Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dës Buergermeeschteren a Schäffen sinn am Inneministère vereedegt ginn
International Neiegkeeten

Dës Buergermeeschteren a Schäffen sinn am Inneministère vereedegt ginn

Um Mëttwoch sinn am Inneministère 11 nei Buergermeeschter an 23

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs
International Neiegkeeten

De „Relais fir d‘Liewen“: de Laf géint de Kriibs

Fir déi 14. Ausgab vum „Relais fir d‘Liewen“ haten sech

Dem BoJo säin haarde Brexit bereet de Brite Kappzerbrieches
International Neiegkeeten

Dem BoJo säin haarde Brexit bereet de Brite Kappzerbrieches

D‘Sunday Times bericht um haidege Sonndeg mat Bezuch op Regierungsënnerlagen,

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord

US-Senat benennt Genozid un Armenier als Vëlkermord

Nom Representantenhaus huet elo och den US-Senat de Genozid un den Armenier am osmanesche Räich als Vëlkermord unerkannt. Tëscht 1915 an 1917 haten d‘Osmanen (haut sinn et Tierken) bis zu annerhallef Millioun Armenier ëmbruecht.

ArmenierDéi vum Representantenhaus Enn Oktober gestëmmte Resolutioun, hat zu Ankara fir Onmutt, jo fir Roserei gesuergt. De Sultan huet nees den USA mat Suitten an anere Folge gedreet, mee et huet näischt gehollef. Obwuel den Donald Trump ee grousse Fan vum Recep Tayyip Erdogan ass, hunn d‘Republikaner – si hunn d‘Majoritéit am Senat – mat den Demokraten eestëmmeg d‘Resolutioun ugeholl. Domatter ass aktéiert, datt d‘USA de Genozid un den Armenier als Vëlkermord erkennen.

Et war den demokratesche Senateur Bob Menendez, deen d‘Resolutioun an de Senat gedroen huet a konnt sech uschléissend via Twitter freeën: „De Senat huet sech erhuewe fir d‘Geschicht ze bestätegen. Wat sengerzäit geschitt ass war ganz sécher ee Vëlkermord. Et gëtt dofir keen anert Wuert. Et ass keen Euphemismus. Dat huet dem Milliardär säi „Copain“, den Demokrat Adam Schiff ermontert den US-President opzefuerderen, sech dem Kongress elo och unzeschléissen.

ArmenierWährend dem éischte Weltkrich, waren d‘Armenier vun den Osmane systematesch verfollegt ginn an op Doudesmärsch duerch d‘Wüst gejot ginn. Heibäi si bis zu annerhallef Millioun Mënsche regelrecht verrecke gelooss ginn. D‘Tierkei, d‘Nofolgerin vum osmanescher Räich, erkennt un, datt e puer honnert Dausend Mënschen am éischte Weltkrich zu Dout komm sinn, a bedauert datt et sech dobäi haaptsächlech ëm Armenier gehandelt huet. Dat e Vëlkermord ze nenne wier iwwerdriwwen.

Elo huet awer och d‘Resolutioun vum US-Senat beschtefalls Symbolcharakter. Et verflicht zu guer näischt, dierft sech awer op d‘Bezéiungen – diplomatesch wéi wirtschaftlech – auswierken. Woubäi d‘Tierkei net wierklech an der Positioun ass sech mat Washington unzeleeën, schonn emol guer net nodeems si als NATO-Partner bei de Russe Waffesystemer akafen. Eng offiziell Reaktioun huet et zur Stonn dann och net ginn. Woubäi de Wuertlaut vun der Reklamatioun och keen interesséiert…

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten Armenier, Bob Menendez, Genozid, US-Senat, Vëlkermord
Nächsten Artikel Virrechten Artikel