Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Réimech seet d‘Kavalkad of
Neiegkeeten

Réimech seet d‘Kavalkad of

No der „Escher Fuesent“ ass et och um Réimecher Fuesent-Comité

Ee Bléck hannert d’Kulissen: Besonnesche Besuch bei Jos & Jean-Marie
Neiegkeeten

Ee Bléck hannert d’Kulissen: Besonnesche Besuch bei Jos & Jean-Marie

Ee gudde Croissant gefälleg, oder dach léiwer eng frësch Schockelasrull?

D‘Strooss ass keng Rennstreck!
Neiegkeeten

D‘Strooss ass keng Rennstreck!

D‘Fréijoer ass zu Lëtzebuerg ukomm a mat him dat gutt

Generatioun Klima: Esou soll den Iwwergang vereinfacht ginn!

Generatioun Klima: Esou soll den Iwwergang vereinfacht ginn!

Nodeems een um 6. Dezember 2019 seng grouss Linnen zur Klimapolitik bestëmmt huet, presentéiert d’Regierung elo säi Programm mat Moossnamen, déi den energeteschen an ekologeschen Iwwergang, ganz no de Virgaben vun der Europäescher Unioun, vereinfache soll. All Memberlänner solle fir d’Period tëscht 2021 an 2030 een nationale Plang a Saachen Energie a Klima (PNEC) opstellen.

Op enger 200 Säiten leet een de Wee fest a féiert een neit Instrument an, fir d’Klimapolitik besser ze plangen an ze verfollegen. Zil ass et déi energetesch Transitioun an Effikassitéit ze verbesseren an ze beschleunegen, erneierbar Energien ze fërderen an eng nohalteg Mobilitéit ze ënnerstëtzen. Vum 12. Februar bis den 29. Mäerz 2020 ënnerläit de Projet der ëffentlecher Consultatioun.

Ambitiéis Ziler

Fir d’Klimakris op nationalem Niveau unzegoen wëll Lëtzebuerg an alle Secteuren d’Zäregasemissioune bis 2030 ëm 55 % reduzéieren. D’Joer 2005 soll dobäi als Referenz déngen. Erneierbar Energie sollen vun 11 % am Joer 2020 op 25 % bis 2030 gesteigert ginn. Ma mat dësen ambitiéisen Ziler, déi als „onëmgänglech“ zur totaler Klimaneutralitéit bis 2050 beschriwwe ginn, positionéiert Lëtzebuerg sech um europäeschen Niveau ganz vir.

De sougenannte Klimabonus

D’Moossname vun der Regierung goufe vun Experten op hiert Potential an hiren Impakt analyséiert, concernéieren all Acteuren vun der Gesellschaft a sollen den zukünftege Generatiounen eng besser Liewensqualitéit garantéieren. All Bierger kann a soll aktiv un der Transitioun deelhuelen:

Industrie, Handel a Service

  • Aféierung vun enger nearly zero Norm fir funktionell Gebaier
  • Obligatioun vum solar ready fir nei industriell Gebaier
  • Promotioun vun der grénger Wirtschaft
  • Effikass energetesch Moossname, wéi EEO, de-risking a fräiwëlleg Accorden

Transport

Menagen

  • Fërderung vu Solarenergie
  • Produktioun an Notzung vun eegener Energie ënnerstëtzen
  • Aféierung vun der Norm A+ bei Wunngebaier
  • Reform a Vereinfachung vum Primmesystem fir d’Renovéierung vu Gebaier
  • Speziell Primmen beim Ersetze vu Masuttsheizungen
  • Primmen fir elektreschen Equipement

Energie

  • Promotioun vu Solar- a Wandenergie
  • Entwécklung an der Geothermie
  • Promotioun vu Wiermepompen
  • Keng Subventioune méi fir d’Entfalung vum Gasreseau

Landwirtschaft a Bëscher

  • Reduktioun vun de Methan-Emissiounen
  • Reduktioun vum Stéckstoff als Dünger
  • 20 % biologesch Landwirtschaft bis 2025
  • Primm Klimabonus fir Bëscher

Offall

De Prinzip vum Pollueur-Payeur

Wien d’Ëmwelt verknascht, soll an Zukunft och deementspriechend bezuelen mussen. Fir d’Joer 2021 gëtt de Karbonpräis soumat op 20 € pro Tonn CO2 gehuewen. Beim Diesel bedeit dat eng Hausse vu 5 Cent pro Liter. Fir d’Joren 2022 an 2023 ass dann eng weider Steigerung vu 5 € pro Tonn CO2 geplangt, wat weideren 1,5 Cent pro Liter Diesel entsprécht.

D’Recette ginn uschléissend gläichméisseg op déi verschidde Moossnamen am Kampf géint de Klimawandel opgedeelt.

Ähnlech Sujeten Ekologie, Elektromobilitéit, Energie, Generatioun Klima, Gratis Ëffentlechen Transport, Klimakris, Klimaneutralitéit, Landwirtschaft, Lëtzebuerg, Liewensqualitéit, Null Offall Lëtzebuerg, Regierung, RGTR, Waasserstoff, Zukunft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel