Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemeng Biwer – Avis fir de Public: Urbanismus
https://moien.lu/free-plus-size-dating-sites-canada/ Neiegkeeten

destiny 2 trials of the nine matchmaking

A senger Sëtzung vum 18. Mäerz 2019, huet de Gemengerot

https://moien.lu/willow-pape-dating/
https://moien.lu/free-plus-size-dating-sites-canada/ Neiegkeeten

Dës Buergermeeschteren a Schäffen sinn am Inneministère vereedegt ginn

Um Mëttwoch sinn am Inneministère 11 nei Buergermeeschter an 23

Dammefussball 18. Spilldag: D‘Damme vum SC Ell zu Beetebuerg ënnerleeën
https://moien.lu/free-plus-size-dating-sites-canada/ Neiegkeeten

Dammefussball 18. Spilldag: D‘Damme vum SC Ell zu Beetebuerg ënnerleeën

Samschdeg 19 Auer, den Arbitter päift d‘Renconter tëscht dem SC

Geriichtsprozess statt Integratioun

Italienesche Buergermeeschter wéinst Begënschtegung vun illegaler Awanderung viru Geriicht

Geriichtsprozess statt Integratioun

D‘Duerf Riace (Kalabrien) mat sengem Buergermeeschter war an der ganzer Welt bekannt als Beispill fir d‘Integratioun vu Migranten. No de Wahlen 2018, wo sech d‘Italiener fir eng nei Regierung mat populistescher Ausriichtung entscheet haten, sollt et dem Projet un den Hals goen.

Schonn am Oktober d‘lescht Joer, knapps datt den Inneminister Matteo Salvini (Lega Nord) säin Amt ugetrueden hat, war d‘Uerder erdeelt ginn, d‘Migranten an „Opfankstrukturen“ verwise ginn an de Buergermeeschter, Mimo Lucano, gouf verhaft. Him ass de Virworf gemaach ginn, illegalen Awanderer zu „wäissen Hochzäiten“ verhollef ze hunn. Haut kritt hien de Prozess gemaach…

Buergermeeschter

Am Abrëll hat sech den ieweschte Geriichtshaff zum „Fall“ geäussert, a vill vun de Virwërf géint de Buergermeeschter hu kaum Bestand, esou datt de Mimo Lucano fräi gelooss gouf, an als Kandidat fir d‘EU-Parlament zougelooss ginn ass. D‘Awänn vum ieweschte Geriichtshaff halen de Procureur vu Locri awer net dovunner of, de Buergermeeschter a 26 Matugekloten de Prozess ze maachen.

Legal, illegal…

Esouwäit d‘Virwërf bekannt sinn, sollen déi Beschëllegt wéinst „Begënschtegung vun illegaler Awanderung“ an net wéinst „Verstéiss géint d‘Vergab vu kommunalen Déngschtleeschtungen“ ugeklot ginn. De fréiere Buergermeeschter vu Riace ass dann awer frou, datt et endlech lassgeet.

Buergermeeschter

Virum Prozess huet de Mimo Lucano gemengt: „Ech sinn der Meenung datt all Bierger Feeler maache kënnen. Aus dëser Siicht ass d‘Enquête déi gemaach gouf, ganz an der Rei. Elo muss d‘Verhandlung feststellen ob ech schëlleg oder onschëlleg sinn“.

Net méi gutt ze maachen

Datt de Buergermeeschter vu Riace soll gehollef hunn „wäiss Hochzäiten“ ze organiséieren, wat illegalen Awanderer dozou verhollef hätt dierfen an Italien ze bleiwen, ass den Haaptvirworf vum Procureur. Weider gëtt dem Mimo Lucano zur Laascht geluecht, den Optrag vun der Offallentsuergung ouni regulär Ausschreiwung un eng Sozial-Kooperativ verginn ze hunn.

Buergermeeschter

Notéiere mir dann och nach, datt d‘Entscheedung vum ieweschte Geriichtshaff, net gläichbedeitend ass mat der Onschold vun den Ugekloten. Domatter ass den Ausgang vum Prozess weiderhin ongewëss. Fest steet, datt no 8 Méint am „Exil“ dem Mimo Lucano säi Projet net méi ze retten ass.

An och wann den ieweschte Geriichtshaff geuerteelt huet, datt all déi betraffe Persounen zu Onrecht „fortgeschéckt“ goufen, déi Schierbele loossen sech net méi verbannen. D‘Schoul ass ofgeschaaft, déi multiethnesch Spillschoul zou an d‘Atelieren si verweest. Am Duerf selwer, wou „fréier“ an de Gaassen eng weider lass war, huet sech Resignatioun breet gemaach. En Chance gouf verginn…

mat indymedia/rom

Foto: De fréiere Buergermeeschter vu Riace, Mimo Lucano. Säi Kampf géint d‘Maueren an de Käpp huet hie verluer. Bleift ze hoffen datt hie säi Prozess gewënnt. © Tamara Green

Ähnlech Sujeten Geriichtsprozess, Illegal Migratioun, Lega Nord, Matteo Salvini, Mimmo Lucano, Riace, wäiss Hochzäiten
Nächsten Artikel Virrechten Artikel