Search

You may also like

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag fir de Bausecteur (endlech) erneiert

Wéi et um Dënschdeg vun de Gewerkschafte LCGB an OGBL

Treffen am Vatikan: De Poopst Franziskus bestäerkt Fairtrade International
Neiegkeeten

Treffen am Vatikan: De Poopst Franziskus bestäerkt Fairtrade International

Dës Woch duerft eng Delegatioun vu Fairtrade International bei enger

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890
Neiegkeeten

Plang vun der Stad Lëtzebuerg aus dem Joer 1890

De Jean-Pierre Biermann, gebuer de 15. Dezember 1842 zu Klierf, gestuerwen den 3. Juli 1908 an der Stad Lëtzebuerg,

Geriicht verurteelt Pyroman zu 4 Joer feste Prisong

Geriicht verurteelt Pyroman zu 4 Joer feste Prisong

Viru knapp zwee Joer, am Fréijoer 2018, hat et bannent 24 Stonnen zwee Feier zu Esch-Uelzecht ginn, a séier war geséchert, datt dës e kriminellen Ursprong haten. D‘Zankerten hunn och séier eng verdächteg Persoun kënnen ausmaachen… mee eent nom aneren.

An de ganz fréie Mueresstonne vum 31. Mäerz, huet an der Bielesser-Strooss ee Motorrad gebrannt an d‘Flamen hu meterhéich laanscht der Fassade vun dengem Appartementshaus géint den Himmel gereecht. D‘Lag war bedreelech genuch, datt d‘Pompjeeën eng Evakuéierung vum Haus virgeholl hunn. Kengem vun den zéng Awunner ass heibäi ee Leed geschitt.

Keng 24 Stonnen drop, Rebelotte. Och matten an der Nuecht um 1. Abrëll, war et dës Kéier een Auto den d‘Affer vum Feierdäiwel sollt ginn. Op der Beneluxplaz (also net wäit vun der Bielesser-Strooss ewech) war et ee Seat Ibiza dee vun de Pompjeeën huet misse geläscht ginn. De Ugeklote war vun der Police um 5. Abrëll festgeholl ginn an si sollten net enttäuscht ginn. De 50 järege José P. hat tatsächlech net manner wéi 15 Briqueten am Rucksak…

Datt d‘Zankerten dësem Mann esou séier op d‘Spur komm sinn, ass der Iwwerwaachungskamera vun der Apdikt geschëlt. De Beschëllegten – keen onbekannten – war eendeiteg ze identifizéieren. De Mann hat sech schonn 2016 viru Geriicht fir ee geluechte Feier (hir war iwwerfouert ginn ee Camion an der Groussgaass zu Esch-Uelzecht a brand gestach ze hunn) ze veräntwerten, war awer mat 30 Méint integralem Sursis nach emol laanscht de Prisong komm.

Et war en „Accident“

Géintiwwer dem Geriicht huet de Mann zouginn, dat et méiglecherweis seng Schold kéint sinn, datt de Seat a Flamen opgaangen ass. Et wier esou gewiescht, erkläert de José P. dem Geriicht, datt hie beim sengem Spadséiergang „Nuesbludden“ hat an d‘Blutt mat enger Fatz ofgewëscht hätt. Ouni weider nozedenken, also méi aus Reflex, hätt hien uschléissend säin Zigarettestomp an d‘Fatz gewéckelt, déi hien – natierlech – ouni Absicht a Richtung dem Auto ewechgehäit huet.

Blöd hei, déi béis Videoopnam, déi d‘Polizisten op d‘Spur vum Mann bruecht huet. An dësem Clip ass de José P. net nëmmen däitlech ze erkennen, mee dee vun him geschëlderte Virgank dauert keng 20 Sekonnen. An esouvill Zäit bréicht et net fir mat engem vun de sëlleche Briqueten eng Fatz ze entzünden an op d‘Gefier ze werfen; mengt jiddefalls d‘Riichterin. Zudeem gouf bei der Analys och festgestallt, datt déi „Fatz“ mat engem Brandbeschleuneger getränkt war.

Den Expert-Psychiater dee vum Geriicht beoptraagt war, sech mam Mann ausenanerzesetzen huet de 50 järegen als Pyroman beschriwwen. Seng Vergaangenheet, wéi och d‘Proximitéit vun de Virfäll zu senger Wunneng, géifen dorobber hiweisen. D‘Riichterin huet de Mann, deem kee weidere Sursis kann zougestane ginn, dann och entspriechend Veruerteelt.

Nieft de 4 Joer feste Prisong, muss de José P. seng Affer elo entschiedegen. Déi dräi Zivilparteien hunn: fir de Moto 1.000, den Auto 2.500 an fir d‘Assurance déi sech dem Schued un der Fassad ugeholl huet, 24.557 Euro zougesprach kritt. Dozou kommen nach emol fir all Partei 250 Euro Prozedurentschiedegung. De veruerteelte Pyroman, deen zanter senger Verhaftung an Untersuchungshaft sëtzt, huet 40 Deeg Zäit d‘Uerteel ze kontestéieren.

Illustratioun: TeeFarm / Pixabay

Related topics Esch-Uelzecht, Geriicht, Police, Pyroman, Verurteelung
Next post Previous post