Search

You may also like

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!
Neiegkeeten Stories

CGDIS: Keng Blesséierter bei gréisserem Feier zu Esch-Uelzecht!

Um 17:30 Auer si gëschter eng Zwanzeg Appelle bei de

ProVelo: Gutt Nouvelle fir d‘Cyclisten!
Neiegkeeten Stories

ProVelo: Gutt Nouvelle fir d‘Cyclisten!

Wéi d‘Lëtzebuerger Vëlosinitiativ, déi jo elo „ProVelo Asbl“ genannt muss

dislike
D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer
Neiegkeeten Stories

D‘Diskussioune ronderëm de Wielerwëlle si sënnlos a lenken of vun den eigentleche Problemer

Sou zimlech jiddereen huet mëttlerweil säi Pefferkär bäigeluecht, wann et

Mat verbëtzen ophalen: Elo!

Genial Initiativ zu Tënten an eng grouss Sensibiliséierungscampagne vum Ministère mécht Hoffnung

Mat verbëtzen ophalen: Elo!

Am Kontext vun der grousser Campagne „Zesumme géint d‘Verschwendung“ ass gëschter zu Tënten vum Landwirtschaftsminister ee ganz interessante Pilotprojet virgestallt ginn. Et huet natierlech och Informatiounen zur Campagne selwer ginn, an mam Reseau vun de Jugendherbergen ass eng Konventioun ënnerschriwwe ginn. Matmaachen a sech informéiere wier eng gutt Saach.

A senger Ried huet de Landwirtschaftsminister Romain Schneider op de Lancement vun der neier Campagne „Zesumme géint d‘Verschwendung“ higewisen. Déi leeft déi nächst Woch un a soll sech bis an den Dezember zéien. Verschwendung, besonnesch vu Liewensmëttel geet eis all eppes un an e verantwortlechen Ëmgang sollt eis eng Prioritéit sinn, och am Kontext vum Klimawandel.

Tënten

Den Ament nach e Pilotprojet, muer scho vläicht am ganze Land ze gesinn: den flotten an fir jiddereen zougänglechen Antiverschwendungsfrigo beim Veräinsbau zu Tënten. A hei eng Partie Acteuren déi dat Ganzt méiglech gemaach hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

124 Kg Iesswuere pro Awunner landen an der Dreckskëscht an dat misst, oder besser ausgedréckt, dierft net sinn. A wann de Minister doranner 124 Grënn erkennt eppes dergéint ze ënnerhuelen, dann ass et schwéier him ze widderspriechen. A wa mir eis dorobber verstännege kënnen, datt mir all vill derzou bäidroe kënne wann e puer Gewunnechte bei Säite geluecht ginn, ass en Ufank do…

Wat een alles maache ka fir dëser riseger Erausfuerderung gerecht ze ginn, sollt een awer net musse mat enger Campagne de Leit an Erënnerung ruffen. Mee de Mënsch ass zolidd kuerzsiichteg an seng Prioritéiten hu vill mam eegenen „Ego“ ze dinn. Dobäi sollt all Kand wëssen: Mat Iesse spillt een net. Vill Erwuessener si vum Alldag esou gestresst, datt si dëse Message net méi weiderginn.

Mam gudde Beispill Virgoen

A wann d‘Individue Scheiklappen ophunn, muss et Initiative ginn, déi derzou bäidroen, datt et besser gëtt. Esou eng Initiativ gëtt et an den „Antiverschwendungsfrigo“ beim Veräinsbau zu Tënten ass ee wonnerschéint Beispill. Fir den Ament handelt et sech bei dëser Aktioun nach ëm e Pilotprojet, mee wéi de Minister sot: „Wiem d‘Iddi gefält soll se iwwerhuelen“.

Wat et mat dësem Antiverschwendungsfrigo op sech huet, dat huet e Freideg de President vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen, Romain Weis, erkläert. Hien an all seng Mataarbechter an de villen Haiser uechtert Land si stänneg beméit esouvill Offall wéi méiglech ze vermeiden, besonnesch an der Kichen ass dat awer eng Erausfuerderung. D‘Jugendherberg vun Huelmes hat do eng Iddi.

