Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislikesurprise
Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?
International Neiegkeeten

Wéi steet et ëm d’Panorama-Fräiheet zu Lëtzebuerg?

Et ass nach net esou laang hier datt Thema iwwert

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil
International Neiegkeeten

maddi.lu – den Online Magazin fir Häerz a Séil

Vergaangene Freideg gouf den éischte Lifestyle Magazin vu Lëtzebuerg virgestallt:

Irma huet Barbuda voll erwëscht
International Neiegkeeten

Irma huet Barbuda voll erwëscht

Haiser déi sech „opgléist“ hunn, Geschäfter opgerappt, Palmen entwuerzelt: Nodeems

Däitschland: D‘Genossen entscheeden sech fir eng grouss Koalitioun

Däitschland: D‘Genossen entscheeden sech fir eng grouss Koalitioun

Op de Choix e gudde war, dat léisst sech op den éischte Bléck esou net ëmschreiwen. Sécher ass just, datt d‘Membere vun der SPD eng Zweckentscheedung fir déi grouss Koalitioun (GroKo) getraff hunn. Mee bei der Parteiféierung geet elo drëms, och nees d‘Häerzer vun de Militanten a Memberen zréckzegewannen.

Um Sonndeg huet den Interim-Virsëtzenden Olaf Scholz zesumme mam Tresorier, Dietmar Nietan, sichtlech fräi vun Emotiounen, verkënnt: „Mir hunn elo Kloerheet“. Gemengt ass domatter, datt d‘SPD an eng „nei“ Regierung wäert antrieden. Wien sech op en Ausdrock vu Freed, jo esouguer e Laachen agestallt hat, dee sollt awer enttäuscht ginn.

An dat obwuel d‘Membere mat 66% GroKo-Zoustëmmung eigentlech fir gutt Laun beim Parteivirstand sollte gesuergt hunn. Hei muss dann drop higewise ginn, datt d‘Wiel fir eng GroKo, zumindest gesinn et d‘Experten esou, eng Verstandsentscheedung ass. Eng Häerzensugeleeënheet dierft d‘GroKo fir déi mannste Parteimembere sinn.

Hei huet also de Kapp sech géint d‘Häerz duerchgesat, an dat ass dann och net wierklech e gudde Grond ze feieren. Esou brauch et net vill Versteesdemech fir ze verstoen, datt den Olaf Scholz um Sonndeg net mat gréisster Begeeschterung opgetrueden ass. Ze grouss sinn dann och d‘Differenzen tëscht der Spëtzt an der Basis.

Wat kënnt elo?

Elo wou d‘GroKo entscheet ass, ass et haut um Bundespresident Frank-Walter Steinmeier (SPD) d‘Angela Merkel als Kanzlerin virzeschloen. D‘Wahl vun der Kanzlerin an d‘Vereedegung vun der neier Regierung sollt de 14. Mäerz stattfannen. Esou zumindest huet et gëschter de Fraktiounschef vun der Unioun, Volker Kauder, am Bericht aus Berlin ugekënnegt.

Nach haut de Moie kënnt zu Berlin den CDU-Präsidium zesummen, wou iwwert déi nächst Schrëtt berode gëtt. Parallel dozou, trëfft sech zu München den CSU-Virstand. Hei dierft et drëms goe festzeleeën, wien als Minister an der neier Regierung e Wiertche matzeschwätze kritt. Woubäi se zu München och d‘Iwwergab vum Amt vum Ministerpresident mussen an d‘Wee leeden.

Bis ewell ass just gewosst, datt den Horst Seehofer Inneminister gëtt, an och zoustänneg vir Heemecht a Logement soll sinn. Bei de Ressorte Verkéier an Entwécklung, gëtt et direkt dräi Kandidaten: den Andreas Scheuer (Generalsekretär), d‘Dorothee Bär (Vizepresidentin) an den aktuellen Entwécklungsminister Gerd Müller.

Bei de Sozialdemokraten hält een am Moment de Ball nach flaach. D‘Fraktiounscheffin Andrea Nahles soll d‘Nimm vun de Kandidate fir e Ministerposten den 12. Mäerz bekannt ginn. Ob de Sigmar Gabriel dann nach emol als Ausseminister genannt wäert ginn? Bis dohinner ass just sécher, datt den Olaf Scholz Vizekanzler a Finanzminister gëtt.

Foto: Den Olaf Scholz (riets) an den Dietmar Nietan hunn um Sonndeg d‘Resultat zur Ofstëmmung vun den SPD-Memberen fir déi grouss Koalitioun bekannt ginn. Mat 66% fir eng GroKo, wier mat Verstand an net mam Häerz ofgestëmmt ginn. © Michael Kappeler/dpa/AFP

Ähnlech Sujeten Andrea Nahles, Angela Merkel, Bundestag, Koalitioun, Olaf Scholz, Sigmar Gabriel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel