Frankräich: Mat klenge Schrëtter a Richtung Neistart
An enger laanger Sëtzung huet de franséische Premierminister Edouard Philippe
An enger laanger Sëtzung huet de franséische Premierminister Edouard Philippe
Zum 70 Gebuertsdag vun der NATO huet d’Friddens a Solidaritéitsplattform
Hir Collagen an aner Mëschtechnike sinn eng gekonnt Kombinatioun aus Fuerschung, Experiment an Zoufall. Vu gesammelten an zerrappten Zeitunge bis hin zu Faarf a Lack, déi ëmmer (nei) beschafft ginn, stralen déi eenzel Elementer vum Germaine Hoffmann als Kompositioun vereent, eng Individualitéit an Intensitéit aus, déi den enorme Kreatiouns- a Wëssensduuscht vun der Kënschtlerin representéieren.
Dobäi huet d’Germaine Hoffmann sech vun Ufank u vun Trends an Aflëss fräigemaach a gëtt de Wierker esou d’Méiglechkeet, sech am Zäitgenësseschen ze beweegen an ze entfalen.
Et ass d’Begéinung vun zwou Perséinlechkeeten an zwou Ausstellungen – déi vum Germaine Hoffmann um Rez-de-chaussée an déi vum Sophie Jung um éischte Stack – déi et erméiglechen eng breet kënschtleresch Affinitéit ze entdecken, déi béid Fraen iwwert Generatiounen ewech verbannen.
D’Ausstellung ass ab dem 3. Oktober all Dag vun 11:00 bis 19:00 Auer op. Dënschdes ass de Casino Luxembourg zou, Donneschdeg dofir bis 21:00 Auer op.
1930 zu Osper gebuer lieft a schafft si zu Lëtzebuerg. Vun 1968 bis 1998 huet si verschidden Owescourse beluecht an huet un der Summerakademie deelgeholl, fir sech mat verschidde Konschttechnike vertraut ze maachen. Am Laf vun der Zäit huet d’Germaine Hoffmann hire Stil ëmmer weider verfeinert.
Vun einfachen Zeitungscollagen goung et hin zu enger Mëschung aus Collage a Molerei, déi op lackéiertem Holz hir Plaz fannen an esou nach eng speziell Textur kréien. D’Germaine Hoffmann huet, am Kader vun Eenzel- a Sammelausstellungen, schonn an Däitschland, Ungarn, Schweden, Frankräich, der Belsch, Italien, Holland a Polen hir Wierker presentéiert.
Opmaacherbild © Germaine Hoffmann