All Dag ginn e sëlleche Platen an der Kichen hiergestallt an natierlech gëtt es ëmmer méi gemaach, wéi es um Enn verbraucht gëtt. Dësen „Iwwerschoss“ einfach an d‘Dreckskëscht ze knuppen, dat wollten d‘Leit vun der Jugendherberg Huelmes net méi. Et ass sech also iwwerluecht ginn, wéi een deem wierksam entgéintwierke kann. A wann et och sozial wier, dann hätt een et richteg ugepaakt.

Vun der Iddi bis zur Ëmsetzung waren et e puer Schrëtt. Wéi kann et dat realiséieren a wat bedeit et un Opwand a Käschten. Esou eng Initiativ sollt jo och wirtschaftlech vertrietbar an nohalteg sinn. Esou koum de Virschlag e Frigo am Selfservice opzestellen, an deem ee virbereete Platen (et muss een den Inhalt just kuerz an der Mikrowell opwiermen) géint e butzege Beitrag kann enthuelen.

Ideal am ländleche Raum

Elo sollt een awer och wëssen, datt zu Huelmes ronn 80.000 Iessen am Joer hiergestallt ginn. Dat huet bis ewell 20 Tonnen „allgemengen“ Offall mat sech bruecht. Dat gouf sech méi genee ugekuckt a festgestallt, datt 50% dovunner reellen Offall ass, an déi aner Hallschent net misst an der Dreckskëscht landen. An esou ass lues a lues d‘Initiativ Antiverschwendungsfrigo gewuess.

Zanter dem 2. September ass de Frigo am Asaz. 512 Platen konnten un d‘Bierger weidergereecht ginn (Käschtepunkt pro Plat: 3 Euro). Dovunner sinn der nach siwen iwwreg bliwwen, wat so och beweist datt et eng Demande gëtt. Kleng Anekdot dozou: Aacht Platen sinn net bezuelt ginn, an awer war um Enn méi Goss an der Keess wéi es „gefuerdert“ war. D‘Welt ass eben eppes verréckt.

Tënten

Well d‘Benotzung vu Regionalprodukter och eng Prioritéit bei der Zoubereedung vun de Platen an de Jugendherbergen huet, war de Minister Romain Schneider duebel frou, mam President vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen Asbl, Romain Weis, eng Antiverschwendung-Charta ze signéieren. © Martine de Lagardère/moien.lu

Elo soll sech och d‘Kichen aus dem Mariendall bedeelegen. Dat mécht esouguer duebel Sënn. Och hei gëtt et en Iwwerschoss an hir „Offer“ ass a gewësser Moos „komplementar“ wëll et hei nëmme vegetaresch Platen gëtt. Domatter géif den Antiverschwendungsfrigo zu Tënten déi ganz Bandbreet vun der gastronomescher Offer ofdecken. An dat wéi gesot fir ganzer 3 Euro fir e Plat…

De Jonke Buergermeeschter vun der Fusiounsgemeng Helperknapp, Frank Conrad, ass natierlech immens Frou, datt dëse Pilotprojet a senger Gemeng konnt lancéiert ginn an och vum Ministère ganz tatkräfteg ënnerstëtzt gëtt. Fir d‘Leit aus der Gemeng wier et eng Plus-value an et gëtt gutt ugeholl. Hie géif sech dann och, grad wéi de Minister freeën, wann anerer et och géife maachen.

Foto: Wien no engem laangen Aarbechtsdag vun der Schaff heem kënnt, net och nach Loscht huet sech eng Stonn mat „Kachen a Brachen“ ofzeginn, oder méiglecherweis och just nëmmen en eidele Frigo säi „eege“ nennt, dee ass frou datt et do e Frigo gëtt, deen him „entgéint“ kënnt. Fir 3 Euro gëtt et eng lecker Portioun Owesiessen an et huet derzou bäigedroen, eppes géint d‘Verbëtze vu Liewensmëttel gemaach ze hunn. Och dat ass effizient Ressource geschount. © Martine de Lagardère.lu

Related topics Antiverschwendungsfrigo, Huelmes, Jugendherbergen, Landwirtschaftsministère, Romain Schneider
Next post Previous post