Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten
dating driffield

D‘Äis ass eng ganz wichteg Ressource vun de Jakuten

Den Innokenty Tobonov rammt seng Harpun an e laangen Äisblock,

how to start a dating relationship
dating driffield

age groups using online dating

Den Directiounscomité vun der Chambre de Commerce freet sech ab

HARIKO – bis November 2019 am Tunnel Gronn
dating driffield

HARIKO – bis November 2019 am Tunnel Gronn

Scho säit Mëtt Juli luet den Tunnel am Gronn op

Déck Loft op der Generalversammlung vum SNPGL

Déck Loft op der Generalversammlung vum SNPGL

Eng ronn 300 Beamte vun der Police hu gëschter Owend un der Generalversammlung vun der Policegewerkschaft SNPGL deel geholl. An datt mannst wat ee muss zréckbehalen: se sinn mat hirer Gedold um Enn.

Am Mëttelpunkt vum Onmutt: d‘Abusen deenen d‘Poliziste säitens hirer Hierarchie ausgesat sinn. Et ass een Tëschenzäit op engem Punkt ukomm, wou all onzoulässeg „Aktioun“ dem zoustännege Ministère gemellt gëtt, a wann et domatter net duer geet, een och de Parquet mam Dossier beschäftegt.

Dobäi sollt dem Etienne Schneider (LSAP) seng Reform dach alles „besser maachen“. Leider gëtt et massive Widderstand vun den Offizéier an der Direktioun vun der Police. Esouguer d‘Justiz schéngt sech géint de Minister ze stäipen. Eng Situatioun déi net grad dozou bäidréit, datt de Gruef tëscht béide Fraktioune kéint zougeschott ginn.

Ugrëff ass déi beschte Verdeedegung

Op der Generalversammlung zu Walfer huet de President vum SNPGL, Pascal Riquier dann och een zimlech heftegen Ugrëff géint d‘Direktioun vun der Police an der Justiz geridden. Kee gutt Hoer huet hien um Generaldirekter Philippe Schrantz gelooss. A grad deen hat de Minister gewielt, fir d‘Reform ëmzesetzen.

Den Direkter sollt allerdéngs och nees „Rou“ an eng Police bréngen, déi sech anscheinend weder vun der Bommeleeër-Affär, nach vun der Entloossung vum Pierre Reuland (2008) oder der Pensionéierung vum Romain Nettgen (2015) erholl huet.

Fir de Pascal Riquier ass ersiichtlech, datt dat net gelongen ass. Hie stellt fest, datt d‘Offizéier sech arrogant an ofweisend géintiwwer dem „einfache“ Polizist presentéieren. An dem Adjoint vum Direkter, dem Donat Donven, gëtt carrement Muechtmëssbrauch virgeworf.

An der Rou läit d‘Kraaft

A senger gutt Annerhallefstonn laanger Ried huet de President vum SNPGL vu ville Mëssstänn an Inkoherenz beriicht. Dat ganzt ouni den Toun ze hiewen, an ouni mam Fanger op déi sëllechen Deputéiert ze weisen, déi eng Plaz an der éischter Rei reservéiert kruten.

Et wier un der Zäit deem ganze Gemauschels en Enn ze bereeden, mat deem et méiglech ass ouni „Gefor“ d‘Gesetzer an d‘Reglementer ze ëmgoen. An de Pascal Riquier wéist däitlech op déi Schëlleg hin: et wieren d‘Offizéier, déi mat der Ënnerstëtzung vun der Justiz, alles géifen dru setzen, fir den SNPGL ze diskreditéieren an ausenaner ze rappen.

Den SNPGL wier no der Liesaart vun der Direktioun vun der Police, an och der Associatioun vun de Police-Offizéier (ACSP), vill ze staark an aflossräich ginn. Op dat eleng als Grond kann duer goe fir en interne Krich ze féieren, muss d‘Regierung beäntwerten.

An d‘ACSP, déi mam SNPGL an dem SPCPG (Zivilt Personal), eng vun den dräi Personalvertriedunge vun der Police ass, huet es gëschter och zolidd ëm d‘Ouere kritt. Schold dorunner soll e Bréif sinn, dee schlussendlech beim SNPGL gelant, a voller Ligen ass, déi eenzeg zum Zweck hunn, Onrou an den SNPGL ze bréngen.

Politesch Réckendeckung

Fir hir Fuerderungen duerchgesat ze kréien, an och déi gewënschte Rou nees am Policecorps erëmzefannen, setzt den SNPGL seng Hoffnungen op déi zwee sozialistesch Minister, den Etienne Schneider an den Dan Kersch. Am Géigenzuch distanzéiert sech den SNPGL vun der Direktioun vun der Police an dem Justizminister.

De Felix Braz (déi gréng) huet sech och onbeléift gemaach, wëll hien net bereet war Positioun ze ergräifen, wien sech dann an Zukunft ëm de Gefaangenentransport soll këmmeren. Fir den SNPGL eng Aufgab déi ganz eleng am Beräich vun de Giischtje läit. Bleift dësen „Optrag“ bei der Police hänken, geet et sech Personaltechnesch net méi op.

Elo da läit de Ball emol am Lager vun der Politik. An där gëtt de Pascal Riquier mat op de Wee: „D‘Trennung vun de Muechte gëtt et oder och net. Léif Politiker dat ass elo är Entscheedung“. Domatter dierft engem da kloer ginn, datt déi néideg Reform vun der Police nach net gedoen ass. Dobäi enthält se villes, mat deem d‘Polizisten esou kënnen averstane sinn.

Ähnlech Sujeten ACSP, Dan Kersch, Etienne Schneider, Felix Braz, Police, SNPGL, SPCPG
Nächsten Artikel Virrechten Artikel