Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?
International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Beetebuerg?

Beetebuerg kennt all Kand – ënnert anerem wéinst dem Mäerchepark.

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen
International Neiegkeeten

De Feierdäiwel am Rausch vun de Flamen

Och gëschter huet den CGDIS nees zuelräich Bränn, verdeelt am

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!
International Neiegkeeten

Zeckenzäit fir eis Muppen – reegelméisseg Kontroll ass wichteg!

De Fréijoer léist esou munch Gedéiesch nees opliewen. Mat vun

Generalstreik am Frankräich: Et ass nach net eriwwer!

Generalstreik am Frankräich: Et ass nach net eriwwer!

Um grousse Streik géint d‘Rentereform hu sech laut der Police: 800.000; laut de Gewerkschaften: 1.600.000 bedeelegt. Wann et wäitleefeg roueg bliwwen ass, esou sinn Ausenanersetzunge mat der Police net ausbliwwen. D‘Regierung wëll elo nach viru Chrëschtdag de Reformprojet virleeën…

De gréisste Rassemblement huet et natierlech zu Paräis ginn, a beim Treffpunkt – tëscht der Gare de l‘Est an der Gare du Nord – hat sech scho fréi dausende Mënsche versammelt. Dat ganzt huet op den éischte Bléck méi no Volleksfest wéi no Streik ausgesinn. Laanscht dem Parcours ass gegrillt ginn, d‘Gewerkschaften hu Kaffi an Téi ugebueden. D‘Leit hate Banner a Plakater matbruecht.

GeneralstreikGestreikt gouf gëschter géint d‘Pläng vun der Regierung dee komplizéierte Rentesystem mat sengen iwwer 40 Pensiounskeesen ofzeschafen an duerch en eenheetleche System ze ersetzen. Et soll, esou d‘Versprieche vum Emmanuel Macron am Wahlkampf, keng „regimes spéciaux“ méi ginn. Betraff sinn an éischter Linn d‘Eisebunner an d‘Fonctionnairen, an deene gefält net wat geplangt ass.

GeneralstreikEng Enseignante huet sech e Schëld ëmgehaangen op deem ze liesen ass „Et geet duer! Lauschtert eis endlech no!“. E Message fir d‘Regierung, mat deem déi 50 järeg kloerstelle wëll, datt si d‘Nues voll hunn, es leed sinn datt een hinnen all sozial Errongenschaften ofknäppt an hinnen d‘Liewen ëmmer méi schwéier mécht. An esou wéi dëser Damm geet deene meeschten déi hei protestéieren.

Spierbaren Onmutt

An et waren net nëmmen déi op der Strooss, déi direkt vun der Rentereform betraff sinn. Nieft den Eisebunner an de Fonctionnairen, hunn sech och Affekoten, Dokteren, Pompjeeën an esouguer Polizisten um Streik bedeelegt. Déi soss éischter „zerstridde“ Gewerkschaften haten et gëschter ronn kritt, brancheniwwergräifend hir Leit ze mobiliséieren. Et konnt een den Onmutt spieren…

Generalstreik

Et huet och Plaze ginn, wou een de Streik mat eng humoristescher Nout ënnerstrach huet. © Ya Chun Wang (via Twitter)

Zu de Fuerderungen huet sech de Philippe Martinez vun der kommunistescher Gewerkschaft CGT ausgedréckt: Mir erwaarden, datt eis d‘Regierung zum Ufank vun der zweeter Hallschent vun der Mandatszäit nolauschtert, eis eescht hëlt an net méi esou mécht, wéi wann dëst Land net rose wier“. D‘CGT an déi aner Gewerkschafte wëllen um haidege Freideg iwwert d‘Suitte beroden.

GeneralstreikLaut dem CGT-Generalsekretär wieren d‘Gewerkschaften an d‘Fransousen entschloss sech géint d‘Regierung duerchzesetzen an hien ënnersträicht: „De Streik ass den Owend nach net eriwwer“. Bis e Méindeg gëtt op der Eisebunn a bei de Paräisser Verkéiersbetriber gestreikt, och d‘Proffe wëlle vun Dag zu Dag entscheeden, op oder op net geschafft gëtt. Da gi flott Feierdeeg…

Rabbelkäpp an eng gefuerdert Regierung

Zu Paräis, wou zu Recht Ausschreidungen ze befierchte waren, hat d‘Police eng 9.350 preventiv Kontrollen duerchgefouert. Si wollte virun allem verhënneren, datt d‘Leit aus dem sougenannte schwaarze Block, d‘Haaptstad zur Kampfzon erklären. Op der Place de la Nation ass et dann awer zur Konfrontatioun komm. Et gouf nees Feier geluecht a Gewalt ausgeüübt.

GeneralstreikIwwer 40 Persoune sinn eleng zu Paräis verhaft ginn. Eng muttwëlleg Zerstéierung déi näischt mat de Fuerderungen ze dinn hunn. An der Tëschenzäit huet d‘Regierung „Notiz vum Opstand“ geholl. Aus dem Elysée huet et gëschter geheescht, datt de franséische President d‘Aktioun mat Rou an Entschlossenheet verfollegt huet. Déi nächst Woch sollen d‘Detailer vun der verhaasster Reform virgestallt ginn.

Generalstreik

Och haut Freideg kann een de ëffentlechen Transport zu Paräis „vergiessen“. Hei soll de Streik nach bis ee Méindeg weidergefouert ginn.

Et dierft allerdéngs schwiereg ginn den Emmanuel Macron vu senger Reform ofzehalen. Déi huet zum Zweck d‘Privilegien ofzeschafen, firwat en éischter Linn déi Beschäftegt aus dem ëffentleche Secteur dovunner betraff sinn. Datt déi esou massiv vun der Bevëlkerung ënnerstëtzt sinn, léisst sech net empiresch erklären. Mee och fir d‘Gewerkschaften, deenen et an de leschte Joren net oft gelongen ass Reformen ze verhënneren, steet vill um Spill.

Generalstreik

D‘Fuerderunge vun de Kommunisten zu Marseille. © Anouk Hairabedian

Erënnere mir dann och nach drun, datt et scho viru 24 Joer eng ähnlech Situatioun ginn huet, an de „Chaos“ huet sech iwwer dräi Woche gehalen. Deemools war et de Premierminister Alain Juppé, dee Reformen duerchsetze wollt. Deen huet dann awer um Enn d‘Handduch geworf an d‘Reformen zréckgezunn. Datt soll sech, esou den Emmanuel Macron, dës Kéier net widderhuelen…

mat indymedia/par

Foto: © Simon Duteil/Sudeducation

Ähnlech Sujeten Emmanuel Macron, Frankräich, Generalstreik, Protest, Rentereform
Nächsten Artikel Virrechten Artikel