Search

You may also like

Däitschland: Eng „lénk“ Beweegung géint d‘Migratioun?
Meenung Neiegkeeten

Däitschland: Eng „lénk“ Beweegung géint d‘Migratioun?

Eng nei politesch Beweegung déi dem lénke Spektrum zougeschriwwe gëtt,

35 Joer Noël de la Rue um Fieldgen
Meenung Neiegkeeten

35 Joer Noël de la Rue um Fieldgen

Solidaritéit an Traditioun, Matgefill a Mënschlechkeet, dat sinn d‘Atoute vum

D‘Nationalbibliothéik plënnert
Meenung Neiegkeeten

D‘Nationalbibliothéik plënnert

Plënneren, datt kennt ee vun doheem (oder Frënn) an dat

Editorial: Generatioun C&K – e revolutionäre Gedanken

Editorial: Generatioun C&K – e revolutionäre Gedanken

Jonk sinn ass a Krisenzäiten wuel eppes komplizéiert, woubäi et net domadder gedoen ass, wéi den Emmanuel Macron et gemaach huet, ze soen: „et ass net ideal 20 Joer an dësen Zäiten ze hunn“ an da mat eidelen Hänn do ze stoen, well et ass net „eng“ Kris. Gutt den Ament féiert deen houere Coronavirus Covid19 d‘Krisen-Charts un, mee dorunner stierwe jo nëmmen déi ganz al… gedu?

An esou wëllen sech weder Teenager nach d‘Twens hir kulturell Fräiheeten – Party an Austausch vu Kierperflëssegkeeten – beschneide loossen. Op si domadder Recht hunn oder och net, ass wierklech net relevant, well et einfach zu hirem Wiese gehéiert, Widderstand ze leeschten an déi eege Grenzen ze erfuerschen. Zudeem huet d‘Looser-Generatioun si aus „Grënn“ net op de Super-Gau virbereet.

Wann déi Mënschen, wou fir Erzéiung (Elteren), Bildung (Enseignanten), Demokratieverständnis (Politik) net säit den 90er op ganzer Linn versot hätten, an eigentlech just dem Geld, net awer dem sozialen Zesummenhalt nogelaf wieren, géif vläicht op si gelauschtert. An de Covid19, deen och de wirtschaftlechen Armageddon am Gepäck huet, ass wierklech de Jonken hire geréngste Problem.

Si – also zumindest déi jonk Mënsche wou sech dem „liesen & schreiwen“ net verweigert hunn – erkennen datt d‘Klimakris dee wierkleche Problem ass. Mee de Klima gëtt vu Mënschen ignoréiert, déi net nëmme giereg an al sinn, mee egoistesch a respektlos. Jo si wësse ganz genee, datt si sollte reagéieren, mee de Fric an d‘Muecht, déi dëse verléint, ermontert si d‘Jugend ze hypothekéieren.

Jonk Mënsche rebelléiere folgerichteg – leider net an deem Mooss dat noutwenneg wier – a wéi sengerzäit an den 30er, gëtt nach séier Party gemaach, iert et zum grousse Stierwe kënnt. Bänker, Konzernbosser (mat hiren Aktionären) a ganz besonnesch d‘Politiker sinn tatsächlech bereet, net nëmmen d‘Gesondheet vun de Mënschen, mee direkt de ganze Planéit fir hir Privilegien ze afferen.

A jo, et wäert, wa mat der Excuse: „mir mussen elo emol déi sanitär Kris an de Grëff kréien, an mussen eis Wirtschaft (si mengen hire Profit) retten“ näischt géint de Klimawandel ënnerholl ginn. Genee esou wéineg wéi eppes géint d’Fluchtursaachen, de Rassismus (besonnesch de sougenannten institutionaliséierten) an déi krichsdreiwend Autokraten ënnerholl gëtt, well Fric ze maachen ass.

All déi onasiichteg „al“ Männer a Fraen aus Politik a Wirtschaft wëssen, datt et ouni ee globale gesellschaftleche Wandel, fir 99% vun der Mënschheet keng Zukunft gëtt. Si zielen sech zum leschte privilegiéierte Prozent. Aus dësem gudde Grond wier d‘Generatioun Corona & Klima ganz gutt beroden, elo – a sécherlech net eréischt muer – déi eegen Zukunft an de Grapp ze huelen

Illustratioun: © tiwi / unsplash

Related topics Covid19- Kris, Generatioun Klima, Klimanoutstand, Revolutioun, Wirtschaftskris
Next post Previous post