Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ART3F Luxembourg – ee Muss fir Konschtfans!
dragons den uk dating app radiocarbon dating canada

dating or hookup sites

De Kierchbierg ass nees kreativ, faarweg an extravagant ënnerwee! Nach

https://moien.lu/dating-in-high-school-stories/
dragons den uk dating app radiocarbon dating canada

Virschléi vun der Fedil fir d‘Gewerkschaften inakzeptabel

Nodeems et den 29. November eng Verhandlungsronn mat de Gewerkschafte

What the Fakt – Haut ass de griichesche Feierdag vun der Fra
dragons den uk dating app radiocarbon dating canada

What the Fakt – Haut ass de griichesche Feierdag vun der Fra

All Joer gëtt um 8. Januar d’Fest mam Numm „Yinekokratia“,

dislike

Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba

Trump-Administratioun beschränkt Geschäftsbezéiunge mat Kuba

Um Mëttwoch huet Washington matgedeelt d‘Geschäftsbezéiungen tëscht amerikaneschen a kubaneschen Entreprisen anzeschränken. Den Donald Trump huet domatter déi vum Barack Obama ageleete Politik vun der Entspanung mat Kuba revidéiert.

„Mir hunn eis Kuba-Politik iwwerduecht, fir déi wirtschaftlech Zesummenaarbecht vun der Arméi ewech ze halen an d‘Regierung ze ermontere méi politesch a ekonomesch Fräiheete fir d‘Bierger anzeféieren“, huet den US-Wirtschaftsminister Steven Munchin an engem Communiqué erkläert.

Dës Reegelen trieden haut a Kraaft an hunn zum Zweck, déi vum fréiere President Obama ageleeten Erliichterung vun den Handelsbezéiungen, „vun der Arméi, dem Geheimdéngscht an de Sécherheetsdéngschter“ ofzekoppelen. Et soll awer weiderhin den Amerikaner méiglech sinn „Kuba ze bereesen an déi kleng Privatfirmaen op der karibescher Insel ze ënnerstëtzen“.

De State Department huet dann eng Lëscht vun Entreprise verëffentlecht, déi vun enger vun de genannte Regierungsorganisatioune „kontrolléiert“ ginn. Mat deenen dierfen d‘Amerikaner, bis op Ausnamen, keng direkt Finanztransaktiounen duerchféieren.

Dorënner d‘GAESA (Armed Forces Business Group) e Mëschkonzern deen e groussen Deel vun der Tourismusindustrie kontrolléiert. E Secteur dee matten am Wuesstem stécht. Heivunner direkt betraff sinn Hoteller wéi de Kempiniski, Iberostar oder Melia, déi fir d‘amerikanesch Touristen elo „verbuede“ gi sinn.

Nach um Mëttwochowend huet Havanna dee vu Washington ageleete Réckschlag an de Bezéiungen tëscht béide Länner bedauert. Säit den Donald Trump am Amt ass, wieren och op diplomateschem Niveau d‘Bezéiungen “äiseg“, wat op d‘Verschäerfung vum säit 1962 bestoenden Embargo zeréckzeféieren ass.

„Dës Mesure wäerten der kubanescher Wirtschaft schueden, am private wéi am ëffentleche Secteur“, esou d‘Reaktioun vum Josefina Vidal, verantwortlech fir d‘Bezéiunge mat den USA am Ausseministère. Si bedauert dann och, datt dës Moossnamen esouwuel den US-Entreprisen „Opportunitéiten“ verwiert, wéi den US-Bierger d‘Reesen no Kuba erschwéiert.

Eng néi Äiszäit

An den Dispositiounen déi um Mëttwoch verëffentlecht gi sinn, ass dann och ze erkennen, datt et Aschränkunge fir „kulturell“ motivéiert Reesen op déi kommunistesch Insel gëtt. Dat war bis ewell ëmmer e „Grond“ fir dierfen Tourismus op Kuba ze maache. Dat geet elo nëmmen nach „ënnert der Fierderféierung vun enger Organisatioun déi hire Sëtz an den USA huet“.

Den Donald Trump hat dës symbolesch „Trennung“, vum Barack Obama ageleete Rapprochement am Juni bekannt ginn. De fréieren US-President hat sech fir besser Bezéiunge mat Kuba agesat, wat och déi historesch Visite zu Havanna am Mäerz 2016 sollt däitlech maachen. De republikanesche Milliardär hat do awer net déi jonk diplomatesch Bezéiungen ageschloss.

Déi hunn sech am Summer verschlechtert. Dat no enger mysteriéiser Affär vun „akusteschen Ugrëff“, déi d‘Gesondheet vu 24 amerikaneschen Diplomaten zu Havanna soll „beschiedegt“ hunn. Ouni an der Lag ze sinn ze bestëmmen, wien den Auteur ass oder wéi dës Ugrëff verlaf sinn, beschëllegt Washington Kuba net fir d‘Sécherheet vun den Diplomate gesuergt ze hunn.

D‘USA hunn hiert Personal zanterhier op Kuba drastesch reduzéiert, an eng ganz Partie kubanesch Diplomaten aus Amerika verwisen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Kuba, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel