Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen
International Neiegkeeten

Virun allem d’LSAP verléiert bei eiser Ëmfro u Stëmmen

Iert mer zu de Resultater vun eiser klenger Ëmfro kommen,

Politesch Emanzipatioun fir de Matteo Renzi
International Neiegkeeten

Politesch Emanzipatioun fir de Matteo Renzi

Italien kënnt net wierklech aus senger politescher Kris eraus. Gëschter

Wahlen an Éisträich: Wie gëtt Koalitiounspartner vun der ÖVP?
International Neiegkeeten

Wahlen an Éisträich: Wie gëtt Koalitiounspartner vun der ÖVP?

Um haidege Sonndeg wielt Éisträich an de Sebastian Kurz läit

Generalstreik blockéiert Frankräich

Rentereform dréift d‘Fransousen op d‘Strooss, massive Policeasaz soll dat schlëmmst verhënneren

Generalstreik blockéiert Frankräich

Si war Géigestand am Wahlkampf a gehéiert zu de wichtegste Reformen déi den Emmanuel Macron de Fransouse versprach huet: d‘Rentereform. De franséische President wëll all déi Sonnerregelen ad acta leeën an op ee Punktesystem iwwergoen. Dat suergt beim Vollek vir schlecht Stëmmung…

Onverständlech fir d‘Monika Queisser, Rentenexpertin bei der OECD, dem Thinktank vun den Industriestaaten mat Sëtz zu Paräis. Si ass zudeem déi eenzeg Auslännerin, déi am COR, dem franséische Rot fir Rentepolitik e Wuert matschwätzen dierf. Si ass dann och der Usiicht, datt „Frankräich ass eent vun de Länner an der OECD, an deenen et de Liewensstandard vun de Rentner besser oder gläich gutt, wéi dee vun der Gesamtbevëlkerung ass“.

Frankräich

Si behaapt sech drop, datt déi franséisch Renten zimlech héich sinn – se géifen am Schnëtt iwwer 1.600 Euro leien – an dat d‘Leit méi fréi wéi déi meescht aner, also scho mat 62 Joer an d‘Pensioun goe kënnen, wann och net zwéngend mat der voller Pensioun. Hëlt een dozou nach déi héich Liewenserwaardung, stellt ee fest, datt déi franséisch Fraen déi längste Pensiounszäit an der OECD. An dat kascht de Staat richteg Geld: 14% vun der Wirtschaftsleeschtung.

Dat läit wäit iwwert dem OECD Duerchschnëtt. A Frankräich ginn 28% vum Bruttoloun als Kotisatioun fir d‘Pensioun ofgezweigt, wat wiesentlech méi ass wéi a villen aneren OECD-Länner, trotzdeem gëtt et am franséische Rentesystem e Milliardelach. De gréisste Problem vum franséische Rentesystem sinn awer déi sëllech ënnerschiddlech Statuten (régimes spéciaux). Esou gëtt et nieft den allgemenge Keesen, 40 Pensiounskeese fir spezifesch Beruffsgruppen.

FrankräichKee Wonner datt do den eenzelen net méi novollzéie kann, wéi eng Rentenuspréch hien an Zukunft huet. An eng Rei vun dëse spezielle Regimmer bidden duerchaus agreabel Konditiounen. Kondukter vun der SNCF oder Buschauffere vun de Paräisser Verkéiersbetriber dierfe scho mat 50 an d‘Pensioun, a wien seng Beruffsjoer komplett huet, ka mat ëm déi 2.500 Euro Rent rechnen. Och fir den ëffentlechen Déngscht gëtt anescht gerechent wéi am Privatsecteur…

Méi Gerechtegkeet sollt méiglech sinn

Bei deraart villen ënnerschiddlecher Systemer kann ee schonn emol den Iwwerbléck verléieren an deem wëll de franséische President eppes entgéint setzen. Hien hat am Wahlkampf versprach, datt déi Inegalitéiten a virun allem d‘Privilegien an d‘Sonnerrechter ofgeschaaft ginn. Der Regierung wier e Punktesystem dat wat fir jiddereen am gerechtste wier: All Euro deen an d‘Pensiounskeess abezuelt gëtt, soll am Alter déi selwescht Rechter bréngen.

Fir Zäiten an deenen een am Chômage ass, fir d‘Kannererzéiung an de Krankestand soll et da sougenannt „Solidaritéitspunkte“ ginn. Um Rentenantrëttsalter vun 62 Joer soll (nach) net gefréckelt ginn, mee d‘Leit ginn drop higewisen, datt si méi laang wäerte schaffe mussen, wa si keng „Verloschter“ an der Rent hinhuele wëllen. Eigentlech e verständleche Schratt, woubäi et dozou bis ewell nach net wierklech Detailer gëtt.

FrankräichBeim Vollek kënnt déi geplangte Reform awer net gutt un. Si ënnerstellen der Regierung, datt si net nëmmen d‘Aarbechtsdauer verlängere wëll, mee beabsichtegt iwwert de Punktesystem d‘Renten „hannenerëm“ ze kierzen. An et sinn wéi gewinnt virun allem d‘Gewerkschaften déi hei eng grouss Roll spillen. Déi lénk „Force Ouvrière“ huet zur Reform deklaréiert: „Mir wäerten den eenheetleche Punktesystem verhënneren“. An si sinn net déi eenzeg…

Déi meescht Gewerkschaften hunn zum Streik a Protest opgeruff, an et ass dovunner auszegoen, datt d‘Eisebunner nees an der éischter Rei wäerten ze gesi sinn. Déi mannsten dierften haut zäiteg op der Aarbecht sinn, zumindest fir déi wou net streiken, a besonnesch de Blockage vum ëffentlechen Transport, wäert derzou féieren, datt Frankräich haut stëll steet. De Mouvement gëtt dann och vu ronn 70% vun de Fransousen ënnerstëtzt.

FrankräichEt wier awer grondsätzlech net verkéiert d‘Rentesystemer ze harmoniséieren, mee et geet och ëm d‘Vertrauen. Den Emmanuel Macron ass stänneg beméit ze erklären, datt de Liewensstandard vun de Pensionären net ugepaakt gëtt an datt all bestoend Rentenuspréch zu 100% garantéiert sinn. Et wier een esouguer bereet déi ominéis „Grousspapp-Klausel“ (laang Iwwergangsfristen) op sech ze huelen, wat eng gewoten Entscheedung ass.

Sinn d‘Iwwergangsfristen ze laang, da kann d‘Reform eréischt a Joerzéngte gräifen. Zudeem géif et just op déi Jonk, also d‘Beruffsufänger ugewannt ginn, wat een duerchaus als ongerecht bezeechne kann, well et och de Generatiounevertrag a Fro stellt. Nach viru Chrëschtdag well de Premier Edouard Philippe e konkrete „Plang“ virleeën. Kritt sech d‘Regierung géint d‘Strooss duerchgesat, da soll et am Summer 2020 zum Gesetz kommen, dat 2025 sollt a Kraaft trieden.

mat indymedia/par

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, Generalstreik, Gewerkschaften, Rentereform, Sozialkonflikt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel