Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!
Neiegkeeten

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!

Um 22. Mäerz 2019 hunn d’Familljen- an Integratiounsministesch Corrine Cahen,

Den 22. September: Dag vum Timber zu Käl-Téiteng
Neiegkeeten

Den 22. September: Dag vum Timber zu Käl-Téiteng

2018 fënnt den Dag vum Timber an der Schongfabrick zu

Mäertesdag um Härebierg: Mat engem laachenden a kräischenden A
Neiegkeeten

Mäertesdag um Härebierg: Mat engem laachenden a kräischenden A

De Militärzentrum um Dikrecher Härebierg huet un dësem Mëttwochmoien nees

Generell Maskeflicht och am ëffentleche Raum?

Generell Maskeflicht och am ëffentleche Raum?

Bei eise franséischen a belschen Noperen huelen ëmmer méi Buergermeeschter d‘Decisioun och op der Strooss – also am ëffentleche Raum – d‘Droe vun der Mask zur Flicht ze maachen. Och an aner Länner gëtt dës Mesure envisagéiert, hei allerdéngs verstäerkt do wou et sougenannt „Brennpunkte“ gëtt.

Elo kann ee sech iwwert de Sënn an Zweck streiden, mee wann ee beispillsweis e Bléck ganz wäit iwwert d‘Musel werft, a sech virun Ae féiert wéi et ausgesäit wa sech Covidiote wéi Dabo behuelen da kann ee Versteesdemech hunn, datt d‘Autoritéite wéineg bis guer net amuséiert sinn, an zu eppes méi „däitleche“ Wierder an Oplage gräifen. A leider si mir Lëtzebuerger och keng seriéis Referenz.

Och bei eis ginn, datt ass jo elo net méi ze iwwersinn d‘Zuele vun den Neiinfektiounen nees stramm d‘Luucht aus, an dat ass wuel och dem verstäerkten Testen u sech zouzeschreiwen, woubäi een dann awer och muss kucken, wou kënnt et hir? Ënnert de „Positiven“ sinn ëmmer méi jonk Mënschen an do kann een schonn de Verdacht hunn, datt et eppes mam net-Respekt vun de Mesuren ze dinn huet.

D‘Mask, den Ofstand an och soss all aner Gest Barrière ginn zuweilen als eng „Bedreeung“ vun der Fräiheet verkläert wat mindestens esou domm wéi kuerzsiichteg ass. Gutt d‘Kommunikatioun vun der Regierung war vun Ufank un eppes inkoherent an och d‘Covid19-Gesetz ass och net dat beschte Beispill fir eng „kloer Linn“, mee et geet nach ëmmer ëm Mënscheliewen a Verantwortung.

Mat wäit iwwer 650.000 bestätegte Covid19-Affer an e puer Milliounen Infizéierter weltwäit ass de Virus net méi ze dementéieren. En ass iwwerall, an et ass kaum vu Muttwëll, datt deen een oder aneren elo scho vun enger zweeter Well schwätzt. En erneite Confinement wëll dann awer och kee méi musse matmaachen. Et géif also scho Sënn maachen, dat alles eppes méi Eescht ze huelen.

A jo, bei dëse summerlechen Temperature fält et deem engen oder anere méi schwéier. Ënnert der Mask schweesst ee wéi all näischt Gutts, an et muss een d‘Mask zuweilen och ëfters wiesselen. An awer bréngt et méi Schutz wéi Gefor mat sech, wa Mond an Nues bedeckt sinn. An deem Punkt sinn sech jo och d‘Regierung, d‘Koalitiounsparteien, jo esouguer d‘Oppositioun absolutt eens.

Wann een dann elo an de Stroosse vun Nanzeg a Metz, mee och zu Arel oder Baaschtnech muss eng Mask op der Strooss undoen, sollt ee sech zu Lëtzebuerg deem net zwéngend verweigeren, mee och tatsächlech driwwer nodenken, op – zumindest an de Geschäftsstroosse mat groussem Undrang – et net awer besser wier, och op dëse Wee ze goen. Wéi gesot, de Virus ass kee Spaass, fir keen…

Illustratioun: © PixPoetry / unsplash

Ähnlech Sujeten Covid19, Covid19-Gesetz, ëffentleche Raum, Maskeflicht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel