Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg krut am Mäerz 132 nei Demanden fir d’Protection Internationale
reddit dating r4r

Lëtzebuerg krut am Mäerz 132 nei Demanden fir d’Protection Internationale

Während d’Lag sech a Syrien net berouege wëll, kommen och

https://moien.lu/dating-donne-russe/
reddit dating r4r

„Kiwanis History Vehicles“ Meeting zu Zowaasch

Zowaasch ass en ofgeleeënt Dierfchen am déifste Minett an zugläich

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!
reddit dating r4r

Automobilsport an humanitär Hëllef: kee Widdersproch a sech!

Dëse Weekend hat d‘ONG „Hand an Hand fir Afrika“ zu

Generatioun Klima: Optakt vum Klima- an Energieplang

Regierung stellt Klima- an Energieplang an der Abtei Neimënster vir

Generatioun Klima: Optakt vum Klima- an Energieplang

Den 21. Mee 2019 sollt als wichteg Etapp am Entwécklungsprozess vum PNEC (“Plan intégré en matière d’énérgie et de climat pour la période 2021-2030) zielen. Opgrond enger Obligatioun säitens der EU muss all Regierung bis Enn vum Joer en detailléierte Klima- an Energieplang virleeën. En Dënschdeg hu sech Bierger, Politiker a Wirtschaftsleit an der Abtei Neimënster zesummegesat fir a Workshoppe konkret Mesuren zum energeteschen a klimateschen Iwwergang auszeschaffen.

En éierleche “Wow!” ass der grénger Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) am Ufank vun hirer Ried entwutscht. Et hätt ee sech a punkto Klima- an Energieziler vill virgeholl an ugesiichts där grousser Bedeelegung bei dësem Atelier-Dag weist si sech zouversiichtlech, dëse “Laangstreckelaf” gemeinsam ze packen. Nieft hir waren dann och nach den Energieminister Claude Turmes (déi gréng) an iwwerraschenderweis de Pierre Gramegna (DP), sengersäits Finanzminister, mat dobäi.

D’Klimafro wier déi wichtegst Erausfuerderung, bei där jidderee gefuerdert ass, sech fir eise Planéit anzebréngen. D’Ëmweltministesch weist sech dowéinst frou, datt säit kuerzem d’Klimakris vum Regierungsrot och als solch ugeholl gouf, ma eleng e gudde Kader géif an dësem Kontext awer net duergoen. Dofir hätt ee sech op dësem Dag versammelt fir iwwer konkret Léisungen ze diskutéieren, esou d’Carole Dieschbourg.

Generatioun Klima

Weltwäit missten Trillioune fir de Klimaschutz opbruecht ginn, esou de Finanzminister Pierre Gramegna. Niewendrun erhoffe sech déi zwee gréng Ministere Carole Dieschbourg (1. vu riets) an de Claude Turmes (2. vu riets) eng Finanzsprëtz fir de Klima- an Energieplang © Melvin Hatto/moien.lu

Klima- an Energieplang: Déi nächst 10 Joer sinn entscheedend am Klimaschutz

De Claude Turmes huet ze verstoe ginn, datt Lëtzebuerg sech an der Klimafro méi beméie muss an och méi beméie wëll – wéilt ee jo gäre mat guddem Beispill virugoen. Et géif een de Klimaproblem unerkennen an dowéinst eng Reduzéierung vum CO2-Budget vu 50-55% an den nächsten zéng Joer ustriewen (amplaz déi vun der EU-Kommissioun virgeschriwwe 40%). Déi nächst zéng Joer wieren deemno entscheedend am Klimaschutz, esou hie weider.

Dëst wier sou eng grouss Aufgab, datt et e staarken europäesche Kader brauch, och wann dësen nach net perfekt wier, esou de Claude Turmes. Eleng an de leschten dräi Jore wieren zéng Direktiven op europäeschem Niveau ausgeschafft ginn. D’Basis wier soumat geluecht an et wier un der nächster EU-Kommissioun, déi Mesuren ze verschäerfen.

Esou hätt ee beispillsweis en “heroesche” Match géint déi däitsch Automobilindustrie gewonnen. Doduerch, datt d’CO2-Normen esou verschäerft goufen, kéim d’Automobilindustrie an Zukunft net laanscht d’Elektromobilitéit, weist de Claude Turmes sech liicht stolz.

Vun Effizienz an Ultra-Effizienz

Grad well Lëtzebuerg e Land mat engem iwwerduerchschnëttlechen Energieverbrauch ass, wier d’Energie-Effizienz immens wichteg, esou de fréieren EU-Deputéierten. De Staat misst hei bei ëffentlechen Aarbechten a Gebaier mat guddem Beispill virgoen. Zil soll et sinn, Null-Energie-Haiser ze bauen a bei der Mobilitéit gréisstméiglechst op fossil Energien ze verzichten. En duerchaus ambitiéist Ënnerfaangen.

Och bei den zukünftegen Éco-Quartieren hätten d’Leit Prioritéit an net d’Autoen. Et géif een deemno op de Bau vun Déifgarage verzichten an duerch déi geplangte Vernetzung mam ëffentlechen Transport bräicht ee wuel net méi all Dag op den Auto zréck ze gräifen, erkläert de Claude Turmes. Weider kënnegt hien eng “Solar-Offensiv” un: Präisser fir kleng Solaranlage solle verbessert an deemnächst géif nach e Projet fir Groussanlagen ausgeschriwwe ginn.

Des Weidere géife keng zousätzlech Gasleitunge méi geluecht ginn. Zwar wier Gas net grad sou schlëmm wéi de Mazout, ma awer net méi wierklech zäitgeméiss. An Zukunft géif een d’Stroumnetz ausbauen a moderniséieren.

Finanze fir de Klimaschutz mobiliséieren

Mam Pierre Gramegna wéilt ee versichen, och de Bankesecteur op déi “gréng” Säit ze zéien. Weltwäit missten Trillioune fir de Klimaschutz opbruecht ginn, esou de Finanzexpert. Duerch d’Finanzplaz ka Lëtzebuerg wäit iwwert seng Gréisst a seng Beschränkungen eraus eppes dozou bäisteieren.

Bei “gréngen” Investitiounsfonge wier ee weltwäit zimlech uewe positionéiert. Wann et awer ëm gréng Finanzinstrumenter geet, esou ginn et nach munch Saachen ze reegelen, erkläert de Pierre Gramegna. D’EU wier am Gaang véier Direktiven auszeschaffen, déi vu Lëtzebuerg ënnerstëtzt ginn.

Dobäi geet et beispillsweis drëms, “gréng” Investitiounsfonge genau ze definéieren oder wéi de Reporting dovunner soll ausgesinn. Schliisslech misst ee jo kloer Critèren an Instrumenter hunn, wann ee seng Ziler duerno kontrolléiere wéilt.

Wat dann elo bei den eenzelen Atelieren erauskomm ass, soll an dësem Juni an engem Rapport verëffentlecht ginn. Thematesch opgedeelt waren d’Atelieren a folgend Rubriken:

  • Wunnengsbau
  • Mobilitéit
  • Industrie
  • Agrikultur
  • Steierreform
  • Ännerunge vum Liewensstil
Generatioun Klima

Ee vun insgesamt sechs Workshoppen dësen Dag, hei zum Thema “Energetesch Effizienz an der Industrie”. E Rapport vun den Iddie soll dëst Joer am Juni publicéiert ginn. © Melvin Hatto/moien.lu

Opmaacherfoto: A Saache Klimaschutz brauch et e staarken europäesche Kader, deen déi nächst EU-Kommissioun weider verschäerfe misst, esou den Energieminister Claude Turmes © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Carole Dieschbourg, Claude Turmes, Energie- a Klimaplang, Generatioun Klima, Pierre Gramegna
Nächsten Artikel Virrechten Artikel