„We are Equal“: D‘Stereotyppen iwwerwannen
Et gëtt Mesuren déi Noutwenneg sinn an engem Awer ze
Et gëtt Mesuren déi Noutwenneg sinn an engem Awer ze
Datt de Familljeministère ënnert der Leedung vum Corinne Cahen net
Op Vältesdag war de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, a Begleedung vun
Leider ginn et hautdesdaags nach ëmmer Mënschen, déi alles dofir maache fir net opzefalen. Fir sécher Heem ze kommen. Nee, si hunn keng Angscht virun engem Iwwerfall, si fäerten d’Police. An dat just, well si déi falsch Hautfaarf hunn. Do kéint ech kräischen!
Den George Floyd war en 46 Joer alen Afroamerikaner, dee wärend enger Policekontroll ëm d’Liewe komm ass. Hien war Frënd, Papp a Bopa, en hat e Liewen. Eng vu senge leschte Wierder waren: “Wann ech gelift, ech kann net ootmen!”
Leider wäerten dës Zeilen an d’Geschicht agoen an näischt änneren. Ass och d’Rosa Parks fir näischt op senger Plaz sëtze bliwwen?
Virun engem gudde Joer hunn ech dem Angie Thomas säi Buch The hate you give gelies, et huet mech matgeholl. Ech war iwwert Zoustänn schockéiert.
Mir léieren d’Starr kennen. Hatt ass een aussergewéinlecht Meedchen, seng Eltere loossen hatt an eng Privatschoul goen – esou bleift hatt der Kriminalitéit a sengem Quartier aus de Féiss. Mir léieren och seng Famill kennen, seng Frënn, d’Liewen am ‚Ghetto‘ an d’Bandekriminalitéit.
Ech war iwwerwältegt duerch de familiären Zesummenhalt, deen een dacks ze gesi kritt huet.
No enger Party gëtt dem Starr säi beschte Frënd, de Kahlil wärend enger Policekontroll erschoss – vun engem wäisse Polizist, hien huet sech bedreet gefillt.
Dës fiktiv Geschicht ass leider vill ze real, wa mir d’Noriichte kucken, verléiert een de Glawen un d’Mënschheet. Ech hu mam Starr getrauert, hatt a seng Famill si mir Säit fir Säit méi sympathesch ginn. Si hunn alles gemaach, fir d’Starr ze schütze – mä wat ass dat Richtegt?
Sech sécher fillen? Ass et net besser d’Ongerechtegkeet eraus ze jäizen?
D’Bewunner aus dem Quartier wëlle Gerechtegkeet! Geet dat sou einfach, wéi se mengen? Ass se mat Gewalt verbonnen? Natierlech – et kënnt zu beängschtegenden Onrouen.
D’Autorin huet d’Buch realistesch geschriwwen, wann ee weess, wou si hierkënnt, kann een sech gutt virstellen, dass si genee weess, wéi sech Schëss unhéieren!
D’Buch reegt zum Nodenken un – ass et wierklech néideg, dass donkelhäiteg Kanner vun hiren Elteren opgekläert musse ginn? Wéi mussen si sech verhalen, wann d’Police se unhält? Traureg! Erschreckend. Et ass Diskriminéierung – mir Mënschen hunn eis dach weider entwéckelt.
Oder net? Wéini ass den Haass an d’Mësstrauen eis eng Léier?
Opmaacherbild: © Mike Von / Unsplash