerationen-Wohnungen und Betreutes Wohnen gefördert. Gemischte Wohnformen als Bindeglied zwischen den Generationen werden bevorzugt” Insgeheim setzen sech déi gréng och dofir an, datt d’Gemengen aktiv Bauland kafen an dat souwuel ausserhalb wéi och innerhalb vum Bauperimeter.

KPL

D‘KPL geet de Problem direkt un, wéi op der Websäit ze liesen ass:

„Die logische Schlußfolgerung für sozial Denkende kann nur sein, daß die öffentliche Hand den Wohnbau in die Hand nehmen muß, um das organisierte Versagen des Marktes abzustellen.

Konkret heißt dies, daß es innerhalb der Gemeindeverwaltung der Stadt Luxemburg (und idealerweise auch weiterer großer Gemeinden sowie der staatlichen Bauträger Fonds de Logement und SNHBM) gilt einen Baudienst mit eigenem Personal zu organisieren. Diese Dienststelle im Rahmen der Gemeindeorganisation soll dann vorrangig Mietwohnungen bauen, die im Eigentum der Gemeinde bleiben und direkt von dieser vermietet werden, um so die Mietpreise auszubremsen.“

Déi lénk

Déi lénk setzen den Akzent dorobber, dat d’PAPen méi schnell ëmgesat solle ginn. Op hierem Site ass ze liesen: “Laut dem Gesetz von 2004 bezüglich der Gemeindeplanung und der urbanistischen Entwicklung, kann ein Gemeinderat einen Baulandbesitzer auf Basis einen Bebauungsplans und eines Pflichtenkatalogs zugunsten der Gemeinde enteignen, wenn dieser der Aufforderung des Gemeinderates mit dem Bau zu beginnen nach 3 Jahren immer noch nicht nachgekommen ist. “ Dobäi sollen och d’Mëttel agesat ginn, déi am Pacte Logement virgesi sinn: D’Virverkafsrecht soll, wou méiglech, genotzt, Baulücke bebaut ginn an de soziale Wunnéngsbau eng gréisser Roll spillen. D’Steier op ongenotzte Bauflächen aus eidelstoend Wunnéngen soll erhuewe ginn. Gronsätzlech gëllt: “Gemeinden sollen ihre Wohnungsbaupolitik mithilfe einer Mehrwertabgabe auf Bauland finanzieren können.” Vun engem Ukaf vu Bauland roden déi lénk allerdéngs of, ma et solle méi Mitwunnénge geschaf ginn.

LSAP

Fir d‘LSAP sinn sozial Mitwunnéngen wichteg a sollen dofier ausgebaut ginn. Am Wahlprogramm heescht et: „Die LSAP wird dabei verstärkt auf Eigenbauprojekte der Kommunen und die Zusammenarbeit mit öffentlichen Bauträgern setzen.“ Et soll méi op Baulandverträg gesat ginn, eidelstoend Wunnéngen an brach leiend Grondstécker am Bauperimeter besteiert ginn. Ausserdeem liest een: „die verstärkte Nutzung des Vorkaufsrechts durch öffentliche Bauträger können zur Steigerung des Wohnungsangebots und zur Einschränkung der Baulandspekulation beitragen.”

Piratepartei

D‘Piraten hunn och eegen Iddien fir dës Problematik. Zu Klierf beispillsweis gëtt gefuerdert datt op mannst een Drëttel vun den neie Wunnéngen an der Gemeng solle Sozialwunnénge sinn. „Dëst an enker Kooperatioun mat der Agence Immobilière Sociale (AIS).“ préziséiert de lokale Programm.

An der Stad ass et och en Thema. Do liest een am lokale Wahlprogamm: „D‘Stad Lëtzebuerg soll méi Verantwortung fir Wunnengsbau an der Stad iwwerhuelen an dëst iwwert eng städtesch Gesellschaft déi sech ëm de Bau, Entretien an d‘verlounen vun städtesche Wunnenge këmmert.“ Dobäi solle dräi verschidde Präiskategorien eng Ghettoiséierung verhenneren, andeems se gemixt ginn. Och sollen d‘Reserven vun der Stad, déi sech laut de Piraten op 500 Milliounen Euro belafen, an de Wunnéngsbau investéiert ginn. Baulücke sollen ausserdeem och méi liicht ze fanne sinn: „Fir et Bauhäre méi einfach ze maachen fir Terrainen ze fannen déi nach kënne bebaut ginn, proposéier mir en ëffentleche Baulückekataster deen an 3 Faarwen uweist a wéi engem Stadium sech eng Parzelle befënnt.“ Ofgesinn dovunner wiere Shared Spacen ze ënnerstëtzen.

 

Ähnlech Sujeten adr, CSV, déi gréng, déi lénk, DP, Gemengewahlen 2017, KPL, LSAP, Piratepartei, Wunnengsmaart
Nächsten Artikel Virrechten Artikel